Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Robocup ass de speziellen Sport-Event vum Summer
free hookup in lagos Neiegkeeten

https://moien.lu/persona-4-golden-dating-everyone/

Am Moment leeft e ganz besonneschen Fussball-Event a Japan: de

dating old photographs family history
free hookup in lagos Neiegkeeten

Venezuela: Propagandisteschen Nationalfeierdag

Am venezuelanesche Muechtkampf huet d‘Oppositioun bis ewell keng substantiell Victoire

Illegal Migratioun: Op e neits e Kand an den USA gestuerwen
free hookup in lagos Neiegkeeten

Illegal Migratioun: Op e neits e Kand an den USA gestuerwen

E Bouf aus Guatemala, vu grad emol aacht Joer, deen

Amerika kënnegt INF-Accord mat Russland

Provozéiert Washington en neit nukleaart Wettrëschten?

Amerika kënnegt INF-Accord mat Russland

E Freideg huet den US-Ausseminister, Mike Pompeo, annoncéiert, datt sech d‘USA bannent sechs Méint aus dem INF-Accord zréckzitt, et sief dann, d‘Russe géifen den amerikanesche Fuerderunge Rechnung droen. Hie werft Moskau vir, de Vertrag vun 1987 gebrach ze hunn…

Am offizielle Wuertlaut heescht et, datt d‘USA sech schonn ab dem haidege Samschdeg 2. Februar net méi un den Accord gebonne „fillen“. Russland hätt den INF-Accord op schänterlech Aart a Weis verletzt, elo kéint een dem Spill net méi nokucken, et wier e gezwonge Moossnamen ze ergräifen.

Diplomatescht Virspill

Zu Washington ass ee sech duerchaus bewosst, datt dës (weider) Entscheedung bei de „Partner“ net op Zousproch stéisst. Fir déi international Communautéit net ze iwwerfuerderen, hunn d‘USA de Russe sechs Méint Zäit ginn, fir zum vollen an iwwerpréifbaren Anhale vum Accord zréckzefannen.

Laut dem Mike Pompeo, misst Moskau gewësse Rakéiten an hir Ofschossariichtung zerstéieren. Sollt Russland dëser Fuerderung net entspriechen, dann ass den Accord net méi gülteg. Heibäi geet ëm Rakéitesystemer mat enger Reechwäit tëscht 500 a 5.500 Kilometer, déi Moskau soll hunn.

INF-Accord

De sowjetesche Generalsekretär Michael Gorbatschow (l) an den US-President Ronald Reagan haten den 8. Dezember 1987 zu Washington den INF-Accord ënnerzeechent. © White House Photographic Office / National Archives and Records Administration

Den Donald Trump huet an engem éischte Statement gemengt, datt een dësen Ultimatum notze sollt fir nees eppes méi no unenaner ze réckelen. Dat ass e schlechte Witz, well ugeholl Moskau géif hei noginn, bei esou engem Vertrag missten och aner Atomnatioune wéi China an Indien matmaachen.

Sécher dierft allerdéngs sinn, datt et ouni Verträg zu engem Wettrëschte kënnt. D‘USA hate jo scho kloer gestallt, datt si hiert Atomwaffenarsenal erneiere wëllen. Am Pentagon nennen se dëse Prozess: „Weiderentwécklung vun de militäreschen Optiounen“. Kléngt ongeféierlech, oder?

Zu de Virwërf

Washington a Bréissel (NATO) werfen de Russe vir, sech net un den Accord ze halen. Mat hirer Rakéit „9M729“, déi Atomsprengkäpp droe kann, hätt sech Moskau en déidleche Fluchkierper geleescht, deen eng Reechwäit tëscht 500 a 5.500 Kilometer Opweises hätt. Dat ass verbueden.

E Virworf dee vu Moskau zréckgewise gëtt. D‘Rakéit géif maximal 480 Kilometer wäit fléien, an entsprécht de Konditioune wéi se am INF-Accord festgehale goufen. Russland ënnerstellt den USA sech e Virwand gesicht ze hunn, fir dat eegent Atomwaffenarsenal ze regeneréieren.

INF-Accord

Laut dem Propaganda-Site „GlobalSecurity.org“ wéist ee ganz genau wéi wäit esou eng Rakéit vum Typ 9M729 fléie kann. Wëssen se de facto net, mee si kënnen dat esou flott a gutt erklären, datt een hinnen esouguer gleewe géif datt d‘Äerd tatsächlech eng Scheif ass.

An zu Washington sollt een sech net ze iwwerhieflech weisen, well séchergestallt ass, datt d‘Russen hir Heemecht ze verdeedege verstinn, an dofir bereet sinn grad esouvill Affer wéi d‘Amerikaner ze bréngen. Si sinn sech och kloer doriwwer, datt d‘USA hir nei Waffesystemer an der EU opstellen.

Dat wier e geféierlecht Spill, heescht et aus Moskau, well déi betraffe Länner sech scho misste bewosst sinn, datt d‘Opstelle vun Atomwaffen, si automatesch zu engem militäreschen Zil mécht. Engem multilaterale Vertrag, an deen och China agebonne wier, géif ee sech net verweigeren.

Ënnerstëtzung vun der NATO

Wéi esou oft bei ähnlechen Diskussiounen, gëtt mediewierksam „Bedauert“ an d‘Europäer sinn an dëser Disziplin kaum ze schloen. Fir déi meescht ass d‘Opkënnege vum INF-Accord zwar keng gutt Nouvelle, mee se sinn awer gäre bereet, déi nei US-Atomwaffe bei sech ze stationéieren.

Esou verwonnert et keen, datt kuerz no der Annonce vum Mike Pompeo, d‘NATO eng schrëftlech Erklärung ofginn huet, déi vum ieweschte Gremium eestëmmeg ugeholl gi war. Dëst Pabeier ëmfaasst aacht Punkten, an „erënnert“ un den Ultimatum. Si hu sech brav un d‘Virgabe gehalen.

 

INF-AccordOch d‘NATO behaapt sech drop datt d‘Rakéit „9M729“ (NATO-Code SSC-8) ganz eendeiteg géint d‘Bestëmmungen aus dem INF-Accord verstoussen. Se si veriergert doriwwer, datt et Moskau net fir néideg empfonnt huet, déi gemaachte Virwërf ze entkräften oder d‘Rakéite futti ze maachen.

Zu Bréissel hält ee sech un d‘Informatiounen aus Washington, firwat et keng Alternative gëtt. Bei der NATO ass ee sech dann och eens, datt een déi vun den USA getraffen Entscheedung a vollem Ëmfang ënnerstëtzt. Et gëtt däitlech gemaach, datt Russland eleng d‘Verantwortung ze droen huet.

Beweiser! Wou sinn d‘Beweiser?

Datt Moskau op d‘Provokatioun vum US-Ausseminister huet missen agoen ass verständlech, an datt d‘Kënnegung vum INF-Accord Konsequenzen huet, hätt net misse betount ginn. A wie weess, vläicht passt et Russland ganz gutt, datt Washington et op e neit Wettrëschten ukomme léisst…

Fir d‘Maria Sacharowa, d‘Spriecherin vum russeschen Ausseministère, ass dëse Schratt vun den USA eng reng strategesch Entscheedung. Et léich zudeem am Trend. Méiglecherweis ass et esouguer e Konzept vum Donald Trump, méiglechst vill Verträg ze briechen an/oder ze kënnegen.

INF-Accord

Si huet dann och emol direkt däitlech gemaach, datt eng „Eliminatioun“ vum Rakéitesystem 9M729 ausgeschloss ass. Et géif een de Wonsch vum US-Militär verstoen, esouguer am eegene Land géif et Mënschen déi sech datselwecht wënschen. Anersäits wier esou, datt een nach bei Sënne wier.

Si huet dann och den Appell widderholl, d‘USA sollen endlech Beweiser fir hir Beschëllegunge virleeën. Ausser enger Serie Tweets gëtt et näischt: keng Satellittebiller, an och soss keng Opname géifen dat dommt a geféierlecht Geschwätz vum 45. US-President bekräftegen, heescht et…

Foto: An dat ass de faméise russesche Rakéitesystem 9M729 (SSC-8) ëm deen et geet. Wat et kann oder kënne soll, hänkt ganz dovunner of wiem ee grad nolauschtert. Mat dësem ganze Gedeessems ass nëmmen eppes garantéiert: méi friddlech gëtt de Planéit net. © Verdeedegungsministère RU

Ähnlech Sujeten 9M729, Atomwaffen, Atomwaffevertrag, INF-Accord, kale Krich, NATO, Russland, SSC-8, USA, Wettrëschten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel