Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Presidentewahl a Russland: De Vladimir Putin am Amt bestätegt
https://moien.lu/kirkcaldy-dating/ to hook up meaning

https://moien.lu/best-christian-online-dating-australia/

Et war sech keng Iwwerraschung erwaart ginn, an et gouf

copenhagen speed dating
https://moien.lu/kirkcaldy-dating/ to hook up meaning

Bréissel: Schwieregkeete mam Management

Beim EU-Sommet zu Bréissel sinn sech d‘EU Regierungs- a Staatscheffen

Belsch Giischtercher ouni Schong an ouni Box
https://moien.lu/kirkcaldy-dating/ to hook up meaning

Belsch Giischtercher ouni Schong an ouni Box

Et ass fir déi betraffen net lëschteg, mee eigentlech ass

Se hunn en einfach am Prisong vergiess…

Se hunn en einfach am Prisong vergiess…

1977 war de Michel Cardon, 67 Joer al, wéinst Mord zu enger liewenslänglecher Prisongsstrof veruerteelt ginn. Elo, eppes iwwer 40 Joer méi spéit, huet en Affekot beim President Emmanuel Macron d‘Gnod fir de Prisonéier gefrot.

„Ech bieden iech (…) vun ärem Recht Gnod ze spriechen, gebrauch ze maachen, zu Gonschte vum Här Michel Cardon, Detenu am Prisong vu Bapaume (Pas-de-Calais) ënnert der Haftnummer 7147, zanter 40 Joer, 3 Méint a 14 Deeg“, esou de Wuertlaut am Bréif vum Affekot Me. Eric Morain deen op den 12. Februar datéiert ass, an vum JDD (Journal-du-Dimanche) bekannt gemaach ginn ass.

Parallel zum Begier ëm Gnod, huet den Affekot och eng Ufro ëm Entloossung op Bewärung agereecht. Déi soll elo vum Geriicht zu Arras bewäert ginn. Laut dem Me. Eric Morain, ass de Michel Cardon ee vun den eelste Prisonéier vu Frankräich. En hätt eng Entloossung op Bewärung scho virun 20 Joer dierfen ufroen, mee hien huet seng Strof ofgesat, isoléiert, ouni Kontakt no baussen.

De Michel Cardon war 1977 zesumme mat engem Kompliz zu liewenslänglech veruerteelt ginn. Dat fir de Mord un engem Noper, deen se ausgeraibert haten. Si haten deemools grad emol 200 franséischer Frang an eng Schubkar mat Geräbbels matgoe gelooss. De Parquet hat sengerzäit d‘Doudesstrof fir d‘Brigange gefuerdert.

… de Schlëssel ewech gehäit

38 Joer huet et gedauert, bis de Michel Cardon säin éischt Gespréich am Parloir gefouert huet. An dat war dann och nach mat engem Matgefaangenen, dee am Summer 2016 entlooss gi war. Säin zweete Besuch war dann de Me. Eric Morain, deen am oppene Bréif bedauert: „D‘Gesellschaft, déi iech bestrooft huet, huet sech dozou entscheet iech ze vergiessen“.

Déi interdisziplinär Kommissioun fir Sécherheetsmesure vu Lille (CPMS), déi dem Michel Cardon säi Fall am Januar examinéiert huet, konnt net anescht wéi selwer feststellen: „et ass sech net emol eng strofbegleedend Moossnam fir de Gefaangene virgestallt ginn (…) et géif ee mengen hie wier am Prisong vergiess ginn“.

De Me. Eric Morain, huet géintiwwer der AFP, de Schock vun der éischter Begéinung erzielt. Et wier d‘Gefill gewiescht dem „Robinson Crusoe“ ze begéinen:

„Hien hat e Baart, dee säi Gesicht bedeckt huet, de Mond verzunn – eng Folleg vun engem Hireschlag – a wéinst Problemer mam Häerz Schwieregkeeten sech auszedrécken, op engem Ouer Daf an esou gutt ewéi blann… Mee hien huet och eent vu de schéinste Laachen dat ech Zäit menges Liewes gesinn hunn“.

A sengem Bréif un den Emmanuel Macron ënnersträicht den Affekot, datt vum Michel Cardon keng Gefor méi fir d‘Gesellschaft ausgeet. Déi laang Haft hätt „hiren Zweck erfëllt“. Laut dem Affekot, huet de Fall Michel Cardon, d‘Opmierksamkeet vum President vun der Regioun Hauts-de-France, Xavier Bertrand, erreegt. Eng Associatioun vum Val-d‘Oise wier gewëllt de Mann ze begleeden, sollt hien entlooss ginn.

mat AFP

Foto: Den Affekot Me. Eric Morain, ass iwwerzeegt, datt déi Gesellschaft déi säi Client bestrooft huet, dësen einfach vergiess huet. © Kenzo Tribouillard/AFP

Ähnlech Sujeten Affekot, Gesellschaft, Liewenslänglech, Prisong
Nächsten Artikel Virrechten Artikel