Search

You may also like

money
Franséisch Digitalsteier mëssfällt Washington
International Money Neiegkeeten

Franséisch Digitalsteier mëssfällt Washington

Zu Paräis soll de Senat haut en Digitalsteier-Gesetz beschléissen an

Däitschland: 900 Euro Grondrent, geet dat?
International Money Neiegkeeten

Däitschland: 900 Euro Grondrent, geet dat?

Bei eisen däitschen Noperen ass et de sozialisteschen Aarbechtsminister Hubertus

„Nie méi“ – Als Erënnerungen un den Holocaust
International Money Neiegkeeten

„Nie méi“ – Als Erënnerungen un den Holocaust

„Um 27. Januar 1945 sinn d’Diere vun der Häll opgemaach

money

Fransousen opgeruff Amazon ze boykottéieren

Fransousen opgeruff Amazon ze boykottéieren

Bei eise franséischen Nopere sinn d‘Geschäfter zou. Vum Coiffeur iwwert de Bistro bis hinn zum Eenzelhandel… online awer ass alles ze hunn. Dat huet déi Betraffen op d‘Barrikade gedriwwen a Politiker hu sech dem Appell ugeschloss: Si fuerderen ee „Chrëschtdag ouni Amazon“.

Eng 120 Politiker, Ëmweltaktivisten, Eenzelhändler a Schrëftsteller fuerderen an enger Petitioun, datt net een eenzege Kaddo ënnert dem Chrëschtbeemche soll landen. Mat enger zweeter Petitioun gëtt gefuerdert, datt d‘Vente vum Konzern an notoresche Steiervermeider sollte mat enger extra- Steier beluecht ginn. Amazon schéngt zum neie Feindbild am Frankräich avancéiert ze sinn.

Amazon

Schold un dëser schlechter Stëmmung ass de Confinement. Zanter dem 30. Oktober si bei eisen Noperen all d‘Geschäfter, déi keng liewenswichteg Produkter am Assortiment hunn, zougemaach ginn. Fir méi „Gläichheet“ hunn dann awer och d‘Supermarchéen hir Regaler mat Spillsaachen, Bicher an/oder Bekleedung missen ofspären. Esou sollt jiddereen op een Niveau gestallt ginn.

Wat sech an der „analoger Welt“ liicht ëmsetze léisst, ass op där anerer Säit eng riseg Opportunitéit fir den Onlinehandel. An hei riichten sech dann och d‘Blécker virun allem op de Maartleader, an dat ass bekanntlech Amazon. Dëst Portal huet eleng fir de Mount November (an deen ass nach net eriwwer) säin Ëmsaz ëm bis zu 50% erhéicht. A wien dëse Service bis eng Kéier benotzt huet…

Net Schwaarz oder Wäiss

Esou ergëtt et sech, datt trotzt Hëllefspäck a Finanzsprëtzen, dausende kleng Händler kaum nach Hoffnung hunn, dës Kris iwwerwonnen ze kréien. Mee kann een an dësem Fall mam Fanger op Amazon weisen? De Frédéric Duval, de „Boss“ vun Amazon France, huet emol drop higewisen, datt de Konzern am Frankräich och ronn 9.300 Mataarbechter beschäftegt an och soss Partner ass.

Amazon

Op der Amazon-Plattform bidden eng 11.000 Händler an Mëttelstänneg Betriber hir Wueren un. Vill vun dëse Mikro-Entreprise géif et ouni Amazon wuel och net ginn. Dat zumindest behaapt den US-Konzern, deen sech natierlech muss den Attacken erwieren, déi géint hie geriicht ginn. A wann dat och duerchaus ee valabelt Argument ass, esou muss een awer och hannert de Rideau kucken.

Wat d‘Beschäftegung betrëfft, esou gëllt et als erwisen, datt fir d‘Schafe vun engem prekären a schlecht bezuelte Job bei Amazon, zwou qualifizéiert a besser bezuelten Aarbechtsplaze verluer ginn. Zudeem huet Amazon ee ganz speziellen Interessi dorunner, seng Plattform klenge Start-ups oder soss kreative Mënschen zur Verfügung ze stellen. An et ass net nëmmen de Profit deen zielt.

Bis op d‘Ënneschtbox ausgedoen

Amazon huet eng ganz speziell, no strikten US-Moossstief ausgeriichte Geschäftspraxis. Kleng Ubidder sinn déi wou de Risiko droen, wann en neit Produkt op de Maart kënnt. Erweist sech dat als gutt verkeeflech, gëtt et lues a lues duerch en Amazon-Produkt ersat. An och soss verdéngt Amazon un allem wat iwwert seng Plattform verkaf gëtt, mat. Dat nennt een eng Monopolstellung.

Amazon

Eigentlech wollt de Kapitalismus verhënneren datt een de Monopol huet, mee dat ass alles scho ganz laang hir. Sech deem ze entleedegen dierft kaum nach méiglech sinn, mee et kéint jo emol domadder ufänken, den US-Konzern ze zwénge senger sozialer Verantwortung gerecht ze ginn, an esou och säi Bäitrag fir d‘Gesellschaft ze leeschten. Mee wéi kann een dee besteieren?

Dat dierft sécherlech ee vun de groussen Theme beim G20-Sommet sinn. Et schéngt jo emol esou eppes wéi en internationale Konsens ze ginn, datt eng global Digitalsteier sollt méiglech sinn. Bis déi sech awer eens ginn, dauert et fir gewéinlech. An esou wäert de Jeff Bezos säi Privatbesëtz och dës Chrëschtdeeg als dee glécklechste Geschäftsmann vun der Welt ze zelebréiere wëssen.

mat indymedia/par

Illustratioun: © Hello I‘m Nik / unsplash

Related topics Amazon, Boykott, Confinement, Eenzelhandel, Feindbild, Frankräich, Lockdown, Widderstand
Next post Previous post