Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Galerie: Op Besuch bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten
Auto Neiegkeeten Sport

Galerie: Op Besuch bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten

Op der grousser Wiss um Kierchbierg, ee Steeworf vun den

Wien sech un de Rettungsdéngschter vergräift muss haart bestrooft ginn
Auto Neiegkeeten Sport

Wien sech un de Rettungsdéngschter vergräift muss haart bestrooft ginn

Well et einfach net nei ze erdroen ass, datt ëmmer

ADEM – Wann een emol ee Frang méi an der Täsch well hunn
Auto Neiegkeeten Sport

ADEM – Wann een emol ee Frang méi an der Täsch well hunn

Wéi d’ADEM gëschter an engem Schreiwes matgedeelt huet soll ee

Alzeng: Liicht getéitscht awer déck zefridden

Stock-Car Saison ass zu Enn a Lëtzebuerg huet en neie Landesmeeschter: Sascha Wiesen

E Sonndeg ass zu Alzeng virun enger beandrockender Zuschauerkuliss d‘Championnat am Stock-Car op en Enn gaangen. A ville Klasse war et enk an de Landesmeeschter, op par Ekipp oder am Individuell, sollt dann och op dësem Dag entscheet ginn.

E bessert Wieder hätten sech d‘Organisateure vun dësem leschte Championnatsdag, de Stock-Car Club „Diables Rouges“ vun Diddeleng kaum wënsche kënnen. Entspriechend zuelräich waren d‘Leit ronderëm d‘Streck postéiert a si sollten net enttäuscht ginn. Hei dierf een drun erënneren, datt et Spaass fir all Alter ass, an och d‘Krapperten an d‘Knetzelen sech hei richteg wuel fillen.

Sportlech war, bei engem Startfeld vun 80 Piloten/Pilotinnen, jo dann och eppes gebuede ginn. Um Enn vum Dag konnt de Stock-Car Club „Tornado Team Hamm“ verdéngt säi 25. Meeschtertitel souverän verdeedegen, an schreift alt nees e Stéck Stock-Car Geschicht. Ganz erfreelech fir déi Diddelenger, hire Sascha Wiesen (10) huet sech duerchgesat kritt an ass de Landesmeeschter 2019.

An där „klenger Klass“ sollten sech déi „schwaarz-giel“ behaapte kënnen. De Motor-Sport-Club Kayl (MSC) huet hei eng ganz Affär gemaach an zugläich säi 6. Titel a folleg afueren. Interessant awer och, datt e Vertrieder vum neie Club aus Krautscheid (D) sech als beschte Pilot presentéiere konnt. Lëtzebuerger Landesmeeschter ass de Christian Denzer (69). Dat war gutt geschafft, Bravo!

Well déi „oppe Klass“ keng Equippen huet, konnt just een um Enn d‘Coupe fir sech beusprochen. Hei huet sech dann och den Yves Flammang (733) vun der Vereenegung „Crazy Friends“ richteg Méi ginn a konnt dank eppes Erfarung a verdéngt den Titel sécheren. Dës Klass dierft och an der Saison 2020 nees fir Opmierksamkeet a vill lëschteg Momenter suergen. Avis aux Amateurs…

Bei de sougenannten „Einsteiger“, domatter sinn déi Pilote gemengt, déi nach net esou ganz vill Erfarung matbréngen, war d‘Saison 2019 allerdéngs och zolidd ëmkämpft. Ëmsou méi erfreelech datt sech um Enn den Henri Galabov (250) vum Klierfer Stock-Car Club „Crazy Dogs“, den Titel als Landesmeeschter gekroopt huet. Wéi gesot, et war richteg eng lass an ganz eriwwer ass et net.

Dag vum Lëtzebuerger Stock-Car Sport: 22. September

Well déi Lëtzebuerger Stock-Car Federatioun (FLSC) dëst Joer hire 50. Jubiläum feiert, kënnt et de nächste Sonndeg zur grousser „Gebuertsdagsfeier“. Déi gëtt organiséiert zu Jonglënster am „Centre Gaston Stein“. Ufank ass um 11 Auer, also pénktlech fir den Apero. Natierlech ginn hei d‘Gefierer vun de verschiddene Veräiner ausgestallt an et sollt een net fäerte wann engem Froen afalen…

Fir déi wou schonn alles wësse gëtt et nach eng grouss Fotoausstellung, et gi Filmer aus engem hallwe Joerhonnert groussaartege Motorsport zu Lëtzebuerg gewisen an dat geniaalst… do sinn natierlech och vill „Oldies“ déi mat Anekdoten aus laang vergiessenen Zäite fir Kuerzweil suergen dierften. Wann iech Motorsport um Häerze läit, a laachen déi beschte Medezin ass, da kommt!

Déi komplett Resultater zu alle Manchen, fannt dir wéi gewinnt op der offizieller Säit vun der Stock-Car Federatioun www.stock-cars.lu a wien interesséiert wier sech engem Club unzeschléissen oder wësse wëll wéi dat mat der oppener Klass ze verstoen ass a wat een dofir alles esou brauch, dee sollt vertrauensvoll per e-Mail un d‘Federatioun wennen: info@stock-cars.lu

mam Sven Frank, Pressedelegéierte vun der FLSC

Galerie an Opmaacherfoto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten FLSC, Motorsport, Motorsport Rettungsteam Lëtzebuerg, Stock-Car, Stock-Car Federatioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel