Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kirgisistan: Eng Mumie, de Minister an d‘Hellseher
Stories

Kirgisistan: Eng Mumie, de Minister an d‘Hellseher

D‘Entscheedung vum Kirgisistan seng eenzeg Mumie ze begruewen, déi ëmmerhin

Dës Typpen muss du beim Online-Dating evitéieren!
Stories

Dës Typpen muss du beim Online-Dating evitéieren!

Déif am Dschungel vum Internet, do fënns du dech an

Kenns du Hesper gutt genuch fir dëse Quiz ze packen?
Stories

Kenns du Hesper gutt genuch fir dëse Quiz ze packen?

Hesper gehéiert zu deene gréisste Gemengen am Land, wat d’Awunnerzuel

Wou sinn se drun, d‘Alternativen zum Plastik?

Wou sinn se drun, d‘Alternativen zum Plastik?

Fir den Impakt vum Plastik op d‘Ëmwelt ze reduzéieren, huet sech de Recycling dovunner an de leschte Jore gutt weiderentwéckelt. D‘Tatsaach awer ass, datt et net duer geet. Säit längerem sinn dann och d‘Fuerscher mat der Entwécklung vu sougenanntem „Bio-Plastik“ beschäftegt. E Plastik also dee sech biologesch ofbauen oder „kompostéiere“ léisst.

De Recycling

Laut engem rezente Rapport vun de Vereenten Natiounen (UNO), wiere beschtefalls 9% vun de néng Milliarden Tonne Plastik, déi jeemools produzéiert goufen, recycléiert ginn. Richteg ass, datt et an de leschte Joren hei grouss Fortschrëtter ginn huet, een awer nach wäit dovunner ewech ass, dem Problem Meeschter ze ginn. Zemools och net all Land op dem selwechten Niveau ass.

An Europa beispillsweis, ass 2016 ronn en Drëttel vun de 26 Milliounen Tonne Plastiksoffall deen agesammelt ginn ass, recycléiert ginn. Dat zumindest behaapt déi europäesch Federatioun vum Secteur „PlasticsEurope“. Zum direkte Verglach: am selwechte Joer hunn d‘USA, déi vill méi Plastik „verbrauchen“, et beim Recycling grad emol op 10% bruecht.

Plastik

Woubäi d‘Zuelen, jee no Plastik-Zort och staark schwanken. De PET (Polyethylene Terephthalate), aus deem beispillsweis d‘Fläsche gemaach sinn, huet de Virdeel, datt eng gutt entwéckelt industriell Filière besteet, an dat recycléiert Produkt ouni Problem genotzt ka ginn. D‘Jughurtdëppercher lande meeschten an der Verbrennungsanlag, grad wéi Komponenten aus der Automobilindustrie.

Et wier (nach) net wirtschaftlech, esou d‘Erklärung. An dat ass net den eenzegen „Handicap“. Et feelt och un engem „Marché“ fir déi recycléiert Produiten, wëll de Präis wäit iwwert deene läit, déi aus fossillen Energien hiergestallt ginn. Zudeem gëtt de gréissten Deel vum Plastik guer net eréischt agesammelt. Laut den Experte lant d‘Hallschent vum hiergestallte Plastik an der Natur.

De Bio-Plastik

Déi generell Bezeechnung „Bio-Plastik“ stëft och zu engem gewëssen Deel fir Verwirrung. Se gëtt gläichzäiteg genotzt fir Produkter ze bezeechnen, déi aus biologesche Ressourcen hiergestallt ginn (erneierbar an natierlech Komponenten) oder Produkter déi sech kompostéiere loossen. Allerdéngs gëtt et kompostéierbar/biodegradabel Komponenten, déi aus fossille Ressourcen hiergestallt ginn.

Bio-Plastik kann dann och béid Proprietéiten (Hierstellung aus Biomass a kompostéierbar) hunn. Mee dat ass nach laang net de Standard. Esou ware laut der Federatioun „European Bioplastics“, vun den 2,5 Milliounen Tonne produzéierte Bio-Plastik am Joer 2017, grad emol 880.000 Tonne biodegradabel. Et ass een also nach wäit dervunner ewech, eng richteg Léisung fonnt ze hunn.

D‘Produkter aus Bio-Plastik déi kompostéierfäeg sinn, ginn aus planzlechen Zellen hiergestallt. Hei haaptsächlech aus Zockerrouer, Mais-Stäerkt a Gromperen. D‘Basis-Molekülle vun dëser „grénger Chimie“ ginn duerch déi bakteriell Fermentéierung vum Zocker hiergestallt.

Hiergestallt gëtt de Bio-Plastik haaptsächlech an Asien (56%) wou och de gréissten Undeel vum „traditionelle“ Plastik produzéiert gëtt. Europa (18%) an Nordamerika (16%) leien ofgeschloen op der 2. respektiv 3. Plaz. 2017 sinn 58% vum produzéierte Bio-Plastik fir d‘Verpackung genotzt ginn. D‘Haaptcliente waren d‘Textil-, d‘Agrar- an d‘Automobilindustrie.

Maartundeel

Laut „European Bioplastics“ huet déi weltwäit Hierstellung vu Bio-Plastik, manner wéi 0,75% vum Weltmaart ausgemaach. Mee dës Produkter stinn sech gutt, well mëttlerweil och Regierungen sech eng nei Ëmweltpolitik opgedroen hunn. Och Entreprisen hunn eng Plus-value heiranner erkannt, an de Konsument verlaangt et. Weltwäit geet e vun engem Wuesstem mat bis zu 19% (2017/22) aus.

Plastik

Gebremst gëtt de Fortschrëtt duerch déi héich Produktiounskäschten. Fir de Jean-Marc Nony, verantwortlech fir nohalteg Entwécklung beim franséische Grupp „Sphere“, ass et de Präis deen d‘Industrie ofschreckt. Biodegradabele Plastik ass bis zu dräimol esou deier, Plastik aus Biomass nach 30 bis 50% méi deier. Eng zolidd Erhéijung vum Pëtrolspräis, kéint dat ausgläichen.

Asazgebidder

De kompostéierbare Plastik huet virun allem säin Notze bei deene Produkter fonnt, déi sech „gären an der Natur erëmfanne loossen“, wéi Akaafstuten oder Eeweegeschir. Vun der Industrie gëtt och un enger Technik gefuerscht, déi zu enger Kompostéierung vum Bio-Plastik am Mier bäidréit. Esou soll der Verschmotzung vun de Mierer entgéintgewierkt ginn.

Plastik aus Biomass deen net kompostéierbar ass, kann zimlech all Plastik vun der Petrochimie ersetzen, wann dat hiergestallte Moleküll datselwecht ass. Eng ganz Rei europäesch Länner hunn sech dann och Reglementer oder Gesetzer ginn, mat deene bestëmmt gëtt, datt beispillsweis Akaafstute fir eng eemoleg Notzung, musse biodegradabel sinn.

D‘Produzente vu Bio-Plastik hunn sech da virgeholl, Materialien hierzestellen déi nei Qualitéiten hunn. 2013 hat Nike e Futtballschong entwéckelt, dee mat engem Schaumgummi (Elastomer) vun Arkema op der Basis vu Rizinusueleg hiergestallt gëtt. An der Automobilindustrie gëtt op Faser aus Léngent gewett, a BASF stellt Kaffiskapselen hir déi zu 60% aus Mais bestinn.

Wat een iwwert den „traditionelle“ Plastik wësse muss

Plastik ass widderstandsfäeg, liicht a modeléierbar. Déi immens Villsäitegkeet vun de Proprietéite vum Plastik, mécht datt een en iwwerall fënnt. Wann ee vu Bio-Plastik schwätzt, ass et wichteg och Erklärungen zu de Materialien ze ginn, déi een am Alldag gebraucht, awer net ëmmer weess wéi se an aus wat se hiergestallt goufen.

Déi klassesch Hierstellung vu Plastik fänkt mat der Distillatioun an enger Pëtrol- oder Gasraffinerie un, wou de Kuelewasserstoff opgespléckt gëtt fir Naphtha hierzestellen. Eng Mëschung aus Karbon an Waasserstoff, dat als Basis genotzt gëtt, esou wéi och Ethan. Den Naphtha an den Ethan ginn zu Ethylen, Propylen oder Styrol weiderverschafft. Eng Kéier verbonnen entstinn esou d‘Polymeren.

Plastik

„Polymer“ ass déi Wëssenschaftlech Bezeechnung fir dat wat mir allgemeng Plastik nennen, an dës Polymeren deelen sech an zwou grouss Familljen op: déi „thermoplastesch“ – si stelle ronn 80% vum Weltverbrauch duer – déi schmëlze wann se erhëtzt ginn a steif gi wann se ofgekillt sinn. An Déi „thermoverhäertend“, déi wann se bis eng Kéier geformt goufen, net méi „mëll“ ginn.

Gewiicht aspueren

Fënnef Polymere sti fir 71% vum Plastik-Weltverbrauch: de „Polyethylen“ deen ee virun allem an der Verpackung erëmfënnt (Akaafstuten); de „Polypropylen“ dee vun der Automobilindustrie gäre benotzt gëtt (Stousstaangen, Armaturebrieder) mee och als Emballage fir Liewensmëttel (Botter, Kéis) an als Stréihallem op eisen Dëscher ze fannen ass.

De „Polystyrene“ gëtt och vill als Verpackungsmaterial agesat, fënnt sech awer och als Dämmmëttel oder Jughurtsbecher. De „PVC“ (Polyvinylchlorid), aus deem gi beispillsweis d‘Fënsterrummen, Kanalréier an de Buedembelag hiergestallt. An dann de „PET“ (Polyethylene Terephthalate) aus deem d‘Plastiksfläschen hiergestallt ginn.

Zum ganze kommen dann nach e sëlleche chemesch Zousätz derbäi: Pigmenter fir d‘Faarf, Antioxydanzien oder Fixateure fir e bessere Widderstand zum Sauerstoff, den UV-Stralen oder der Hëtzt ze bidden. Zousätz kommen och an den Asaz, fir de Plastik „mëll“ ze maachen.

Plastik

De Christophe Cabarry, Grënner a CEO vu „SpecialChem“, enger Plattform déi international Akeefer a Verkeefer aus der chemescher Industrie zesummeféiert stellt fest: „Et gëtt vill Innovatioun beim Bio-Plastik, dat besonnesch am Kontext vun den Erausfuerderungen déi de Naturschutz mat sech bréngt. Allerdéngs gëtt net manner beim konventionelle Plastik gefuerscht.

Hie betount, datt „d‘Noutwennegkeet bei de Gefierer Gewiicht anzespueren ass ee massiivt Argument fir d‘Innovatioun“, a weist drop hin, datt dat och de Fall bei de Plastiksfläschen ass. Déi ginn all Joer ëm ee puer Gramm méi liicht. D‘Zounam vun der Nofro iwwert déi dräi lescht Joer, ass awer der Automobilindustrie an der Elektronikbranche geschëlt.

Mam Etienne Balmer an dem Marie Heuclin/AFP

Ähnlech Sujeten Alternativen, Ëmwelt, Offall, Plastik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    141

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    0