Search

You may also like

Fir een Europa ouni Grenzen an ouni Passéierschäin
Neiegkeeten

Fir een Europa ouni Grenzen an ouni Passéierschäin

Saar-Lor-Lux Internationale, eng Vereenegung vu Vertrieder vu sozialdemokrateschen a sozialistesche

The Punisher mécht et engem net liicht, mee ass awer eng eescht an déif Serie, déi et der Wäert ass
Neiegkeeten

The Punisher mécht et engem net liicht, mee ass awer eng eescht an déif Serie, déi et der Wäert ass

Et ass net déi éischte Kéier, datt een sech um

Ob Handwierk oder Industrie, fir den Dan Kersch gëtt et net einfach
Neiegkeeten

Ob Handwierk oder Industrie, fir den Dan Kersch gëtt et net einfach

Um Donneschdeg hat den Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP), eng éischt

D’ALSF mat neier Hotline fir schwanger Fraen a Mamme mat Puppelchen

Betrëfft: Koordinatioun vun der Hiewansaarbecht am liberale Secteur

D’ALSF mat neier Hotline fir schwanger Fraen a Mamme mat Puppelchen

D’ALSF (Association Luxembourgeoise des Sages-Femmes) deelt mat, datt eng speziell Hotline fir all schwanger Fraen, wéi och all Mammen déi grad hire Puppelche kritt hunn, ageriicht ginn ass. Ënnert der Telefonsnummer 621 630 218 oder iwwert Email-Adress alsf@pt.lu kréie Fraen, déi an dëser Zäit vun Onsécherheet duerch d’Coronakris geplot sinn, entspriechend Informatiounen an Hëllef gebueden.

D’Hotline erlaabt et, d’Aarbecht vun den Hiewanen méi effikass ze koordinéieren. Diploméiert Hiewane offréieren eng professionell Berodung wärend der Schwangerschaft, bereeden d’Fra op d’Gebuert fir a betreien d’Mamm an hire Puppelchen doheem.

Fir d’Gefor, sech mam COVID-19 unzestiechen, op ee Minimum erofzeschrauwen, reduzéieren d’Spideeler am Moment den Openthalt vu Mamm a Kand no der Gebuert esou wäit et geet. D´ALSF wënscht sech eng gutt Zesummenaarbecht tëschent de Klinicken an de fräiberufflechen Hiewanen.

Schonn an den éischte 24 Stonnen no der Gebuert kënnen déi liberal Hiewanen doheem d’Mamm an d’Kand betreien, an dat sou laang wéi et och néideg ass. D´Hiewane bidde wärend der Coronakris Téléconsultatioun/telefonesch Consultatioun un. Fir dat ze erméiglechen, huet d’CNS hinnen en Ofrechnungscode zur Verfügung gestallt.

Folgend Prestatiounen, ginn ënnert anerem ugebueden:

  • Téléconsultatioun wärend der Schwangerschaft an no der Gebuert
  • Consultatioune via Telefon wärend Schwangerschaft an no der Gebuert
  • Online-Gebuertsvirbereedungscoursen
  • Betreiung Doheem no der Gebuert duerch eng Hiewan
  • Stëllberodung
Hiewanen

© ALSF

Just fir Kloerheet ze schafen

Hiewanen ënnerstëtzen a begleeden an autonomer Aart a Weis d’Fraen wärend der Schwangerschaft, beim Accouchement an no der Gebuert vum Kand. Liberal Hiewanen besichen déi zukünfteg Mammen Doheem an iwwerhuelen déi komplett Prise en Charge, also och d’Bluttanalysen an d’Verschreiwe vu Medikamenter, wa si déi noutwenneg Qualifikatioun dofir hunn.

Déi nei Hotline, déi ënnert der Telefonsnummer 621 630 218 all Dag vun 9 bis 17 Auer erreechbar ass, erméiglecht den einfache Kontakt vu Fraen, déi schnell vun enger Hiewan betreit musse ginn. Weider Informatioune ginn et op alsf.lu.

Opmaacherbild: © Luma Pimentel / Unsplash

Related topics ALSF, Association Luxembourgeoise des Sages-Femmes, Coronakris, Hiewan, Mamm, Puppelchen, Schwangerschaft
Next post Previous post