Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du d’Gemeng Mamer?
hook up ng grill https://moien.lu/hook-up-boss/

beauty dating

Mamer huet eng immens laang a räich Geschicht. Vill grouss

https://moien.lu/how-do-i-know-if-he-just-wants-to-hook-up/
hook up ng grill https://moien.lu/hook-up-boss/

Venom Prison, Bury Tomorrow a Parkway Drive: Metalcore-Bommen am Atelier!

Kee Wonner, datt dëse Concert schonn no esou kuerzer Zäit

CID Fraen an Gender – Schlagzeile mat Folgen
hook up ng grill https://moien.lu/hook-up-boss/

CID Fraen an Gender – Schlagzeile mat Folgen

D’Gläichheet vum Akommes ass erreecht. Op alle Fall huet den

Allianz fir Klimaschutz a géint Atomkraaft

Allianz fir Klimaschutz a géint Atomkraaft

Beim dësjäregen Treffe vun der däitscher Ëmweltministerin um 29. an 30. Abrëll zu Münster stoungen déi international Klimaschutzpolitik an déi verstäerkt Zesummenaarbecht am Anti-Atomberäich am Virdergrond.Mat dobäi war och eis Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, d’Dominique Hasler aus dem Regierungsrot Liechtenstein, déi éisträichesch Ëmweltministesch Elisabeth Köstinger an d’Simonetta Sommaruga aus dem Schwäizer Bundesrat.

D’Ministerinnen hu sech am Virfeld vun der kommender UN-Klimakonferenz COP25 zu Santiago (Chile) am Dezember 2019 iwwert de Stand vun de Verhandlungen zur Ëmsetzung vum Paräisser Klimaofkommes an zum Fortschrëtt vum Klimaschutz ausgetosch. Et besteet Konsens, datt de fir September geplangten Nohaltegkeetssommet an de Klimasommet vum VN-Generalsekretär wichteg Schrëtt um Wee zum COP25 sinn, fir verschidde global Diskussiounssträng mateneen ze verbannen an neie Schwong an d’Klimadiskussioun ze bréngen. D’EU-Ministerinne ware sech eeneg, datt d’EU op der Basis vum Virschlag vun der Europäescher Kommissioun geschwënn eng ambitionéiert laangfristeg Strategie fir de Klimaschutz entwéckele muss.

Allianz fir Klimaschutz

© Ute Grabowsky/photothek/BMU

Zesumme géint d’Atomkraaft

An dësem Zesummenhang vertrieden d’Ministerinnen d’Opfaassung, datt d’Atomkraaft an enger klimafrëndlecher an domat och dreiwhausgasneutraler Energieversuergung duerch seng Risiken a Käschte keng Roll méi spille kann. An dësem Joer hu si sech och mat de Froen zur Atomenergienotzung an Europa an d’Erausfuerderunge fir Staaten, an deene keng Atomkraaftwierker bedriwwe ginn oder déi aus der Notzung vun Atomenergie austrieden, ausenaner gesat.

An Éisträich, zu Lëtzebuerg a Liechtenstein war ni een Atomkraaftwierk a Betrib, wärend an der Schwäiz an, an Däitschland den Ausstig beschloss ginn ass. D’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg sot: „Mir hunn eis dorop gëeenegt de Kampf géint d’Atomkraaft grenziwwerschreidend ze verstäerken.“

Allianz fir Klimaschutz

(v.l.n.r.) Dominique Hasler, Regierungsrätin (Liechtenstein); Svenja Schulze, Bundesëmweltministesch (Däitschland); Carole Dieschbourg, Ëmweltministesch© Ute Grabowsky/photothek/BMU

Méi Kooperatioun am Waasserschutz

Am Beräich vun der Waasserwirtschaft an dem Waasserschutz ass iwwert d’Verbesserung vun der internationaler Zesummenaarbecht zum Schutz vu grenziwwerschreidende Gewässer diskutéiert ginn. Besonnesch d’Fëschduerchgängegkeet am Rhäinanzuchsgebitt, sou wéi d’Virbereedunge vun der Rhäinministerkonferenz am Februar 2020 zu Amsterdam waren dobäi Thema. D’Ministerinnen hu sech zudeem fir eng ambitionéiert Ëmsetzung vun den EU-Waasserrichtlinnen als zentraalt Element vun der europäescher Waasserpolitik bis 2027 an eng Fortféierung vun de Richtlinnen iwwert d’Joer 2027 hinaus ausgeschwat.

Och fir gemeinsam Usäz an der Chemikalienpolitik an hir Bedeitung zum Schutz vun der Gesondheet sinn diskutéiert ginn. D’Bundesëmweltministerin Schulze huet hir Kolleginnen zur 5. Internationaler Konferenz zum Chemikalienmanagement (ICCM5) am Oktober 2020 zu Bonn agelueden.

Als Ofschloss huet d’Bundesëmweltministerin hir Kolleginnen iwwert d’Planung fir déi däitsch EU-Rotspresidentschaft am 2. Hallefjoer 2020 informéiert. Den Ëmweltministère wäert de Schwéierpunkt op d’Thema Digitaliséierung an Nohaltegkeet leeën.

Opmaacherbild: © Ute Grabowsky/photothek/BMU 

Ähnlech Sujeten Atomkraaft, Carole Dieschbourg, COP25, Dominique Hasler, Ëmweltministesch, Klimaschutz, Münster, Svenja Schulze
Nächsten Artikel Virrechten Artikel