Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Autofestival 2019: Wichteg Warnungen a Rotschléi vum Konsumenteschutz
Fail International why dating is hard

another word for casual dating

Am Kader vum Autofestival 2019, réit de Konsumenteschutz (ULC) alle

https://moien.lu/are-you-a-midlife-online-dating-addict/
Fail International why dating is hard

Brexit: Ouni Handelsaccord wëllen d‘Briten d‘Scheedung net bezuelen

Wann een et net mat vernënftege Virschléi hikritt, da versicht

Als Client vun der POST dierfs de net presséiert sinn (e Kommentar)
Fail International why dating is hard

Als Client vun der POST dierfs de net presséiert sinn (e Kommentar)

Eng Cliente vun der POST (telecom) hat Enn Mäerz mëttels

dislike

Amazon an Apple am Viséier vun der EU-Kommissioun

Amazon an Apple am Viséier vun der EU-Kommissioun

E Mëttwoch huet d‘EU-Kommissioun op e neits déi fiskal Montage vun den US-Internetgiganten an d‘Viséier geholl. Geziilt gëtt op Amazon zu Lëtzebuerg an Apple an Irland. D‘Fuerderunge vu Bréissel sinn dann och entspriechend héich.

Esou soll Amazon 250 Milliounen Euro fiskal Avantagen zréckbezuelen, déi hinnen net zougestanen hätten. An der Causa „Apple“ ass et déi iresch Regierung déi sech viru Geriicht muss veräntwerten, well se op 13 Milliarden Euro réckstänneg Steiere verzicht soll hunn.

Den Detail hat d‘EU-Kommissärin fir d‘Konkurrenz, Margrethe Vestager bei enger Pressekonferenz zu Bréissel ginn. E Virfall deen an de Kontext vun de franséischen an däitsche Fuerderungen, fir eng méi „gerecht“ Besteierung vun den Entreprisen aus dem digitale Beräich, passt. Zudeem soll och nach den Ëmgang mat den individuellen Date vun de Cliente gepréift ginn.

Zu der Noriicht huet et dann och säitens dem Emmanuel Macron e Gratulatiouns-Tweet fir d‘Kommissärin ginn: „Bravo un Europa dat konsequent de Respekt vun de Reegelen an der fiskaler Justiz afuerdert“.

Esou net

D‘EU-Kommissärin, déi schonn ëfters vu Washington kritiséiert ginn ass, well si sech besonnesch géint US-Entreprise verschriwwen hätt stellt dann och kloer: „et ass keng Fro vun der Nationalitéit déi eng Entreprise huet (…) ech sinn och net parteiesch, mech interesséiert de nationale Fändel vun enger Firma net“.

Wat Amazon ugeet, déi hiren europäesche Sëtz zu Lëtzebuerg hunn, esou ass fir d‘EU mat dëser Entscheedung d‘Enquête – déi virun dräi Joer ageleet gi war – zu engem Besteierungsofkommes tëscht der Firma an der Lëtzebuerger Regierung, ofgeschloss. Duerch als illegal bezeechent Avantagen, ware bis zu dräi Véierel vum Benefice net besteiert ginn. Esou huet Amazon véier mol manner Steiere bezuelt wéi dat lokal Entreprise hu misse maachen.

Amazon ass natierlech direkt op d‘Barrikade gaangen an huet déi Entscheedung kontestéiert. Bei Amazon ass een dann och „iwwerzeegt“ keng gesënnert Behandlung vun der Lëtzebuerger Steierverwaltung kritt ze hunn. Si wëllen elo d‘Entscheedung vun der EU-Kommissioun analyséieren a méiglecherweis ufechten. Och déi Lëtzebuerger Regierung geet dovunner aus, datt alles konform gelaf ass a well och d‘Entscheedung vun der Kommissioun préiwen.

Domm gelaf

Fir de Kontext eppes besser ze verstoen, dierf op dëser Plaz drun erënnert ginn, datt wéi Amazon mat Lëtzebuerg den „Deal“ gemaach hat, den aktuellen EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker, Premier- a Finanzminister war. D‘Kommissärin huet awer preziséiert, datt si net géint „Persounen“ mee géint „d‘Verhale vun de Memberlänner“ enquêtéiert.

Am Fall vun Apple sinn se zu Bréissel géint Irland opbruecht. Déi hunn eng Ordonnance vum 30. August einfach net befollegt. Elo ass engem de Kolli geplatzt an esou muss sech Irland dann ebe virum europäesche Geriichtshaff veräntwerten.

Dublin ass natierlech „schwéier enttäuscht“ . Den iresche Finanzministère huet an engem Schreiwes verséchert grouss Fortschrëtter an dësem dach besonnesch komplexen Dossier gemaach ze hunn. Déi Decisioun vu Bréissel wier dach u sech absolut net néideg. Apple huet net weider reagéiert a just bestätegt kooperativ mat Irland ze sinn, an gëtt sech iwwerzeegt viru Geriicht Recht ze kréien.

Och hei ass et gutt ze wëssen, datt Apple an Irland säin europäesche Sëtz huet. Do ass et och wou de ganze Benefice aus Europa, Afrika, dem Noen Osten an Indien registréiert gëtt. Datt bei 13 Milliarde Steierkaddoen zu Bréissel kee Versteesdemech opkënnt, datt erweist sech bei geneeër Betruechtung als novollzéibar.

mam Céline Le Prioux/AFP

Foto: D‘EU-Kommissärin Margrethe Vestager huet um 4. Oktober Amazon an Apple keng Freet gemaach. Insgesamt stinn hei iwwer 13 Milliarden Euro zur Debatte. Et dierft allerdéngs laangwiereg ginn, un d‘Geld tatsächlech erunzekommen. © Emmanuel Dunand/AFP

Ähnlech Sujeten Amazon, Apple, EU-Kommissiounspresident, Jean-Claude Juncker, Steieren
Nächsten Artikel Virrechten Artikel