Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Explosioun um Waldhaff: Eise Premier an déiwer Trauer
Neiegkeeten

Explosioun um Waldhaff: Eise Premier an déiwer Trauer

Nom tragesche Virfall am Munitiounslager um Waldhaff weist eise Premierminister

Zäitëmstellung: Ass deemnächst Schluss mat Summer- a Wanterzäit?
Neiegkeeten

Zäitëmstellung: Ass deemnächst Schluss mat Summer- a Wanterzäit?

Wann et dem Jean-Claude Juncker an der EU-Kommissioun nogeet: Jo!

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 2
Neiegkeeten

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 2

Nodeems mer d‘lescht Woch schonn e puer méi schwéier Wieder

déi Lénk ginn an 8 Gemenge mat – a wëlle virun allem beim Wunnraum uerdentlech opraumen

déi Lénk ginn an 8 Gemenge mat – a wëlle virun allem beim Wunnraum uerdentlech opraumen

Mam Slogan „D‘Leit staark maachen“ geet déi Lénk mat enger gutt opgestallter an ambitiéiser Equip an d‘Gemengewahlen. 145 Kandidaten an aacht Gemengen – dat ass fir déi nach „relativ“ jonk politesch Bewegung bemierkenswäert.

Ausser eenzele Programmpunkten déi elo spezifesch op déi eng oder aner Gemeng ausgeluecht sinn, huet sech déi Lénk e groussen nationale Programm fir d‘Gemengewahlen 2017 ginn. E Programm deen, esou de Gary Diderich, vun de Kandidaten an de Parteimemberen ausgeschafft an ugeholl ginn ass.

Et géif dann och an éischter Linn dorëms goen eng solidaresch Gesellschaft opzebauen.

Et géif dann och an éischter Linn dorëms goen eng solidaresch Gesellschaft opzebauen. Sou gesäit een béi déi Lénk dann och mat engem éischter kriteschen A d‘Wahlcampagne wéi sech zu Lëtzebuerg ubitt.

Parteie gi vun de nationalen Tableronden ausgeschloss, datt dann och mat net wierklech novollzéibare Regelungen. En Editeur organiséiert seng eegen Tableronde bei där ee muss bezuele fir dierfen nozelauschteren. An Invitéiert ginn dann och just déi Parteien déi „Customer compliant“ sinn.

Eng Campagne, dräi Zentral Themen

Déi Lénk sti fir eng Demokratiséierung vun den Entscheedungsprozesser. Dat heescht am Kloertext: d‘Matbestëmmung vun der Bierger duerch regelméisseg Consultatiounen; den Afloss vun de Bierger mat Hëllef vum participative Budget vergréisseren; a bei wichtegen Entscheedungen e Referendum.

Déi Lénk fuerdere méi bezuelbare Wunnraum. Dat soll esou goen: d‘Gemenge sollen an eegener Verantwortung duerch d‘Notze vu finanziellen a gesetzleche Méiglechkeete Lokatiounswunnenge bauen. D‘Spekulatioun soll bekämpft ginn an d‘Potential u Bauterrainen a Wunnengsbestand genotzt. An dat wat brooch läit oder eidel steet soll entspriechend besteiert ginn an d‘Locataire mat Hëllef vu Mietkommissioune geschützt ginn.

Méi ëffentlechen Transport an d‘Prioritéit fir de Vëlo an d‘Foussgänger ass grad esou e Sujet wéi d‘Produktioun vun erneierbarer Energie ënnert ëffentlecher Kontroll.

Déi Lénk hätten och gären eng sozial an ökologesch Entwécklung. Dat erreecht ee wann: d‘Gemengenentwécklung an ëffentlecher Hand ass an demokratesch organiséiert gëtt. D‘Privatiséierung vu Gemengeservicer geet guer net, an do wou dat gemaach ginn ass, muss et réckgängeg gemaach ginn. Méi ëffentlechen Transport an d‘Prioritéit fir de Vëlo an d‘Foussgänger ass grad esou e Sujet wéi d‘Produktioun vun erneierbarer Energie ënnert ëffentlecher Kontroll.

De ganzen Detail zu all dësen, hei resuméierte Punkten, kann den interesséierte Lieser op www.gemeng.deilenk.lu noliesen.

Realistesch Erwaardungen

Déi Lénk sinn sech duerchaus bewosst, datt et wuel keng Gemeng dierft ginn an där se nom 8. Oktober eng Majoritéit kéinten zesummekréien. Et wier awer net onrealistesch a méi Gemenge Vetrieder an de Gemengerot ze kréien – hei gëtt besonnesch un Hesper geduecht – an déi Gemengeréit déi een huet, ze bestätegen a méiglecherweis – wéi zu Esch oder Déifferdeng – nach e Sëtz zouzegewannen.

Zu méigleche Koalitioune kann sech net wierklech geäussert ginn. Woubäi et zu Esch bei engem weidere Sëtz kéint ubidden. Och zu Suessem wier dat denkbar, hei geet déi Lénk mat dräi Gemengeréit an d‘Wahlen. Et misst awer beduecht ginn, datt et Grondsätz gëtt déi vun déi Lénk net fir eng Stëmm am Schäfferot bereet sinn opzeginn. Dat léisst duerchkléngen, datt déi Lénk sech och fir weider fënnef Joer op eng kreativ a konstruktiv Oppositiounsaarbecht astellen.

Foto: (v.l.n.r.) Gary Diederich, Conseiller Stad Déifferdeng; Vera Dockendorf, Kandidatin Stad Lëtzebuerg. (© Martine de Lagardère/moien.lu)

Ähnlech Sujeten déi lénk, Gary Diderich, Gemengewahlen 2017, Vera Dockendorf
Nächsten Artikel Virrechten Artikel