Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Washington: Tëleerealitéit am Wäissen Haus
International Neiegkeeten Stories

Washington: Tëleerealitéit am Wäissen Haus

E Méindeg huet sech den Donald Trump, mir näischt, dir

120 Milliounen Euro Hëllef fir eis Imker!
International Neiegkeeten Stories

120 Milliounen Euro Hëllef fir eis Imker!

D’EU-Kommissioun huet ugekënnegt, datt Finanzhëllefe fir déi europäesch Imker ëm

Editorial: Noriichten déi ee bedenklech stëmmen
International Neiegkeeten Stories

Editorial: Noriichten déi ee bedenklech stëmmen

Wann et sécherlech richteg ass, datt mir net esou wierklech

Amerika, d‘Land vun de Géigesätz

De Justizminister annoncéiert de Récktrëtt vum New Yorker Bundesstaatsanwalt ouni dësen am Virfeld ze informéieren, firwat deen dann och net goe wollt, an un Enn dann awer opginn huet

Amerika, d‘Land vun de Géigesätz

Wat een net fir méiglech géif halen, schéngt sech elo awer al Fakt ze erweisen. Dem Donald Trump seng Minister huelen ëmmer méi d‘Charakterzich vum „Chef“ un. War dat beim US-Ausseminister schonn eppes éischter offensichtlech, esou zitt de Justizminister William Barr no. Dee wëll sech dem Geoffrey Berman, Procureur vum mächtegste Geriichtsbezierk entleedegen, an dee geet net…

De 60 järege Geoffrey Berman, Bundesstaatsanwalt vum New Yorker South District (Manhattan) huet an engem knappe Communiqué matgedeelt, datt hien eréischt da wäert zrécktrieden, wann de Senat een Nofolger bestëmmt huet. Bis deem esou ass, wäert hie sengen Aufgabe weiderhin nokommen an déi lafend Ermëttlunge weiderféieren. A wat ass wann den Trump him kënnegt?

AmerikaNodeems de Justizminister um Freideg seng „Nouvelle“ an de Procureur säi Refus verkënnt haten, huet de William Barr e Samschdeg an engem Schreiwes un den Geoffrey Berman geschriwwen: „Elo wou dir erkläert hutt, datt dir net d‘Absicht hutt zeréckzetrieden, hunn ech den US-President gebueden, si um haitegen Dag ofzesetzen, an dat huet dëse gemaach“. Dat war elo däitlech oder?

AmerikaLeider net wierklech, wëll den US-President Donald Trump, dee sech fir den Ament nees voll ganz op säi Wahlkampf konzentréiert, war kuerz viru senger Ofrees zu enger Kundgebung zu Tulsa (Oklahoma) dozou befrot ginn. De presséierte Milliardär huet dozou just gemengt, datt hien net perséinlech an den Dissens tëscht dem Justizminister an dem Bundesstaatsanwalt involvéiert ass.

Jo wat dann elo

No dëser Ausso huet et ugefaangen oniwwersiichtlech ginn. Esou huet CNN e Freideg bericht, datt de Barr de Berman an engem Hotel zu Manhattan opgefuerdert hätt zréckzetrieden. Zwou Stonnen drop huet der Berman statuéiert, datt hie vun dëser „Demande“ eréischt aus den Noriichten eppes matkritt huet. CNN huet seng Timeline entspriechend aktualiséiert, wéi de Statement virlouch.

Du koum d‘Annonce, datt d‘Kënnegung mam Trump gekläert wier. Iwwert de ganze Samschdeg ewech huet et vill géigesätzlech Informatioune ginn. De Justizminister dee säi Vertrauten, de Craig Carpenito als „Ersatz“ virgesinn huet, huet dann no 18 Stonnen och dat nees revidéiert. Dunn huet de Berman noginn, mee kann sech awer zumindest freeën dem Barr seng Pläng versaut ze hunn.

AmerikaNodeems also de Carpenito net méi als Nofolger a Fro koum, ass et dann elo dem Berman seng riets Hand, déi delegéiert Bundesstaatsanwältin Audrey Strauss, déi den Interim soll assuréieren, bis de Senat een Nofolger bestëmmt huet. Vill Freed wäert si mat hirer Aufgab net hunn, wëll de Barr a sengem Schreiwes un de Berman och ugekënnegt hat, datt de Generalinspekter vum Justizministère, Michael Horowitz d‘Supervisioun vun der Staatsanwaltschaft zu Manhattan iwwerhuele wäert.

Dee soll sécherstellen, datt wann zu Irregularitéiten (am Sënn vun der Regierung) komme sollt, et zu enger entspriechender Revisioun vum Dossier komme wäert. Mee dat ass net esou einfach. De Versuch sech vun engem vun den aflossräichste Procureuren ze entleedegen, huet d‘Republikaner – déi de Senat kontrolléieren – a Verleeënheet bruecht, an déi wëlle keen neie Procureur ernimmen, deen net och d‘Zoustëmmung vun den Demokrate kritt. Domatter huet de Berman net alles verluer.

Eppes zum Hannergrond

De Geoffrey Berman, selwer Republikaner, huet den Job als Bundesstaatsanwalt zu Manhattan 2018 iwwerholl. Hie war Fiederféierend an den Ermëttlungen déi Korruptiounsaffäre vu Leit aus dem trumpschen Ëmfeld betreffen. Hien hat ganz erfollegräich am Prozess géint den Affekot vum US-President, Michael Cohen plädéiert, dee wéinst Falschausso a Steierhannerzéiung verurteelt gouf.

AmerikaAn net nëmmen dat. De Geoffrey Berman huet och géint de Comité, dee sech ëm d‘Festlechkeeten zur Amtsaféierung vum Donald Trump gekëmmert huet, ermëttelt. Aktuell lafen nach ëmmer d‘Ermëttlunge géint dem Trump säin Affekot Rudy Giuliani an seng ukrainesch Partner Lev Parnas an Igor Fruman. Et ass also net esou datt et net genuch Grënn hätt dem „Verréider“ lass ze ginn.

Esou léisst dann och erklären, datt de William Barr vill Wäert drop leet, datt esou ee Mandat vun engem dem Trump loyal gesënnte Mann ausgefëllt gëtt. Gewosst an dann elo och, datt den Donald Trump de Chef vun der Börsenopsiicht (SEC) Jay Clayton nominéiere wëll. De fréiere Wall Street Affekot huet awer null Erfarung mat der Strofverfolgung. Dat wäert de Senat berécksiichtegen.

AmerikaDee ganze Mëssel ass dann awer och keng Iwwerraschung am eigentleche Sënn. De William Barr, dee seng „Führer“ trei ergeben ass, versicht schonn eppes méi laang d‘Procureuren auszetauschen, déi net 100% op der Linn vum Wäissen Haus sinn. Am Januar hat hien de Procureur vum Bezierksgeriicht zu Washington DC, dee fir d‘Ermëttlunge géint dem Trump seng Beroder, Roger Stone a Michael Flynn verantwortlech war, op d‘Schëff geschéckt.

Dausende Juristen an den USA hunn ëffentlech zum Ausdrock bruecht, datt dem Justizminister seng „Interventiounen“ eng reell Gefor fir d‘Onofhängegkeet vun de Justizorganer ass. An wann den Geoffrey Berman elo noginn huet, esou verhënnert dat net, datt elo a juristesche Kreesser doriwwer debattéiert gëtt, ob de Justizminister iwwerhaapt d‘Befugnis huet e Procureur ze kënnegen.

Amerikamat indymedia/nyc

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Geoffrey Berman, Justiz, US-Wahlkampf 2020, USA, William Barr
Nächsten Artikel Virrechten Artikel