Search

You may also like

US-Geriicht: „De Paul Manafort ass e Ligener!“
International Neiegkeeten Stories

US-Geriicht: „De Paul Manafort ass e Ligener!“

Am Kontext vun der „Russland-Affär“, wou dem Donald Trump an

Dës Servicer sinn an d’Rue Notre-Dame geplënnert
International Neiegkeeten Stories

Dës Servicer sinn an d’Rue Notre-Dame geplënnert

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt zuelräich Servicer vun der Haaptstad

De Grenzverkéier an d‘Covid19-Pandemie
International Neiegkeeten Stories

De Grenzverkéier an d‘Covid19-Pandemie

Zanter leschtem Freideg gëllt Lëtzebuerg nees als Risikogebitt, datt well

Katastrophaalt Kuerzzäitgediechtnes

Den Amazonas brennt nach ëmmer a kee kuckt méi dohinner, sinn mir iwwerhaapt nach ze retten?

Katastrophaalt Kuerzzäitgediechtnes

Et sollt een unhuelen, datt de Mënsch net ganz esou domm, wei hie beméit ass et ëmmer nees ënner Beweis ze stellen. 2019 huet den Amazonas a Bolivien, Brasilien, Kolumbien, Paraguay a Peru sech an Damp opgeléist an déi ganz Mediewelt war nees um Dill, d‘Klimaaktivisten hu Weltwäit zolidd op d‘Tromm geschloen… an haut? Wou si mir drun, wie këmmert sech nach? Et brennt jo nach…

D‘Gier vum Mënsch, eng der Wirtschaft ënnerwerfeg politesch Elite, mee och d‘Verleegne vum Klimawandel an nationalistesch bis faschistesch Tendenzen, dozou d‘Onfäegkeet vun der UNO an der Weltgemeinschaft am grousse Ganzen a schliisslech den Zäitgeescht: dat alles ass eng gréisser Gefor fir den Amazonas an déi heemesch Vëlker, wéi d‘Feier selwer. An dat huet seng Ursaachen.

Amazonas

Zum engen huet d‘Kausa Amazonas (am selwechten Ausmooss wéi Australien) kaum Interessi bei der grousser Mass fonnt. Et ass een zuweile méi mat sech selwer beschäftegt an all Dag kennt eng nei Katastroph derbäi, oder iergendeen Dabo schéisst wéi vum Lämmes gebass ronderëm sech, wann net en Hännes seng Zaldoten an de Krich schéckt. Ze vill Informatioun, killt d‘Informatioun.

Dobäi geet et dem Amazonas ëmmer méi schlecht. Et brennt weider an och d‘Urawunner ginn nach ëmmer schänterlech ermuerkst. Leschtes iwwregens virrangeg a Brasilien a mam onausgeschwaten Accord vum faschistesche President Jair Bolsonaro. Doriwwer eraus ass erwisen datt weider massiv ofgeholzt gëtt. Esou och am Januar, wou 284 Quadratkilometer Reebësch der Gier geaffert goufen.

Systematesch Zerstéierung vun den Ekosystemer

Et geet ëm Geld (ganz vill Geld) a Muecht (ganz vill Muecht) an d‘Auteure vun dëse Verbriechen un der Natur a folgerichteg och der Mënschheet, schéngen sech ganz bewosst ze sinn, datt sinn d‘Enn vum Lidd net wäerte materliewen, firwat si am „elo“ liewen an sech ofgräife wat hinnen esou laanscht d‘Hänn oder d‘Ae geréit. Et ass den ongebremste Wuesstem an d‘Gier no Muecht…

De Protest… deen huet sech nees geluecht, och wann et natierlech nach ëmmer Ëmweltverbänn an Aktiviste gëtt déi, de Fait denoncéieren. D‘Brandrodungen an déi illegal Ofholzung geet an der tëscht monter weider. Eleng Brasilien huet laut dem Nationalen Institut fir Weltraumfuerschung (INPE) 2019 ganzer 9.762 Quadratkilometer Reebësch „verluer“. Fir 2020 gesäit et net besser aus.

Amazonas

© The Volunteer Hub

Fir d‘Ekosystemer – déi fir eist Iwwerliewen op dësem dach eenzegaartege Planéit noutwenneg sinn – ass et en Desaster. De Reebësch ass erwisenermoossen eng vun de gréisse Kuelestoffsenke vun der Welt an deene mannste schéngt bewosst ze sinn, datt sech ee Bësch no engem Brand nëmme ganz lues erhëlt. Et ka bis zu engem Joerhonnert brauchen, bis e Bësch nees seng Funktioun erfëllt.

An dat bezitt sech nëmmen op de Bësch u sech. Hei ass och déi Biologesch Villfalt bedreet, déi et nach vill méi schwéier huet sech ze regeneréieren. An dat och besonnesch dann, wann déi „fräigeluechte Flächen“ enger intensiver an pestizidebelaascht landwirtschaftlecher Notzung zougefouert ginn. An elo hu mir nach net emol d‘Auswierkung op der Waasserkreeslaf ernimmt.

De Reebësch a seng Roll am Waasserkreeslaf

Et ass scho laang gewosst, datt den Amazonas-Reebësch eng wichteg Roll fir de Waasserkreeslaf anhëlt. Dat ass der Erkenntnis geschëlt, datt ee groussen Deel vum Nidderschlag am westlechen Amazonas an am Süde vu Kontinent, aus der Verdonstung vun de Beem staamt. Dëse Phenomen gëtt vun de Wëssenschaftler: „Fiichtegkeetskaskad“ oder „Fiichtegkeetsrecycling“ genannt.

Sojafelder a Weedland (fir déi heefegst Notzunge vun de Flächen ze ernimmen) ginn dogéint kaum Fiichtegkeet of. Dat heescht, datt wann ze vill Bësch verschwënnt, dréchne ganz Landstrécher aus an et kënnt iergendwann zum „Kipppunkt“. Experte gesinn dëse Punkt erreecht, wa bis zu 40% vum Amazonas zur „oppener Fläch“ ginn ass. En Zil datt d‘Wirtschaft beméit ass 2020 ze erreechen.

Amazonas

Holz mat deem sech Geld verdénge léisst, gëtt natierlech net ofgebrannt © ECI

Zudeem warnen d‘Wëssenschaftler virum Impakt, respektiv dem kollaterale Schued fir déi ronderëm den ofgeholzte Flächen erhalene Bëschflächen. Déi kënnen nëmmen dank der Fiichtegkeet subsistéieren, an déi gëtt hinnen entzunn. Dat féiert zu weidere Bränn, déi deels esou och erwënscht sinn. Dan entsti Savannen, de Buedem dréchent aus a Geld gëtt och keent verdéngt.

Dat féiert zu engem Däiwelskrees, well Flächen déi net den erwënschte Profit bréngen, gi fale gelooss an nei Bëschparzelle ginn ofgeholzt oder ofgebrannt. Dat alles eenzeg an eleng fir ee puer wéinege Leit – déi oftmools nach ni am Amazonas waren – Privilegien ze vergënnen, déi sech iwwert d‘Gesellschaft erhiewe wëllen, an dank hirem Geld sech (bal) alles erlabe kënnen…

mat indymedia/ccs

Foto: Mir kënnen alleguerten derzou bäidroen de Reebësch ze schützen, mee ouni Protest an Drock op d‘Politik auszeüben, daachen déi bescht Projeten näischt. © Thomas Robertson / unsplash

Related topics Amazonas, Brasilien, Ëmweltschutz, Feier, Groussbrand, INPE, Jair Bolsonaro, Klima, Reebësch
Next post Previous post