Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Fernanda Strange an der Brasserie K116!
International Neiegkeeten Stories

D’Fernanda Strange an der Brasserie K116!

Och am September kann d’Brasserie K116 nees musikalesch iwwerzeegen. Dës Kéier

Chantier um Echangeur Bireng vun der A13 (26.-29.06.2020)
International Neiegkeeten Stories

Chantier um Echangeur Bireng vun der A13 (26.-29.06.2020)

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt et duerch d’Aarbechten fir den neie

Homosexualitéit bei Kanner: De Poopst réit zu psychiatrescher Behandlung
International Neiegkeeten Stories

Homosexualitéit bei Kanner: De Poopst réit zu psychiatrescher Behandlung

Déi kathoulesch Kierch ass a bleift dovunner iwwerzeegt, datt Homosexualitéit

Amerika um Wee an d‘Anarchie?

Vu wäissen Iwwermënsche mat Waffen an engem verlugene President op der Sich no der Wourecht

Amerika um Wee an d‘Anarchie?

Déi aner Säit vum grousse Pull hat et um 1. Mee insgesamt 1.131.452 Infektiounsfäll ginn. Um Covid19 verstuerwe sinn 65.776 Mënschen, vun der Krankheet erholl hunn sech der 161.563. Domadder sinn aktuell nach 904.113 „krank“, 16.481 hänken u Beotmungsapparater. Esouwäit d‘Zuele wéi se vun der John-Hopkins Universitéit an um Site „worldometer“ presentéiert ginn.

Trotzdeem lafen elo déi vum Wäissen Haus virgeluechten „Guidelines“ aus, a vill Bundesstaaten sichen elo no engem Wee an déi „nei Normalitéit“. Den US-President fuerdert zudeem eng séier Reprise vun de wirtschaftlechen Aktivitéiten, a vill vu sengen Unhänger ginn dann och zimmlech däitlech a mat deels bedreelechen Demonstratioune géint de Lockdown vir, esou wéi a Michigan.

AmerikaHei huet d‘Gouverneurin Gretchen Whitmer den Noutstand verlängert, wat „gewësse“ Mënschen net gefält, an déi hunn dann och eng ganz besonnesch Aart a Weis vun hirem demokratesche Recht op Protest/Demonstratioun gebrauch ze maachen. Esou sinn déi „wäiss Iwwermënschen“ an der Haaptstad Lansing – schwéier bewaffent – an d‘Parlament agedronge fir hir Meenung ze soen…

Wärend d‘Auteure Candace Owens an engem Tweet d‘Gouverneurin als „Diktator vun engem sozialistesche Land“ verkläert a ganz am Sënn vum Donald Trump hetzt a stëppelt, hunn déi no Fräiheet jäizend Idioten si um Donneschdeg als „Adolf Hitler“ duergestallt. Eigentlech ass dat e Widdersproch, ass dem fréiere GröFaZ seng „Ideologie“ dach genee déi wou si vertrieden.

AmerikaElo ass déi Demokratesch Gouverneurin net esou liicht aus der Rou ze bréngen, well et geet jo och net ëm déi honnerten Toperten déit bereet sinn sech Desinfektiounsmëttel ze sprëtzen, mee ëm d‘Verantwortung géintiwwer alle Bierger am Bundesstaat. An esou huet d‘Gretchen Whitmer um 1. Mee den Noutstand bis zum 28. Mee verlängert. An nach, et ass erstaunlech, ass kee Schoss gefall.

A während a Michigan den Opstand geprouft gëtt, ginn an 9 US-Bundesstaaten zanter Deeg no Weeër gesicht, wéi ee Lackerunge bei de Moossname kann Ëmsetzen. Am Bundesstaat Georgia huet de Gouverneur beispillsweis d‘Führerschäinsprüfungen „ausgesat“, firwat vill jonk Leit de „Bong“ elo quasi geschenkt kréien, wann se 40 Stonne Begleet-Fueren noweise kënnen.

Amerika

Um Strand vu Galvaston (Texas) ginn d‘Leit mat Gesiichtsmasken hire Fräizäitaktivitéiten no. Och Oklahoma huet nees eng „Ëffnung mat Mooss“ erkläert, obwuel hei d‘Zuele weider klammen, dat allerdéngs „méi lues“. Laut dem Gouverneur géif et genuch Kapassitéiten an de Spideeler. Anerer setzen op Ofstand an Desinfektiounsmëttel, och soll anerwäerts d‘Temperatur gemooss ginn…

Ass de Virus an engem Laboratoire entstanen?

A wärend dem Krichspresident säin Appell „Liberate“ wäitgoend befollegt gëtt, sichen se am Wäissen Haus no der Entstoung vum Coronavirus Covid19. Wouhier staamt deen a gëtt et elo Hiweiser déi drop hindeiten, datt de Virus an engem chinesesche Laboratoire zesummegeschrauft ginn ass? Den Donald Trump ass dovunner net nëmmen iwwerzeegt, hien huet d‘Beweiser…

Amerika

Blöd heibäi de Fait, datt net nëmmen dem Donald Trump seng Wëssenschaftler, och seng ganz performant Geheimdéngschter dës „Ausso“ mat vill Skepsis begleeden. Et gëtt eng ganz Rëtsch Etüden, déi eng „natierlech Hierkonft“ prekoniséieren. Déi plausibelst Erklärung ass weiderhin, datt d‘Iwwerdroung vu Flantermais ausgaangen ass. Ganz ofschléissend gekläert ass dat awer nach net.

Wann ee sech op konkret an novollzéibar Erklärunge ka stëtzen, hält ee sech un Theorie fest. Fir den Donald Trump, deen en zweet Mandat als US-President uviséiert, besteet d‘Theorie doranner, datt de Virus an engem Laboratoire zu Wuhan geziicht ginn ass. Hie behaapt sech weider dorobber, an huet an der Pressekonferenz vu gëschter gesot, dat him entspriechend Informatioune virleien.

Amerika

Zudeem spuert hien net u Kritik géintiwwer Peking. Hie werft de Chinese vir, de Virus net gestoppt ze hunn: „Si waren dozou entweder net an der Lag, oder si hunn entscheet et net ze maachen an d‘Welt huet schwéier gelidden“. Hie wëll dann och déi chinesesch Regierung „haftbar“ maachen, wat, doriwwer sollt ee sech elo bewosst sinn, kaum méiglech ass. An dat weess de Milliardär och.

Interessant ass dann awer och, datt esou deen zimlech ëmstriddenen US-Geheimdéngschtdirekter, Richard Grenell, sech hei keng Bléisst wëll ginn an erkläert huet, datt seng Servicer sech och weiderhinn dem wëssenschaftleche Konsens uschléissen, datt de Virus net „geschafe“ gouf oder genetesch verännert ginn ass. Et géif een awer préiwen, op et een „Accident“ ka gewiescht sinn.

D‘Fro nom Ursprong vum Covid19 (wëssenschaftlech SARS-Cov2) ass fir den US-President awer och eng Fro vum „ganz grousse Geld“. Eng Äntwert op dës Fro ass wichteg fir d‘Ausschaffe vu Géigestrategien a gläichzäiteg eng héich brisant politesch Affär. Nom Handelskrich an villen anere klenger Dissonanzen, kéint dëse Virus zum endgültege Broch tëscht de Groussmuechte féieren.

Amerika

Esou denkt den Donald Trump net nëmmen iwwer Mesuren no, nee hie schwätzt déi ganz oppen aus. Nieft Stroftaxen op Importer aus China an Entschiedegungsfuerderungen, huet de Milliardär erkläert, datt – wa China net endlech kooperéiert a seng „Wëssenschaftler“ a China nokucke léisst – d‘USA hir Scholden (geschätzt 25 Billiounen US-Dollar) net géife begläichen…

Dat ass eng gewoten „Ausso“ déi zudeem de gesamte Welthandel bedreet, deen zu zweedrëttel an US-Dollar ofgewéckelt gëtt. Doriwwer eraus, hunn d‘Chinesen därmoosse vill dëses Geld, datt wann si déi muer géifen op den Devisemäert fräisetzen, den Dollar därmoossen u Wäert verléiere géif, dat d‘Aktiemäert géifen zesummebriechen. Dat géif um direkte Wee an d‘Anarchie féieren…

mat indymedia/lan/was/nyc/hou

Foto: „Wëll de Michigan-Terrorismus en Trend setzen, esou datt mir Regierungsgebaier mat Waffe stierme kënnen, mee net bei der Nationalhymn néierknéie mussen? Kënne mir dann elo Nazi- a Südstaatefändel schwenken an dat Patriotismus nennen? Dat eloten ass kee Protest dat ass Terror“ © Grasen Nance (RevoltNowNews)

Ähnlech Sujeten China, Coronakris, Covid19, Donald Trump, Geheimdéngschter, Michigan, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel