Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Keng Reklammen w.e.g. (Lieserbréif)
International Neiegkeeten

Keng Reklammen w.e.g. (Lieserbréif)

Op menger Bréifkëscht pecht e gielen Autocollant “Keng Reklammen w.e.g.”.

Kronospan: E Feier op engem industrielle Site a seng Folgen
International Neiegkeeten

Kronospan: E Feier op engem industrielle Site a seng Folgen

An der Industriezon „Gadderscheier“ hat et den 31. Juli bei

What the Fakt – Ee gëllent Zäitalter mam an duerch de Rembrandt!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Ee gëllent Zäitalter mam an duerch de Rembrandt!

Als hollännesche Moler gehéiert de Rembrandt van Rijn wuel zu

Amerika gëtt sech e Gesetz fir den elektronesche Courrier am Ausland ze saiséieren

Amerika gëtt sech e Gesetz fir den elektronesche Courrier am Ausland ze saiséieren

Um Freideg huet den Donald Trump e Gesetz ënnerschriwwen, mat deem sech d‘USA e legale Kader ginn, fir elektronesche Courrier (Email) am Ausland saiséieren ze kënnen. E Gesetz dat am Virfeld zu gréisseren Ausenanersetzunge mam Grupp Microsoft gefouert hat.

D‘Gesetz mat der Bezeechnung „Cloud Act“ ass an dat ominéist Finanzgesetz integréiert ginn, dat den US-President e Freideg ënnerschriwwen huet. Et erlaabt dem amerikanesche Justizministère, mat anere Länner en Accord ze ënnerschreiwen, deen déi juristesch Prozedur fir „Ufroen“ acceleréiert. Et géif awer am Gesetz verséchert, datt déi Länner déi individuell Fräiheeten an d‘Privatsphär respektéieren. Domatter kann déi laang diplomatesch Prozedur ëmgaange ginn.

Motivéiert ginn ass den Text, duerch e Konflikt, deen zanter 2013 tëscht Microsoft an der US-Regierung besteet. De Konflikt huet sech erginn, nodeems iwwert e Mandat Perquisitiounsmandat géintiwwer Microsoft, den Technologiegigant sollt gezwonge ginn, den Inhalt vun engem Email-Account – dee vun engem presuméierten Drogenhändler genotzt ginn ass – auszehändegen.

Keng amerikanesch Geriichtsbarkeet

Fir Microsoft e Problem, well d‘Messagen op déi et d‘US-Autoritéiten ofgesinn haten, an Irland stockéiert sinn. Microsoft ënnerhält eng honnert Datenzenter a 40 Länner. De Grupp hat sech dann och geweigert déi gefuerdert Daten erauszeginn. Motivéiert huet Microsoft dëse Geste, datt eng Saisie op engem Server zu Dublin, mat der Perquisitioun vun enger Wunneng an engem anere Land wéi d‘USA gläichzestellen ass.

E Fakt deen dem ieweschte Geriichtshaff vun den USA uerdentlech Kappzerbrieches bereet huet. D‘Magistratin vum Geriichtshaff, Sonia Sotomayor, hatt dorops hin virgeschloen, op d‘Gesetz „Cloud Act“ ze waarden. Dat ass elo do, an et gëtt erwaart, datt den ieweschte Geriichtshaff bis Enn Juni an dësem Dossier zu enger Entscheedung kënnt.

Wann déi grouss Technologieentreprisen sech fir eng kloer Legislatioun ausgeschwat hunn, esou hunn d‘Verdeedeger vun der Privatsphär an dem digitale Recht mam Gesetz hir Problemer. Si sinn iwwerzeegt, datt dat neit Gesetz net genuch Schutz géintiwwer de Regierunge bitt, déi géint d‘Mënscherechter verstoussen. Hei kann zu enger vollstänneger Iwwerwaachung kommen, an d‘Sécherheet vun de Mënscherechtler, Journalisten oder Affekoten a Fro stellen.

Den David Ruiz, vun der „Electronic Frontier Foundation“ warnt: „Déi amerikanesch an auslännesch Autoritéiten erhalen heimatter nei Mechanissem fir weltwäit Daten ze saiséieren“.

mat AFP

Foto: Wat den Donald Trump Wëll, dat kritt den Trump och. Mat der Cloud Act, déi den US-President um Freideg ënnerschriwwen huet, soll d‘US-Justiz et méi liicht kréien, och op den elektronesche Courrier vu presuméiert kriminellen Individuen zouzegräifen, deen op Server am Ausland gespäichert ass. © Nicholas Kamm/AFP

Ähnlech Sujeten Cloud Act, Email, Gesetz, Microsoft, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel