Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gutt Nouvelle fir d‘Salariée beim Staat
https://moien.lu/dating-xhosa-woman/ Neiegkeeten pressure to hook up in college

best dating blogs 2017

Fir d‘Aarbechter beim Staat (net d‘Fonctionnairen) fänkt d‘Woch gutt un.

https://moien.lu/catfishing-dating-stories/
https://moien.lu/dating-xhosa-woman/ Neiegkeeten pressure to hook up in college

Russland weist als Géigeschlag 60 amerikanesch Diplomaten aus

Nom Uschlag op e fréiere russesche Spioun, sinn uechtert d‘Welt

Lëtzebuerger Arméi keeft zwee Multifunktionshelikopter
https://moien.lu/dating-xhosa-woman/ Neiegkeeten pressure to hook up in college

Lëtzebuerger Arméi keeft zwee Multifunktionshelikopter

E Freideg huet de Vizepremier a Verdeedegungsminister Etienne Schneider (LSAP)

Alpakaen als Waff fir d’Kriibsfuerschung?

Alpakaen als Waff fir d’Kriibsfuerschung?

D’Notzdéier aus Peru gesäit net nëmmen immens léif aus, och an der Kriibsfuerschung wëll een d’Alpakaen elo zur Hëllef zéien. Déi pelzeg Véierbeener hunn nämlech eenzegaarteg Antikierper a sech, déi am Kampf géint déi elle Krankheet nëtzlech kéinte ginn.

Mat enger speziell Impfung, déi Eewäisstoffer enthält, produzéiert de Kierper vum Alpaka als Reaktioun vum Immunsystem besonnesch Antikierper. D’Proteiner vum Immunsystem vun dësen Déieren si kleng an einfach opgebaut. Am Labo loossen si sech immens gutt upassen a gi vun de Fuerscher och nach „Nanobodies“ genannt. Generell kann een mat dësen Antikierper beispillsweis verschidden Infektiounskrankheete stoppen.

Unhand vun dësem Wëssen huet elo ee Fuerscherteam aus Boston decidéiert, d’Alpakaen am Kampf géint de Kriibs anzesetzen. Dem Patient ginn dofir Immunzellen ewechgeholl an esou modifizéiert, datt den Tumor attackéiert gëtt. D’Ekipp ronderëm den Immunolog Hidde Ploegh wëll an enger éischter Phas d’Therapie fir Hauttumoren an Darmkriibs erméiglechen.

Bei Versich u Mais huet een d’Antikierpere modifizéiert an den Nager nees agesat. D’Resultat war, datt de Kriibs direkt attackéiert ginn an den Tumor méi lues gewuess ass. Ob d’Experiment och beim Mënsch funktionéiert ass bis ewell net gewosst. Als éischt plangen d’Fuerscher dofir Versich beim Gaalen- a Bauchspeicheldrüsekriibs.

Alpakaen

Eng reell Chance?

Generell ginn all Joer dausende Versuchsdéieren agesat, fir d’Antikierper a groussem Moossstaw ze produzéieren. D’Nanobodies vum Alpaka kënnen dogéint duerch eng kleng Bluttprouf gewonnen a spéider am Labo mat Hëllef vu Bakterië reproduzéiert ginn. D’Ulrike Teichmann, Leedering bei der Déierenhaltung am Max-Planck-Insitut fir biophysikalesch Chimie ënnersträicht, datt den Agrëff fir d’Déier onbedenklech ass.

Dës weideren erkläert si, datt zwee Méint no der Impfung ongeféier 100 Milliliter Blutt vum Alpaka ofgezaapt ginn. Dat entsprécht ronn ee Fënneftel vun der mënschlecher Bluttspend. Direkt nom Agrëff kann d’Déier zeréck bei seng Aartgenossen.

Ähnlech Sujeten Alpakaen, Antikierper, Bluttspend, Fuerschung, Hidde Ploegh, Kriibs, Peru
Nächsten Artikel Virrechten Artikel