Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zesumme fir d’Gläichberechtegung an d’Geschlechtervillfalt bei héije Positiounen!
Neiegkeeten

Zesumme fir d’Gläichberechtegung an d’Geschlechtervillfalt bei héije Positiounen!

Vergaangene Mëttwoch huet d’Ministesch fir Gläichsstellung tëscht Fraen a Männer

Klimawandel: an Australien kraazt de Thermometer un de 50°C
Neiegkeeten

Klimawandel: an Australien kraazt de Thermometer un de 50°C

Am Land vun de Koalabieren an de Kängurue leeft de

En Aktiounsplang fir d‘LGBTI-Communautéit
Neiegkeeten

En Aktiounsplang fir d‘LGBTI-Communautéit

Bei der Sëtzung vum Staatsrot vum leschte Freideg, war et

D‘Lag an den Alters- a Fleegeheemer ass besser wéi geduecht

D‘Lag an den Alters- a Fleegeheemer ass besser wéi geduecht

An der Sëtzung vun der Chamberkommissioun fir Famill an Integratioun, huet et en Echange tëscht der Ministesch Corinne Cahen ginn, beim deem konnt festgestallt ginn, datt déi an den Alters- a Fleegeheemer beherbergt Mënschen, wesentlech manner vum Covid19 betraff sinn, wéi dat beim Rescht vun der Bevëlkerung de Fall ass. Dat ass e Constat, dee wierklech ze begréissen ass.

Zudeem sinn déi eeler Leit net méi vun der Aussewelt ofgeschnidden. Et kann ee seng Leit nees op der Plaz besichen, woubäi et nach eng Struktur gëtt, wou den Accès zu de Kummere weiderhin net méiglech ass. Hei gëtt et awer dediéiert Raimlechkeeten, déi beim Besuch d‘Privatsphär voll a ganz respektéieren. An dëser Institutioun si Senioren déi mat Demenz geplot sinn ënnerbruecht.

Néng Residente sinn hei positiv op de Covid19 getest ginn, 13 Mataarbechter hu sech missen ënner Quarantaine setze loossen. Alles an allem gëtt et, esou de Constat vun der Familljeministesch, eelef Infektiounsfäll an eise Strukture fir eeler Mënschen. Mee et gëtt jo och nach Mënschen, déi wuel Ofhängeg sinn, mee doheem gefleegt ginn. Hei gëtt et aktuell awer och nëmme 6 Infektiounsfäll.

An de Strukturen déi Mënsche mat besonnesche Besoinen dediéiert sinn, gëtt den Ament zwou Persounen déi ënnert Quarantaine gestallt goufen. Och hei gëtt et keng Aschränkunge vun de Visitten, woubäi een sech natierlech un d‘Recommandatiounen an déi spezifesch Uweisungen hale muss. D‘Aarbechtsstrukturen an d‘Dagesfoyere konnten awer nach net zu 100% eropgefuer ginn.

18 Persoune sinn aktuell och nach am spezielle Congé (soutien familial). A wann ee scho beim Congé ass, kann een och d‘Motioun vum CSV-Deputéierte Paul Galles hiweisen, an där dee ganz sozial engagéierte Politiker vun der Regierung fuerdert, zu de ganze spezial Congéen, nach ee weideren opzehuelen. Hie géif ee Congé fir de gesellschaftlechen Engagement prekoniséieren.

Datt ass an der Kommissioun vun den Deputéierte vun der Regierungsmajoritéit net ugeholl ginn. Déi zeien et vir, emol am Virfeld eng Etüd zu de bestoende Congéen ze maachen. D‘Ministesch huet hirersäits drop higewisen, datt et op Ministerniveau scho Gespréicher gëtt, well ee sech op d‘Transpositioun vun der EU-Direktiv am Kontext vun der „Worl-Life-Balance“ virbereet.

Et ass dann awer an der Kommissioun festgehale ginn, datt et eng wëssenschaftlech Etüd brauch, fir de sozialen Impakt vun der Covid19-Kris besser verstoen ze kënnen. De Paull Galles huet dann och nach eng zweet Motioun virgeluecht, mat där en Observatoire vun den Ongläichheete soll geschafe ginn. Dee kéint sech mat dëser Etüd befaassen an ëmmer iwwert déi lescht Erkenntnisser beriichten.

D‘Corinne Cahen gesäit elo hei net zwéngend d‘Noutwennegkeet eng nei Instanz ze schaffen. Si ass der Usiicht, datt dës Missioun och vum Observatoire vun der Sozialpolitik – dee mam Revis op d‘Bee gestalt gi war – kéint zefriddestellend iwwerholl ginn. Si huet den Deputéierten un d‘Häerz geluecht, sech Gedanken iwwert d‘Missioun vun dësem Fuerschungsorgan ze maachen.

Illustratioun: Udo Voigt / Pixabay

Ähnlech Sujeten Altersheem, Chamberkommissioun, Corinne Cahen, Familljeministesch, Fleegeheem
Nächsten Artikel Virrechten Artikel