Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gesondheet am Prisong: Verbesserungswierdeg
msu hookup

Gesondheet am Prisong: Verbesserungswierdeg

Nodeems de Justizminister an d’Gesondheetsministesch den Deputéierten den Audit iwwert

dating show videos
msu hookup

SOAP2GO – Praktesch an hauchdënn Seef fir jiddwereen!

Kreativ jonk Käpp aus dem Lycée Michel Lucius hu sech

Chantier um Echangeur Helfenterbréck un dësem Weekend!
msu hookup

Chantier um Echangeur Helfenterbréck un dësem Weekend!

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt vu Samschdes, de 15 Juni 7:00

Ambitiéis, Equitabel an Nohalteg

De Koalitiounsaccord vun de Regierungsparteien ass ënnerschriwwen

Ambitiéis, Equitabel an Nohalteg

Et ass en ambitiéisen, equitabelen an nohaltegen Accord, dee gëschter vun de Koalitiounsparteien am Ausseministère ënnerschriwwe ginn ass. Op 246 Säiten – an integral op franséisch – ass de Programm vun der neier Regierung festgeluecht ginn.

Wa scho leschten Donneschdeg duerchgedronge war, war déi grouss Linne sinn, déi sech déi nei Regierung ginn huet, esou hunn sech gëschter um fréien Owend, den Etienne Schneider (LSAP), Xavier Bettel (DP), Corinne Cahen (DP), a Felix Braz (déi gréng), de Pleséier gemaach, virun de Versammelter Press, dësen Accord ze ënnerschreiwen. Präzisioune gouf et e Méindeg keng…

Mat dësem „Programm“ sollen eis gemeinsam Wäerter gefërdert, den Innovatiounsgeescht promouvéiert an un der europäescher Visioun festgehale ginn. Eng gerecht Justiz, an déi sozial Kohäsioun, gehéieren zu de Prioritéite vun der neier Regierung. Aus ekonomescher Siicht eng interessant Ausso: d‘Differenze beim Akommes solle reduzéiert ginn. „Abee merde alors!“

Et gëtt sech och virgeholl, déi biergerlech Participatioun ze stäerken, ouni d‘Auslännerwahlrecht an Aussiicht ze stellen. De Referendum huet do Akzenter gesat, déi sech nach laang wäerten halen. Dat verhënnert net, datt ee sech dem demokrateschen Defizit zu Lëtzebuerg wëll unhuelen. An engem Land wou d‘Hallschent vun den Awunner „Auslänner“ sinn, ass dat eng Noutwennegkeet.

E kuerzen Iwwerbléck

Déi multimodal Mobilitéit bléift eng vun „grousse“ Prioritéiten, an hei soll dann och an den nächste fënnef Joer zolidd investéiert ginn. Gläichzäiteg gëtt un engem nationale Mobilitéitsplang geschafft deen dem Besoin vun 2035 soll entspriechen. Et solle méi „Park and Ride“ Kapassitéite geschafe ginn, wéi et och méi, a virun allem méi sécher, Vëlosweeër entstoe sollen.

Och den Tram huet seng Plaz, an d‘Linn 1, soll de Findel mat der Cloche d‘Or verbannen. De Projet vum séieren Tram tëscht Esch-Uelzecht an der Stad Lëtzebuerg, soll an d‘Stroossebauprojeten – déi op sengem Tracé leien – agebonne ginn. De gratis ëffentlechen Transport, bréngt eng Rei Reforme mat sech. Méi Radare kréie mir och, an esouguer därer, déi d‘rout Luuchten iwwerwaachen.

Am Beräich vum Logement soll et méi Sozialwunnenge ginn. De Verkaf vu Sozialwunnengen déi an ëffentlecher Hand sinn, gëtt strikt limitéiert. Wat déi staatlech Bäihëllef an d‘Subside fir de Logement betrëfft, esou muss d‘Gesetz iwwerschafft ginn, an d‘Notioune „Sozialwunneng“ an „Wunneng mat moderatem Loyer“ solle méi kloer definéiert ginn. An dat ass nach laang net alles…

D‘Wirtschaft steet och ganz „uewen“ am Koalitiounsprogramm. Hei huet sech déi nei Regierung virgeholl d‘Produktivitéit vun de Ressourcen, mat Hëllef vun den neien Technologien ze stäerken. Am Mëttelpunkt vun der „drëtter industrieller Revolutioun“ steet d‘Verschmëlze vun den Informatiounstechnologien, den erneierbaren Energien an intelligenten Transportreseauen.

Och d‘Politik vun der wirtschaftlecher Diversifikatioun gëtt weidergefouert. Prioritär ausgebaut ginn: Industrie, Ekotechnolgie, Gesondheet a Weltraumerfuerschung (am Hibléck op d‘Notzung vu Weltraumressourcen). D‘Digitaliséierung bleift och en zentraalt Thema. Hei huet sech d‘Regierung virgeholl, eist Land als Pionéier vun der digitaler Innovatioun an Europa ze implantéieren.

Am Educatiounsberäich soll d‘Offer vun den internationalen an europäesche Klassen erweidert ginn. Am Süde vum Land soll en neie „Pilot-Lycée“ entstoen. An der Haaptstad soll et eng agreéiert Europaschoul ginn, an e Gesetz fir den Enseignement doheem soll ausgeschafft, an e de System vum Fernstudium wéi och dee vun der „elektronescher“ Première solle reforméiert ginn.

Mat de Beruffskummere sollen Initiative an d‘Liewe geruff ginn, déi zu enger Valorisatioun vun der berufflecher Ausbildung féiere sollen. Iwwerhaapt sollten all Weiderbildungsmoossnamen, sech der Realitéit vun der Méisproochegkeet unhuelen an ugepasst ginn. D‘Erwuessenebildung an de „Life Long Learning“ muss weiderentwéckelt ginn. An dat sinn nëmmen e puer Beispiller..

Gett elo alles besser?

Geséchert ass, datt et mat der neier „aler“ Regierung, eppes wéi Kontinuitéit gëtt. An si huet dann och dës Kéier eng besser Ausgangspositioun wéi nach viru fënnef Joer. D‘Finanze stinn sech esou schlecht net, d‘Konjunktur ass weiderhin am grénge Beräich, an villes am Koalitiounsprogramm kéint och vun der Oppositioun hierstamen. Si sollten sech um Krautmaart net allze vill bekrichen.

Wéi et der neier Regierung gelénge wëll, de Volet „méi Gerechtegkeet beim Loun“ hinzekréien, dat dierft besonnesch deen Deel vum Salariat interesséieren, dee bei privatiséierte Staatsbetriber – déi zu 100% Staat an/oder Gemenge gehéieren – schafft. Loungerechtegkeet ass eng interessant an fir vill Leit e wichtege Sujet, besonnesch wann den Aarbechtsvertrag vun der Luxtram oder Post ass.

Eng verbessert Mobilitéit bréngt de gratis ëffentlechen Transport net mat sech, also kuerzfristeg, wat jo erkläert, datt hei nach enorm Investissementer musse gemaach ginn. Do schéngt Lëtzebuerg elo awer um richtege Wee ze sinn. Sollt et geléngen datt alles ëmgesat ze kréien, kéint een och an dësem Secteur an der europäescher Unioun eng Virreiderroll iwwerhuelen. Ma da kucke mer emol.

Wien iwwerhëlt wéi en Ministère?

De Xavier Bettel (DP) bleift Premierminister an iwwerhëlt och de Portefeuille „Medien, Kommunikatioun an Digitalisatioun“; den Etienne Schneider (LSAP) bleift Vizepremier a Wirtschaftsminister; de Felix Braz (déi gréng) gëtt Vizepremier a bleift Justizminister.

De Claude Meisch(DP) behält den Ministère vun der Educatioun an dem Héichschoulwiesen; d‘Corinne Cahen (DP) bleift Familljeministesch, de Lex Delles (DP) iwwerhëlt d‘Ministère fir Tourismus a Kooperatioun; de Pierre Gramegna (DP) behält de Finanzministère; de Marc Hansen (DP) gëtt Minister fir Fuerschung a vum ëffentlechen Déngscht.

De Romain Schneider (LSAP) wiesselt an de Landwirtschaftsministère; den Dan Kersch (LSAP) den Aarbechtsministère; d‘Taina Bofferding (LSAP) gëtt Inneministesch; d‘Paulette Lenert (LSAP) iwwert d‘Ministère Gesondheet a Soziales; de Jean Asselborn (LSAP) bleift Ausseminister an zoustänneg fir Immigratioun.

De François Bausch (déi gréng) kritt d‘Ministèren: Transport a Verdeedegung; d‘Sam Tanson (déi gréng) déi vum Logement an der Kultur, d‘Carole Dieschbourg (déi gréng) bleift Ministesch fir Ëmwelt a Klima, de Claude Turmes (déi gréng) iwwerhëlt de Ministère vun der nohalteger Entwécklung, der Energie an dem Amenagement vum Territoire.

Foto: (v.l.n.r.) Etienne Schneider (LSAP), Xavier Bettel (DP), Corinne Cahen (DP) a Felix Braz (déi gréng), wéi se de Koalitiounsaccord ënnerschreiwen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten déi gréng, DP, Koalitiounsaccord, LSAP, Regierung, Regierungsprogramm
Nächsten Artikel Virrechten Artikel