Search

You may also like

dislike
Wéi verbréngt d’Jugend zu Lëtzebuerg hir Fräizäit?
Neiegkeeten

Wéi verbréngt d’Jugend zu Lëtzebuerg hir Fräizäit?

Mat dëser Fro huet sech de Statec auserneen gesat. An

surprise
Europa wëll kee Stress mat London, mee de Brexit gëtt eng haart Noss
Neiegkeeten

Europa wëll kee Stress mat London, mee de Brexit gëtt eng haart Noss

Eng knapp Woch no sengem Besuch bei der britescher Premierministesch

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 30. September 2020
Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 30. September 2020

Vu Kultur, Musek a Konscht, iwwert Konferenzen, Workshops an Atelieren

(Nach) keng verschäerfte Covid19-Reegelen

Anescht wéi d‘Regierunge vun eisen Nopeschlänner, gesäit de Regierungsrot kee Grond fir weider Moossnamen am Kontext vun der Coronaviruskris

(Nach) keng verschäerfte Covid19-Reegelen

Et war ze erwaarden, datt nodeems de Xavier Bettel an d‘Paulette Lenert sech am Virfeld vun der Drénglechkeetssëtzung vum Regierungsrot concertéiert haten, an och säitens den Experte schonn um Freideg d‘Lag als „kontrolléiert“ verkläert gouf, kee politesche Wëlle fir eng Verschäerfung vun de bestoende Covid19-Reegele bestoe géif.

Dat soll net bedeiten, datt een d‘Situatioun net géif akribesch verfollegen, well och hei am Land huelen d‘Neiinfektioune mam Coronavirus zolidd zou. No dëser Drénglechkeetssëtzung huet de Premierminister Xavier Bettel erkläert, datt bei eis nach alles ënner Kontroll ass, an een sech eens ass, datt den Ament keng nei Restriktioune brauch. Dat awer soll net heeschen datt alles gutt ass.

Esou huet de Regierungschef drop higewisen, datt d‘Zuelen an den nächsten Deeg nach wäerten zouhuelen, een awer eréischt de nächste Weekend eng besser Evaluatioun vun der Situatioun maache kann. D‘Regierung, déi sech fir hir Decisiounen drop baséiert wéi d‘Better an de Spideeler beluecht sinn, ass zur Stonn nach ëmmer zouversiichtlech, datt et sech schon arenke wäert.

Dat awer, esou de Xavier Bettel, géif ganz staark dovunner ofhänken, wei sech all eenzele behëlt. Fir den Ament si keng nei Aschränkunge virgesinn. Och d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet beim Briefing bestätegt, datt eis Spideeler hir „normal“ Aktivitéite kann oprecht erhalen an nach kee Grond zur Beonrouegung besteet. Dat verhënnert, net ee Rappell vu Grondsätzlechem.

Bleift wann ech gelift verstänneg!

Béid Riedner hu beim Briefing nach emol en Appell un eis geriicht, dach wann ech gelift déi Gest Barrière strikt anzehalen. Mir gi gebueden eis sozial Kontakter op ee Minimum ze begrenzen an d‘Entreprise kruten nees geroden, iwwerall do wou Télétravail méiglech ass, dësen och ze notzen. D‘Gesondheetsministesch géif et och begréisse, wa mir géife Buch iwwert eis Kontakter féieren.

Esou „Notizen“ wieren am „Fall wou“ eng grouss Hëllef vir d‘Leit vum Kontakt-Tracing, déi jo gehale sinn d‘Leit iwwert eng méiglech Kontaminatioun ze informéieren. Si huet nach drop higewise, datt et en neien Testzenter an der Annex vun der aler Nationalbibliothéik um Kierchbierg gëtt, wou ee sech mat enger Ordonnance tëscht 10 a 17 Auer kann op de Covid19 teste loossen.

Weider heescht et, datt wie mengt sech de Coronavirus agefaangen ze hunn, als éischt säin Dokter consultéiere sollt. Et wier zudeem falsch sech „ze fréi“ testen ze loossen, vu datt et am Prinzip jo eng 6 Deeg brauch, bis den Test och ee seriéist Resultat opweise kann. Gutt da géif viraussetzen, et wéist ee wéini ee sech méiglecherweis ugestach huet, mee dat ass wuel elo éischter en Detail.

Op Distanz goen ass ëmmer gutt

Et bleift also nach alles beim alen, woubäi natierlech ganz stramm observéiert gëtt, wéi sech d‘Lag entwéckelt. D‘Gesondheetsministesch huet keen Zweiwel dru gelooss, datt d‘Pandemie séier kéint aus dem Rudder lafen. Dofir gouf och annoncéiert, datt d‘Regierung „Gewier bei Fouss steet“ fir déi nächst Sëtzung vum Regierungsrot, déi eigentlech fir Freideg virgesinn ass, virzeverleeën.

A wéi dat esou mat der Politik ass, gëtt et dann awer eng nei Mesure agefouert. Esou mussen elo Versammlungen, bei deene méi wéi honnert Mënschen zesummekommen, am Virfeld vum Organisateur bei der Gesondheetsdirektioun ugemellt ginn. Déi verlaangt hei d‘Virlag vun engem strikte sanitäre Protokoll. Dat bescht wier allerdéngs op esou Rassemblementer ze verzichten…

Illustratioun: Well net dovunner auszegoen ass, datt et vill Leit am Land gëtt, déi d‘Erfarung vun enger Behandlung op der Intensivstatioun wëlle maachen, an ersiichtlech ass, datt d‘Lag zur Stonn net befriddegend ass, sollt ee verstänneg sinn, a sech an der Gitt hunn. Einfach ass et net, mee wuel noutwenneg. © Mufid Majnun / unsplash

Related topics Covid19, Gesondheetsministesch, Neiinfektiounen, Paulette Lenert, Premierminister, Regierungsrot, Xavier Bettel
Next post Previous post