Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bloalgen an der Musel: Haalt iech dovunner ewech!
Neiegkeeten

Bloalgen an der Musel: Haalt iech dovunner ewech!

D‘Plo mat de Bloalge schéngt sech zu Lëtzebuerg zum permanente

Ëmstridden EU-Kommissäre suerge fir Onrou
Neiegkeeten

Ëmstridden EU-Kommissäre suerge fir Onrou

Esou eppes wéi bei dëser EU-Kommissioun hat een nach net

Dat On-liesbart
Neiegkeeten

Dat On-liesbart

Politesch Literatur ass nach eng Seelenheet zu Lëtzebuerg. Mee et

Och Ambassaden hu sech un d‘Aarbechtsrecht ze halen

Portugal gëtt wéinst illegitimmer Entloossung vun enger Botzfra zu 20.000 Euro Entschiedegung veruerteelt

Och Ambassaden hu sech un d‘Aarbechtsrecht ze halen

Den 3. Februar ass um Geriicht d‘Uerteel an der Saach „Ambassade vu Portugal“ vs „Botzfra“, déi am Januar 2019 zimlech onmanéierlech vun der Schaff verwise gi war, gefall. Si hat bis dohinner eng Anciennetéit vu 25 Joer erreecht, war awer ni entspriechend de Gesetzer bezuelt ginn.

Um Aarbechtsgeriicht konnten d‘Magistraten allerdéngs nëmme feststellen, datt déi essentiell Regelen déi d‘Kënnegung vun engem Aarbechtsvertrag encadréieren, vun der Ambassade net respektéiert goufen, an huet déi vun hirem Mandataire virgedroen Argumenter net berécksiichtegt.

Festgestallt gouf esou, datt d‘Ambassade schlicht an ergräifend „vergiess“ huet senger ugestallter Botzfra de Bréif mat der Kënnegung zouzestellen, an huet hir esou och net d‘Ursaach vun der Opléisung vum Aarbechtsvertrag ugewisen. Ambassade mussen sech och un d‘Gesetzer halen.

Esou gouf da geuerteelt, datt d‘Entloossung „abusiv“ war, firwat elo d‘Ambassade der Botzfra muss eppes iwwer 20.000 Euro iwwerweisen. Dat deelt sech op: 9.566 Euro Entloossungsindemnitéit; 10.000 Euro fir de moralesche Schued; 96,63 Euro fir ausstoende Congé an nach emol 500 Euro als Prozedurentschiedegung.

Den OGBL deen d‘Fra an dëser Saach begleet huet ënnersträicht, datt de Montant fir de moralesche Schued besonnesch héich ausgefall ass, well d‘Geriicht hei berécksiichtegt huet, datt d‘Fra nëmmen Hallefzäit geschafft huet. An tatsächlech ass eng Zomm déi 10 Léin entsprécht éischter seelen.

Mee op der Ambassade schéngen se nodroend ze sinn. Esou huet d‘Botzfra nach ëmmer net vum Employeur all déi Dokumenter erhalen, déi et hir géifen erméiglechen deen déi hir zoustoend Chômageindemnitéiten zougestanen ze kréien. Si sevläicht gekränkt a wëllen elo d‘Muskele spille loossen?

Ugesiichts esou engem Beholl, a berécksiichtegend datt d‘Ambassade schonn net wëlles war sech un geltend Gesetzer ze halen, wäert den OGBL se wuel nach Ament musse begleeden. Zudeem muss sech d‘Justiz jo nach zur Chômageallocatioun wéi och zur inevitabeler Veruerteelung vun der Ambassade am Kontext vum Remboursement vun de geschëlten Indemnitéite prononcéieren.

Foto: © Oliver Hale / unsplash

Ähnlech Sujeten Aarbechtsrecht, Botzfra, Entloossung, Geriicht, OGBL, portugisesch Ambassade
Nächsten Artikel Virrechten Artikel