Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wann de Staat sech (bal) onbemierkt aus der Verantwortung zitt
International Neiegkeeten Stories

Wann de Staat sech (bal) onbemierkt aus der Verantwortung zitt

Déi „privatiséiert“ POST Lëtzebuerg gehéiert wuel nach der Regierung an

dislike
Syrien: Den Erdogan fuerdert d‘USA op aus Manbij ofzezéien
International Neiegkeeten Stories

Syrien: Den Erdogan fuerdert d‘USA op aus Manbij ofzezéien

Den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan huet haut Washington opgefuerdert

Mat Power of Peace géint d’Maueren an der Welt
International Neiegkeeten Stories

Mat Power of Peace géint d’Maueren an der Welt

Dem weltbekannte Gittarist Carlos Santana, dee kierzlech säi 70. Gebuertsdag

„America First“ – Trump lancéiert offiziell seng Wahlcampagne

US-President huet zu Orlando d‘Rennen ëm dat Wäisst Haus agelaut

„America First“ – Trump lancéiert offiziell seng Wahlcampagne

Am Bundesstaat Florida, zu Orlando huet den Donald Trump virun 20.000 Unhänger offiziell seng Wahlcampagne lancéiert, a seng Ried mat enger Attack géint d‘Medien ugefaangen. Déi géifen nëmme Lige Verbreeden (ausser Fox News a Breitbart News natierlech N.v.d.R.). Den 73 järegen huet et grad néideg…

Wéi och ëmmer… seng Fans am Amway Center zu Florida, huet de Milliardär opgeruff, nach emol seng „America First“ Bewegung ze ënnerstëtzen. Géintiwwer der Konkurrenz gouf et och eng zolidd Annonce. D‘Demokrate wéilten hien aus den Wäissen Haus drängen, si wiere vum Haass geleet a géifen et drop ukomme loossen d‘USA, esou wéi d‘Land kennt, an den Ofgrond ze féieren.

Wahlcampagne

Him wier dogéint dat onméiglecht gelongen. Keen US-President virun him wier wirtschaftlech esou erfollegräich gewiescht. D‘Konjunktur wier deraart gutt, datt déi ganz Welt vu Näid géif verblatzen. Et schéngt also wéinstens een dovunner iwwerzeegt ze sinn, datt „Make America Great Again“ och tatsächlech mat der trumpscher Aussen- an Handelspolitik ze vereenbaren ass. Mee en ass net eleng.

Wahlcampagne

Begleet gouf den Donald Trump natierlech vun der „First Lady“ Melania a sengem Pitt Bull, dem US-Vizepresident Mike Pence mat senger Fra Karen. Dem US-President seng Virléift fir markant Tweets virun engem ëffentlechen Evenement, déi ass bekannt a fir säin Optrëtt zu Orlando, huet et dann och misse sinn. D‘Begeeschterung ënnert de Republikaner wier deemno „ongebremst“.

E Rockstar?

Am Tweet verkënnt den US-President mat Bezuch op säi groussen Optrëtt: „Esou eppes hunn d‘Leit nach ni gesinn (ausser du spills Gittar). Dat gëtt Wëll – bis herno“. Dat muss et och, ëmmerhi gëllt Florida als dee Bundesstaat, dee matbestëmmend fir den Ausgang vun de Wahlen 2020 wäert sinn. D‘Virwahle fänken am Februar un, mee un der Nominéierung vum Donald Trump zweiwelt keen.

Wahlcampagne

Den Donald Trump viru sengen Unhänger zu Orlando: „An engem ultimativen Akt vu moralescher Feigheet, ass net een demokratesche Kandidat fir Presidentschaft – net een eenzegen – opgestane fir déi groussaarteg Männer a Frae vun ICE a Grenzpolice. Si hunn net de Charakter, d‘Würd oder d‘Réckgrat!“ © Trump Election Team

Bei de Republikaner gëtt et wuel e Konkurrent: de fréiere Gouverneur Bill Weld, huet sech emol zu Wuert gemellt. Chancen huet dee wuel keng. Bei den Demokraten ass et en „Héngerstall“. Mat 23 Kandidaten hu si eng „grouss Auswiel“. Fir den Ament ass et den ex-Vizepresident Joe Biden, deen an der Favoritteroll op sech opmierksam mécht. Deen hätt wuel eppes opweisen, awer kee Réckhalt.

Wien den Haass séit…

Am Kontext vu der Wahlcampagne 2020 ass et wichteg d‘Jalone richteg ze placéieren. An esou huet den US-President viru sengem Optrëtt zu Orlando nees eng grouss Annonce gemaach. Esou wei am virechte Wahlkampf, sinn och dës Kéier nees d‘Auslänner (also d‘Migranten) als Stoussnéckel e gutt Mëttel fir „Angscht“ ze maachen, dënn Haass op dat Friemt ze entflamen an ze Punkten.

Wahlcampagne

Hien ass immens Houfreg drop iwwer zwee Joerzéngten ewech, am Déngscht vun der Wäisser a Chrëschtlecher Bevëlkerung vun Amerika geschafft ze hunn. (D‘Bild ass eng satiresch „Montage“ an de Site http://www.officialmikepence.com/ e Fake, mee net aus der Loft gegraff.

Elo wëll den US-President Millioune vun illegalen Awanderer ausweisen. Hir Zuel gëtt op eng 12 Millioune geschat. Laut sengem Tweet, sollen déi zoustänneg Autoritéiten (Police an ICE) schonn déi nächst Woch mam „raumen“ ufänken. Mexiko huet den Donald Trump jo erfollegräich an d‘Knéie gezwongen an de Guatemala muss och elo eng Drëttstaate-Vereenbarung ënnerschreiwen.

Wahlcampagne

Deemno mussen d‘Guatemalteken hie Demande op Asyl, am Heemechtsland ufroen an net méi an bei der Arrivée an den USA. Mexiko sengersäits huet sech verflicht 6.000 Nationalgardisten un d‘Grenz zu den USA ze schécken, fir d‘Migranten aus Mëttel- a Südamerika zréckzedrängen. Dat kënnt beim Trump senger „wäisser“ Clientèle gutt un. A grad a Florida kann dat Punkten abréngen.

mat indymedia/mia/nyc

Foto: Un Zousproch feelt dem Donald Trump net, an et ass net zoufälleg, datt hien seng Campagne zu Orlando gestart huet. Et sinn déi einfach Léisunge fir komplex Problemer, déi hie bei senge Fans esou populär Maachen. Et ass e Populist dee mat Theme wéi Migratioun, enger extrem aggressiver Aussepolitik an enger gewoter Handelspolitik, seng Unhänger hannert d‘Liicht gefouert kritt. © Trump Election Team

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Migratioun, Mike Pence, Populismus, Presidentschaftswahl 2020, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel