Search

You may also like

#SaveYourInternet – Fir d‘Fräiheet, géint den Artikel 13
International Neiegkeeten

#SaveYourInternet – Fir d‘Fräiheet, géint den Artikel 13

De Samschden den 23. Mäerz sinn europawäit Demonstratioune géint d‘EU-Urheberrechtsdirektiv,

NATO: Nom Trump muss sech och mat Afghanistan an der Ukrain beschäftegt ginn
International Neiegkeeten

NATO: Nom Trump muss sech och mat Afghanistan an der Ukrain beschäftegt ginn

Zu Bréissel kënnen d‘NATO-Partner opootmen: den Donald Trump geet d‘Brite

Kenns du Käerjeng gutt genuch, fir hei vill Punkten ze kréien?
International Neiegkeeten

Kenns du Käerjeng gutt genuch, fir hei vill Punkten ze kréien?

[onionbuzz quiz-id=190][/onionbuzz] Zënter der Fusioun gehéiert Käerjeng eleng scho vun

Amerika am Ausnamezoustand

US-President annoncéiert datt Antifaschisten zu Terroristen erkläert ginn – op wéi enger Grondlag dat berout huet hien opgelooss…

Amerika am Ausnamezoustand

Déi aner Säit vum grousse Pull, deem Land wou d‘Recht eng Waff ze droen, vun der Verfassung am selwechte Mooss wéi d‘Meenungsfräiheet héich gehale gëtt, brennen d‘Stied. Et huet Leit déi friddlech Protestéieren anerer raiberen d‘Geschäfter aus. D‘Police schéisst geziilt op Journalisten, behënnert d‘Berichterstattung wou et nëmme geet. A Schold hunn d‘Antifaschisten (Antifa)…

An engem Tweet huet den US-President, dee kloer erkannt huet wien hannert dem Chaos steet, erkläert: „D‘USA wäerte militant Antifa-Gruppen zu Terrororganisatiounen erklären“. Dat an engem Land wou d‘Verfassung et zouléisst ganz oppe mam Hakekräizfändel ze spadséieren, wou de Klu Klux Klan nach ëmmer ganz fräi an oppen agéiere kann. Béid extremer geroden elo unenaner.

AmerikaZu Minneapolis, nom Dout vum George Floyd, engem 46 järegen Afroamerikaner, deen duerch de Polizist Derek Chauvin (ouni Absicht) erbäigefouert gouf, ass a ville Groussstied de blanke Chaos ausgebrach. Iwwerall ginn Ausgangsspären (Curefew) verhaangen, US-Bundesstaaten a Groussstied hunn den Noutstand ausgeruff. D‘Staatsgewalt ass mat alle Servicer, bis hin zur Arméi, omnipresent.

4 Deeg huet et gedauert, bis de Polizist „verhaft“ ginn ass, mëttlerweil sinn och déi dräi Kolleege vum Beamte verhaft ginn. D‘Uklo bezitt sich sech op „Doudschlag“ (3rd degree Murder), woubäi de Video explizitt weist dat de Mann ëmbruecht ginn ass. Eng „éischt“ Autopsie well erginn hunn, datt de Mann „Virerkrankungen“ hat, déi zum Dout gefouert hunn, de Policeasaz quasi en Accident ass.

AmerikaAlles Elementer, déi an Zäite wou esou Noriichte „viral“ ginn, zu engem Ausbroch vu Protest, Rebellioun am ganze Land gefouert hunn. Ënnert d‘Demonstranten hu sech och Gruppe gemëscht, déi sech net fir d‘Saach asetzen, mee et kloer drop ofgesinn, d‘Geleeënheet ze notzen d‘Geschäfter auszeraiberen. Et gëtt allerdéngs och Extremisten aus dem „rietse Lager“, déi matmëschen…

Gutt datt ee Bescheed weess

Fir den US-President a weider Regierungsvertrieder si lénksradikal Gruppe fir d‘Ausschreidungen an d‘Gewalt verantwortlech. Nozeweisen ass dat esou net, mee de Donald Trump weess wéi een esou Zweiwel aus dem Wee raumt. „D‘Gewalt an de Vandalismus gi vun der Antifa an anere gewaltbereete Gruppe vum lénke Fligel ugefouert“, esou den US-President um Samschdegowend.

AmerikaDës Gruppe wieren extra fir d‘Protester ugereest, esou de Milliardär, dee kee Wuert gesot huet, wéi rietsradikal Elementer mat Gewierer a Parlamenter demonstréiert hunn, fir géint d‘Mesuren ze protestéieren, déi am Kontext vun der Covid19-Pandemie ergraff goufen. Eng Pandemie déi erwisenermoosse schlecht geréiert gëtt, a fir déi eleng China an d‘WHO d‘Verantwortung hunn.

An esou verwonnert et och net, datt de nationale Sécherheetsberoder Robert O‘Brien och friem „Muechten“ fir den Opstand verantwortlech mécht. Laut dem Robert O‘Brien, géifen sech China, den Iran an den Simbabwe iwwert den Ëmwee vun de sozialen Netzwierker an d‘Innepolitik vun den USA amëschen. Datt et eventuell um „System“ kéint geleeë sinn, dozou sot hien näischt.

Amerika

Beim Abléck an d‘Date vun deene Leit déi zu Minneapolis verhaft goufen, loossen sech déi vun der Trump-Administratioun ervirbruechte Virwërf net bestätegen. Et ass awer richteg, datt sech Bande gutt virbereet – an ouni eppes mat Protest u sech ze dinn ze hunn – déi chaotesch Situatioun zu Notze maachen. Lénks- wéi Rietsextremiste vermëschen sech. Déi hunn et op d‘Konfrontatioun mat der Police ofgesinn, déi aner schéngen decidéiert et op ee Rassekrich ukommen ze loossen.

AmerikaD‘Antifa ass keng Organisatioun am eigentleche Sënn, mee sécherlech ee Mouvement deen ee muss eescht huelen. Déi zu Terroristen ze deklaréiere bréngt allerdéngs mat sech, datt jiddereen, dee sech géint riets Gewalt, Rassismus, oder oppe wäisse Rassisten entgéintstellt, faktesch zum Terrorist erkläert gëtt. Mat iwwer 100.000 Covid19-Affer a ronn 40 Millioune Chômeuren, an elo dëser Revolt, kann een net wierklech behaapten, d‘USA hätt déi beschte Regierung vun der Welt…

En Iwwerbléck zum Sonndeg

Vu Boston bis San Francisco huet et Protester ginn. Déi meescht dovunner ware friddlech, mee wéi esou oft hu sech och „Leit mat aneren Absichten“ dësem Protest ugeschloss. Zu Philadelphia a Santa Monica (Los Angeles) si Geschäfter ausgeraibert ginn. Zu Minneapolis ass en Tankcamion op engem besaten Highway an d‘Demonstranten duergefuer. Zu San Diego koum et och zum Clash.

AmerikaDen Donald Trump fuerdert en haart Duerchgräife vun der Police an den Nationalgardisten. A 40 Groussstied sinn Ausgangsspäre verhaange ginn, et kënnt massiv zu Verhaftungen. Zu Washington koum et am Ëmfeld vum Wäissen Haus op en Neits zu Protester an d‘Buergermeeschtesch huet den Noutstand ausgeruff. Vill Demonstratioune goufen als „Illegal“ bezeechent…

mat indymedia/was/lax/sfo/nyc

Related topics Antifa, Donald Trump, Policegewalt, Protest, Rebellioun, USA, wäiss Supremassisten
Next post Previous post