Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

angrymoney
De Konsumenteschutz nach ëmmer mat de Banken an der Post onzefridden
Angry Cry Fail International Neiegkeeten Sport

De Konsumenteschutz nach ëmmer mat de Banken an der Post onzefridden

Bei der Auditioun vum 25. Oktober haten déi verantwortlech vum

TNS Ilres: Wien ass dee schéinsten am Lëtzebuerger Land?
Angry Cry Fail International Neiegkeeten Sport

TNS Ilres: Wien ass dee schéinsten am Lëtzebuerger Land?

Et ass nach 2017 a bis zu de Chamberwahle sinn

cool
Fuer mat eis duerch d’Land a weis eis, wéi gutt s de et kenns
Angry Cry Fail International Neiegkeeten Sport

Fuer mat eis duerch d’Land a weis eis, wéi gutt s de et kenns

D’Land ass méi grouss wéi ee mengt! Mir hunn e

angrycryingdislike

American Football: Den Trump huet d‘Philadephia Eagles „ausgelueden“

American Football: Den Trump huet d‘Philadephia Eagles „ausgelueden“

Den Donald Trump huet um Méindeg seng Invitatioun an d‘Wäisst Haus, déi de Spiller vun de Philadelphia Eagles zougestallt gi war zréckgezunn. Hie begrënnt dëse Geste mam Fait, datt et verschidde Spille gewot haten, bei der Nationalhymn e Knéi op de Buedem ze setzen.

Esou eppes huet et nach net ginn, mee den US-President huet Hausrecht. Et ass zudeem gewosst, datt den Donald Trump sech ganz oppe géint d‘Spiller vun der NFL gestallt huet, déi mat hirem Geste géint d‘Gewalt mat rassisteschem Hannergrond protestéieren. De Locataire aus dem Wäissen Haus hat dann och gemengt, datt dës Spiller „vläicht net sollten am Land sinn“.

„D‘Philadelphia Eagles kënne muer net mat hirer kompletter Mannschaft kommen, fir geéiert ze ginn. Si sinn net mam President averstanen, wëll hien drop besteet, datt si sech mat Houfert fir d‘Nationalhymn opstellen, an d‘Hand op d‘Häerz halen“, esou d‘Deklaratioun vum Donald Trump an engem vum Wäissen Haus um Méindeg verëffentlechte Communiqué.

Grouss Loscht haten si souwisou net

Nach iert et zur Aluedung komm ass, haten eng ganz Rëtsch Spiller scho matgedeelt, dat si der Invitatioun vum US-President net géifen nokommen. Dobäi ass et eng „Traditioun“, datt déi Equippen déi sech an de véier Profi-Championnater behaapt hunn, am Wäissen Haus empfaangen a geéiert ginn. Dat seet dann awer och vill iwwert d‘Stëmmung am Land aus…

„D‘Eagles wollten eng reduzéiert Delegatioun schécken, mee déi 1.000 Supporter déi virgesinn hunn sech um Evenement ze bedeelegen, verdénge méi wéi dat. Dës Fans ginn ëmmer an d‘Wäisst Haus agelueden, fir un enger anerer Form vun Zeremonie deelzehuelen, zu Éiere vun eisem grousse Land“, heescht et weider am Communiqué.

„Esou vill Ligen…“ reagéiert e fréiere Spiller vun de Philadelphia Eagles, Torrey Smith. „Vill wollte souwisou net dohinner goen. Mee keen huet refuséiert, just well den Trump drop besteet, datt se sech bei der Nationalhymn stellen. De President hält un dëser falscher Geschicht fest, laut där déi Spiller géint d‘Zaldote sinn“, erkläert den Torrey Smith.

Et ass eng Form vu Protest, net méi, net manner

E Knéi op de Buedem ze setzen, ass eng Form vu Protest. En däitlecht Zeeche mat deem op evident Problemer am Land higewise soll ginn. De Mouvement, mat deem de Protest bei der Nationalhymn zum Ausdrock bruecht gëtt, war 2016 vum Quarterback Colin Kaepernick, vun de San Francisco 49ers, lancéiert ginn. Hien hat den Dout vun Afroamerikaner bei enger Verhaftung denoncéiert.

An der leschter Saison huet sech de Mouvement „entwéckelt“, wéi honnerte Spiller, zur Majoritéit Afroamerikaner, bei der Nationalhymn – déi virun all Renconter gespillt gëtt – néiergeknéit hunn. Si hunn op dës Manéier géint den evidente Rassekonflikt an den USA protestéiert. D‘Hautfaarf war, an ass an Amerika, nach ëmmer en Diskriminatiounsfacteur.

D‘Reaktioun vum Donald Trump huet d‘Situatioun nach verschäerft, wéi hien d‘Spiller déi protestéiert hunn als „Houerebouwe“ bezeechent hat. Dorops hin hunn sech vill Spiller solidaresch erkläert a kloer gemaach, datt si am Fall vun enger Victoire vun hirer Mannschaft, net géifen un der Zeremonie am Wäissen Haus deel huelen.

Säitens der NFL, ass dann am Mee eng ëmstridden Entscheedung getraff ginn. Déi huet de Spiller däitlech gemaach wien am Land d‘Reegelen opstellt. Wien net bei der Nationalhymn opriicht stoe wëll, muss mat haarde Strofe rechnen. Eng Decisioun déi säitens dem Donald Trump begréisst ginn ass. D‘Spiller dierfen awer an de Vestiaire bleiwe wann d‘Nationalhymn gespillt gëtt.

mat AFP

Foto: Bei der Championnatsfeier zu Philadelphia (Februar 2018) hu Fans e Plakat héich gehalen op deem ze liesen ass „Vergiesst den Trump … Nick Foles fir President“. Och eng Äntwert op dee vum US-President ausgeléiste Konflikt mat de Spiller, déi géint de Rassenhaass protestéieren. © Patrick Smith/Getty Images/AFP

Ähnlech Sujeten American Football, Donald Trump, NFL, Philadelphia Eagles, Rassismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel