Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – den Internationale Fraendag
International Neiegkeeten

What the Fakt – den Internationale Fraendag

All Joer gëtt um 8. Mäerz den internationalen Dag vun

Wat gëtt aus dem Atomofkommes mam Iran? En Interview mam Robert Malley
International Neiegkeeten

Wat gëtt aus dem Atomofkommes mam Iran? En Interview mam Robert Malley

Fir de fréiere Beroder vum US-President Barack Obama, a US-Ënnerhändler

D‘Piraten, d‘adr an e Shitstorm dee wéineg gutt Argumenter huet
International Neiegkeeten

D‘Piraten, d‘adr an e Shitstorm dee wéineg gutt Argumenter huet

Säit d‘Deputéiert vun de Pirate bekannt ginn hunn, datt si

D‘Alternativ fir Däitschland sicht no enger Alternativ fir Europa

Europa-Parteidag vun der AfD beréit Dexit-Zeenario

D‘Alternativ fir Däitschland sicht no enger Alternativ fir Europa

2019 ass d‘Joer vun den Europawahlen, an nach iert et lass geet, schéngen sech d‘Euroskeptiker an Däitschland eens: „et muss aus dësem Veräin ausgetruede ginn“. Beim groussen Europa-Parteidag vun der „Alternative für Deutschland“ (AfD), zu Riesa (Sachsen) war genee dësen Austrëtt – deen dann „Dexit“ genannt gëtt – en zentralen Diskussiounspunkt.

Elo wëllen d‘AfD-Politiker, well et jo och ëm vill Geld geet, awer onbedéngt un den Europawahlen deel huelen. Et wäerten sech also ee puer Gescheiter aus dem Veräi geduecht hunn: „wa mir elo hei um Europa-Parteidag e feste Kalenner fir den däitschen EU-Austrëtt entscheeden, firwat soll dann een eis Kandidate fir d‘Europaparlament wielen?“ E festen Datum fir den Dexit ass ausbliwwen…

Radikal realistesch oder nëmme Kräizdomm?

Interessant, d‘Programmkommissioun vun der AfD leet eng Resolutioun vir, aus där ervirgeet, wat déi däitsch Populiste vun Europa am ganzen, a Bréissel am besonneschen, halen, nämlech éischter näischt. Esou heescht et: „Sollt sech d‘EU bis zum Enn vun der nächster Legislaturperiod, also bis 2024, net am Sënn vun der AfD reforméieren, da soll Däitschland austrieden“.

Zu Riesa awer, huet sech d‘Parteispëtzt géint e „feste Kalenner“ entscheet. An et ass de Parteichef, Alexander Gauland, selwer, deen dës „politesch Sprangprëssessioun“ erkläert. Esou vergläicht hien eng méiglech EU-Reform, mam buere vun décke Brieder. Esou eng Reform léisst sech nu emol net vun haut op muer ëmsetzen, do hunn anerer och e Wuert mat ze diskutéieren, net nëmmen d‘AfD.

An dësem Sënn huet den Alexander Gauland seng Truppen zu méi „Realismus“ animéiert, a sech – fir den Ament zumindest ëffentlech – géint en Austrëtt aus der europäescher Unioun ausgeschwat. „Mir sollten eis net op e Wee vun der Ongewëssheet beginn. Do virdru wëll ech warnen“, betount den AfD-Parteichef, an erhält fir dës Ausso stoenden Applaus. Un der Iddi selwer geet festgehalen.

Dat eegent Hiem ass engem ëmmer am nächsten

Den EU-Spëtzekandidat vun der AfD, Jörg Meuthen, en erkläerte Faschist an EU-Géigner, huet um Parteidag e Kompromëss virgeluecht. An dësem seet den Euroskeptiker: „Eng Festleeung op fënnef Joer sollt aus dem Programm gestrach ginn, déi ass ze geféierlech. Domatter wier d‘AfD gebonnen a fënnef Joer den Dexit ze fuerderen“. Si schéngen also decidéiert d‘EU vu bannen ze zerstéieren.

Als „alternativ“ Formuléierung schléit de Jörg Meuthen vir: „(…) d‘EU sollt sech an ugemoosser Zäit reforméieren“. Doriwwer kéint ee sech amuséieren, leider ass et net lëschteg, well natierlech erkläert sech de politeschen AfD-Genius bereet, den Dexit als „noutwenneg“ ze bezeechnen, falls et net zur EU-Reform kënnt, wéi se vun der AfD gewënscht, gefuerdert an ausgeschafft ginn ass.

All Stëmm fir d‘AfD ass eng Stëmm géint Europa

Bei den uschléissenden Diskussiounen, hu sech laang Schlaange virum Mikro opgedoen, an esouvill Intelligenz op engem Koup, war den Ëmstänn entspriechend net erwaart ginn. Et huet Luef a Kritik un der Parteileedung ginn, an d‘Definitioun vu „Realistesch“ ass villfälteg mee ënnerschiddlech agesat ginn. De Punkt geet un d‘Ausso: „Et ass onrealistesch ze gleewen d‘EU wier reforméierbar“.

Zu gudder Lescht ass et fir d‘AfD-Parteispëtzt awer nach zum politeschen Happy-End komm. Bei der Ofstëmmung ass de Passus „Dexit a fënnef Joer“ gestrach ginn. Dat ännert un der politescher Motivatioun vun enger Partei déi Europa ofschafe wëll, näischt, ausser datt all Dabo dee se zu Bréissel ënnerbruecht kréien, vill Geld dofir erhält, den europäesche Gedanken ze sabotéieren.

Et sollt ee sech, och wa Verännerungen tatsächlech néideg wieren, dann och net vun de Fuerderunge vun enger AfD zu falsche Schlëss verleede loossen. Si fuerderen eng radikal EU-Reform, déi net de Mënsch berécksiichtegt, mee fir Nationalismus steet an bis hin zur Ofschafung vum EU-Parlament geet. De Programm zur EU-Wahl ass vun enger iwwerzeegender Majoritéit ugeholl ginn.

Europa

Foto: Weder den AfD-Parteichef Alexander Gauland, nach den AfD Spëtzekandidat fir d‘EU-Wahl, Jörg Meuthen, si gewëllt den europäesche Gedanken ze droen. D‘AfD huet kloer an däitlech an hirem Programm fir d‘Europawahlen, d‘Fuerderung zum Währungsaustrëtt an eng Ofso un d‘EU-Baussen- a Verdeedegungspolitik stoen. Si wëlle mam Geld vun der EU d‘EU zerstéieren. © AfD

Ähnlech Sujeten AfD, Alexander Gauland, Alternativ fir Däitschland, Austrëtt, Dexit, Euro, Europawahlen 2019, Faschismus, Jörg Meuthen, Populismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel