Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Deen „aneren“ US-Besuch: Den Trump huet d‘Bundeskanzlerin empfaangen
International Neiegkeeten

Deen „aneren“ US-Besuch: Den Trump huet d‘Bundeskanzlerin empfaangen

Den US-President huet um Freideg d‘Angela Merkel empfaangen, an hir

LVI Beliichtungscheck: Luucht un, och um Vëlo!
International Neiegkeeten

LVI Beliichtungscheck: Luucht un, och um Vëlo!

Um Donneschdeg, de 7. November 2019 organiséiert d’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI),

Keng Verwaltungshaft fir Mineuren
International Neiegkeeten

Keng Verwaltungshaft fir Mineuren

Um Donneschdeg ass et an der Chamberssëtzung wuel haaptsächlech ëm

Amerika bereet sech op de sanitären Holocaust vir

Nodeems de Krichspresident seng Landsleit fir Ouschteren an de Kierche wollt gesinn, herrscht elo de Chaos. Den Donald Trump huet d‘Amerikaner op den Dout vun honnertdausenden agestëmmt.

Amerika bereet sech op de sanitären Holocaust vir

Wann ee sech déi gesamt Entwécklung vun der Reaktivitéit op déi duerch de Coronavirus Covid19 ausgeléiste Pandemie ukuckt, wier engem duerno ze behaapten, datt den US-President alles mat Absicht erausgefuerdert huet. Ass dach esou eng Krankheet, déi an den USA an éischter Linn déi Äermst trëfft, dach esou eppes wéi eng demographesch Frëschzellekur. An et ass jo gewosst, datt et an engem Krich zuweilen och zu Kollateralschied komme kann, dat ass dann ebe keng Chance…

An obwuel ersiichtlech ass, datt „Feeler“ gemaach goufen, iwwer zweedrëttel vun den Amerikaner sinn nach ëmmer iwwerzeegt, datt hire charismatesche Leader, dee richtege Mann ass fir dëser Kris Här ze ginn. Et schéngt dem amerikanesche Vollek also eppes egal ze sinn, wat Verfeelunge vun enger Regierung esou uriichte kënnen. Empathie gëtt et kaum, dofir vill Fatalismus an d‘Hoffnung datt et net ee selwer, mee éischter de „Noper“ trëfft, am léifsten ee mat Migratiounshannergrond.

AmerikaElo dann huet den Donald Trump awer iergendwéi erkannt, datt sech d‘Lag zouspëtzt, woubäi et natierlech och méiglech ass, datt seng „Beroder“ sech duerchgesat kruten. Dat awer ännert un der Situatioun esou direkt näischt. Vill ze laang ass gewaart a verleegent ginn. Emol war et eng vun den Demokrate verbreete Ligen, du waren et d‘Europäer, déi de Covid19 ageschleeft hunn a generell sinn d‘Chinese schold, déi de „Wuhan-Virus“ laang verheemlecht hätte fir den USA ze schueden.

Vill wäerte musse stierwen

Elo wou d‘USA (nach) déi drëtt Natioun sinn, déi sech iwwert déi meeschten Infektioun freeë kënnen, schliisslech gëtt nach ëmmer de Motto „America First“, huet de Krichspresident senge Landsleit verkënnt, datt ganz hinnen eng ganz schwéier an erausfuerderend Quinzaine bevirsteet. Hien erwaart vun de Bierger, datt déi sech op ganz „haart Zäiten“ astellen. Liicht um Enn vum Tunnel géif et awer schonn an 2 Wochen, an esoulaang misst ee sech mam Dout familiariséieren.

Amerika„Mir sinn am Krich mat engen déidleche Virus“, seet de Milliardär a stellt fest: „Et geschéie Saachen am Land, déi mir esou nach ni erlieft hunn. Et geet ëm Liewen an Dout“. Gutt datt kann een esou duerstelle wann een a Geschicht net opgepasst huet. D‘USA haten sech nämlech scho mat der „spuenescher Gripp“ sengerzäit zimmlech däämlech beholl an esouguer proaktiv derzou bäigedroen, datt dëse Virus sech méiglechst op der ganzer Welt verbreede konnt.

Wann awer och alles ze spéit ass

Obwuel dann elo endlech Moossnamen ergraff ginn, woubäi et an der Haaptsaach drëms geet ze kucke wéi een all de Läiche lass wäert ginn an iwwerluecht gëtt, wien sech dann iwwerhaapt op Soine kann Hoffnung maachen, besteet elo scho fir honnertdausende Mënsche keng Hoffnung méi, an och wann se „nach net“ infizéiert sinn. D‘USA hu weder déi benéidegt Spidolsbetter (vun den Intensivbetter net ze schwätzen), nach genuch Beotmungsapparater a Schutzausrëschtung.

AmerikaFir d‘Coordinatrice vun de Moossnamen am Wäissen Haus, d‘Doktesch Deborah Brix, stellt sech d‘Regierung op eng 100.000 bis 240.000 Doudeger an. Dat awer nëmme wann sech d‘Leit un d‘Moossnamen hale géifen. Dat sinn der vill manner wéi wann ee keng Mesure beschloss hätt, do nämlech, waren d‘Experte vu bis zu 2 Millioune Covid19-Affer ausgaangen. Bis ewell sinn, laut den Zuele vun der John-Hopkins Universitéit, eng 180. 000 Amerikaner ma Virus infizéiert.

De Gesondheetssystem packt et net

Interessant dann och d‘Feststellung, datt dem Krichspresident seng beschte Fuerscher a Dokteren net an der Lag sinn aus eegener Kraaft, dësem Coronavirus eppes entgéint ze setzen. Gutt si hunn elo en Impfstoff am Test, mee och wann dëse wierksam ass, gëtt et schwéier dëse bannent engem Joer unzewennen, ausser et ass gewëllt all Virsiichtsmoossnamen déi sech imposéieren ausser Kraaft ze setzen. Also gëtt elo d‘Arméi an den Asaz geschéckt, an déi riicht „Stierfzelter“ op…

Amerika

Eleng um Dënschdeg sinn eng 800 Amerikaner un de Folge vun der Infektiounskrankheet agaangen an dat ass, esou de President, nach ee gudden Dag. An de nächste 14 Deeg wäerten sech dës Zuelen nach zolidd erhéijen. A wann dës Leit dann all bis gestuerwe sinn, soll awer d‘Wirtschaft nees un d‘Rulle bruecht ginn. Gutt de Milliardär ass bereet bis Enn Abrëll domadder ze waarden, wann et net méiglech sollt sinn dat ëmzesetzen, well de Gesondheetssystem weider iwwerlaascht ass.

mat indymedia/was/nyc

Foto: Dat militärescht Spidolsschëff „Comfort“ hat New York schonn nom „Nineleven“ gehollef, de Massen un Patienten, déi an der Metropole d‘Gesondheetsdéngschter iwwerlaascht haten, eppes Hëllef ze bidden. Hätt de Milliardär allerdéngs zäiteg déi richteg Moossnamen ergraff, wier dat net néideg gewiescht. Zudeem ass et méi Show wéi eng reell Hëllef, och um Schëff gëtt et net genuch Ausrëschtung. © City of New York / Port Authorities

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Deborah Brix, Donald Trump, USA, Wuhan-Virus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel