Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Wat e Gedeessems mat deem Brexit
International Stories

Editorial: Wat e Gedeessems mat deem Brexit

Zu Salzburg, beim informellen EU-Sommet vun de Staatscheffen, do huet

Eng voll Dagesuerdnung am Stater Gemengerot
International Stories

Eng voll Dagesuerdnung am Stater Gemengerot

Am Stater Gemengerot war et eng éischter länger Sëtzung mat

coollove
Galerie: Visite vun der Protex zu Lëntgen a de Pompjeeë vu Miersch
International Stories

Galerie: Visite vun der Protex zu Lëntgen a de Pompjeeë vu Miersch

Um Donneschdeg Ware mir mam Inneminister Dan Kersch op Visite

Eng Allianz tëscht dem Turban an Hummer a Séchel

Eng Allianz tëscht dem Turban an Hummer a Séchel

Fir déi éischte Kéier an der Geschicht vum Irak, huet sech de schwaarzen Turban vun de reliéise Schiiten – déi vu sech behaapte vum Prophet Mahomet ofzestamen – mam Hummer an der Séchel vun de Kommunisten zesummegedoen. Dat a Kader vun de legislative Walen am Mee.

Zum grousse Mëssfale vu senge Matstreider, huet den turbulente Chef vun de Schiiten, Moqtada Sadr, deen enger laanger Linn vu reliéise Leader entstaamt, entscheet mat de Kommunisten zesummen an de Wahlkampf ze goen. Kommunisten déi de Moqtada Sadr nach gëschter verdaamt huet. Si wiere vum Däiwel geschéckt, Mënschen ouni Gott, déi e laizistesche Staat wëllen.

„Dës Allianz ass eng Première am Irak. Et ass eng Revolutioun vun den Iraker fir Reformen. Op se laizistesch sinn, wéi d‘Kommunisten, oder Unhänger vun engem moderéierten Islam“, erkläert den Ibrahim al-Jaberi, verantwortlech fir d‘Manifestatiounen op der Säit vun de Sadristen.

E markant roude Baart, schwaarzen Turban a Bischt, esou ass de 34 järege Militant all Freides op der Tahrir-Plaz zu Bagdad. Hei federéiert hien all Freideg honnerte Manifestanten, déi sech géint d‘Regierungspolitik ausdrécken. „Mir sinn vun dëser Allianz net iwwerrascht, well mir säit zwee Joer an alle Provënzen zesumme géint de Konfessionalismus virginn“, esou den Ibrahim al-Jaberi.

De Mouvement selwer ass am Juli 2015 entstanen. Et war op Initiativ vu Militanten aus der Zivilgesellschaft, deenen sech spéider d‘Sadristen ugeschloss hunn, wou d‘Leit ugefaangen hunn Reformen ze fuerderen. Si setzen sech an géint Korruptioun a fir e besseren ëffentlechen Déngscht.

„D‘Revendicatiounen hate kee konfessionelle Charakter. Se sti fir e Rechtsstaat, Zivil a Biergerlech“, erkläert den Raëd Fahmi, Sekretär vun der kommunistescher Partei vum Irak (ICP). „Dat wichtegst ass, datt et erméiglecht huet, datt Leit aus dem islamistesche Lager a laizistesch Mënsche kënnen zesummeschaffen“.

Fir jiddereen op

„Eng Kooperatioun war gebuer. Tëscht Leit déi esou gesinn, ideologesch näischt Gemeinsames hunn. An dunn huet et sech zu enger politescher Allianz entwéckelt“, erzielt de Raëd Fahmi a sengem Büro, wou nieft dem roude Fändel mat Hummer a Séchel, och deen irakeschen hänkt, op deem ze liesen ass: „Gott ass grouss“.

D‘Allianz: „De Marsch fir d‘Reformen“ besteet aus sechs Formatiounen déi majoritär laizistesch sinn. Dorënner den ICP an Istiqama (riets), eng Partei vun Technokraten déi vum Moqtada Sadr ënnerstëtzt ginn. Deen huet och säi parlamentaresche Grupp Ahrar suspendéiert an seng 33 Deputéiert opgeruff, sech net fir d‘Wahle vum 12. Mee opzestellen. Den ICP huet bis elo een eenzegt Mandat.

An d‘Bild dat engem op der Tahrir-Plaz begéint huet eppes: Fraen an hirem Tschador begéinen anere Fraen ouni Kappduch mat engem Laachen awer ouni ze schwätzen. Et gëtt ganz a schwaarz gekleete Männer an déi mat engem „Costume-Krawatt“ Outfit.

„D‘Allianz u sech ass net verwonnerlech. Déi politesch Ausriichtung vun de Sadristen ass op fir jiddereen. Fir mech ass et kloer, datt mir een eenzegt Vollek mat engem eenzege Fändel sinn“, verséchert eis de Qassem Mozam, en Doléiner vun 42 Joer.

Turban

De Raëd Fahmi, Sekretär vun der kommunistescher Partei vum Irak ass iwwerzeegt, datt hei eng stabil Allianz entstanen ass, déi iwwer ideologesch Grenzen ewech, op ee gemeinsamt Zil hischaffe kann. © Ahmad al-Rubaye/AFP

Dobäi war de Moqtada Sadr (44), als populistesche Leader net ganz esou ökumenesch wéi hie seng politesch Carrière ugefaangen huet. Dat war direkt no der amerikanescher Invasioun 2003. Seng Miliz, d‘Arméi vum Mahdi, gëtt beschëllegt tëscht 2003 an 2008 honnerte Sunnitten ëmbruecht ze hunn.

Dem Sadr selwer gëtt nogesot, datt hien de Mord u sengem Géigner, Abdel Majid al-Khoei an Optrag soll ginn hunn. Seng Miliz hat et dann och haaptsächlech op Bistroen a Homosexueller ofgesinn, bis de Moqtada Sadr den Uerder ginn huet, domatter opzehalen.

D‘Flemm mat der Korruptioun

Fir d‘Nadia Nasser, eng 43 järeg Enseignante am Tschador ass „d‘Objektiv vum Mouvement, déi elle Käpp auszetauschen déi eis säit 14 Joer regéieren. Ech hunn es sat vun där ganzer korrupter Band. Ech si fir dës Allianz, well ech nei Gesiichter wëll“.

Mat engem breede Laachen am Gesiicht, erënnert sech de Jassem al-Hilfi (58), de kommunistesche Coordinateur vun de Manifestatiounen, un déi éischte Kéier wou hien dem Moqtada Sadr begéint ass. Dat war 2015 an der helleger schiitescher Stad Nadjaf. „Mir haten him eis Projete virgestallt, mat deene mir géint d‘Korruptioun virgoen an en ziville Staat aus Wahle kënne schafen. Hien hat eis nogelauschtert a gesot hie wier bereet mat ze schaffen“. Zanterhier gesi si sech all zwou Wochen.

Fir de Sekretär vum ICP ass et dann och net esou einfach: „verschiddener soen datt et onméiglech wier Laizisten a Gleeweger zesumme schaffen ze doen. Mee et ass jo och keng ideologesch Allianz, jiddereen däerf seng Iwwerzeegung behalen.

Et ass dann awer esou, datt déi aner schiitesch Parteien, déi wou an der Regierung sëtzen, d‘Allianz als „skandaléis“ an „onverantwortlech“ bezeechnen. „Si hunn eis de Krich erkläert a benotzen hir Televisiounschaînen fir eis bei de Leit ze diskreditéieren. Dat ass de Beweis vun der Schwächt vun de Korrupten an eiser Stäerkt“, esou den Ibrahim al-Jaberi.

mam Sammy Ketz/AFP

Foto: Den Ibrahim al-Jaberi, e Sadrist vun der éischter Stonn, gesäit kee Widdersproch an der Allianz tëscht engem reliéis-politesche Mouvement an der kommunistescher Partei. © Ahmad al-Rubaye/AFP

Ähnlech Sujeten Irak, Kommunisten, Moqtada Sadr, Raëd Fahmi, Schiiten, Wahlen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel