Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

UN-Riichter an der Tierkei veruertdeelt
Fail International Money Neiegkeeten

UN-Riichter an der Tierkei veruertdeelt

Déi tierkesch Justiz huet ee Riichter vum MICT (Mechanism for

dislike
Siwe Mënsche verléiere wéinst dem Xavier hiert Liewen
Fail International Money Neiegkeeten

Siwe Mënsche verléiere wéinst dem Xavier hiert Liewen

Däitschland beklot nom Passage vum heftegem Stuermdéif Xavier siwe Mënscheliewen.

Bundesregierung gëtt sengem Häerz e Stouss
Fail International Money Neiegkeeten

Bundesregierung gëtt sengem Häerz e Stouss

Aus dem däitschen Inneministère huet et gëschter geheescht, datt d‘Regierung

dislikemoney

Amerika mécht de Gas bëlleg

Domadder trieden se um europäesche Marché a Konkurrenz mat Russland

Amerika mécht de Gas bëlleg

De kontinuéierlechen Opschwong vum amerikanesche Schifergas mécht aus den USA ee Gas-Exportland. D‘US-Entreprisë mussen sech nei Mäert sichen a maache Russland um europäesche Marché Konkurrenz.

Mat den US-Sanktiounen, déi vum amerikanesche President ofgeseent goufen, ass dann och direkt de russeschen Energiesecteur getraff. Bis dohinner hat d‘Gestreits wéinst der Ukrain an d‘Allianz mam Assad a Syrien dës Wirtschaftsbranche ausgelooss.

De Versuch vun der US-Administratioun berouegend Wieder zu de leschte Mesuren ze fannen, gi vun der ekonomescher Realitéit iwwerholl. Geet et bei de Sanktioune wierklech ëm Fräiheet a Mënscherechter, oder um Enn just drëm Europa amerikanesche Gas opzezwéngen?

Am éischten Trimester 2017, hunn déi russesch Gasliwwerungen no Europa sech op Rekordniveau gehalen. Laut engem Bericht vun der EU-Kommissioun, huet Europa 41% vu sengem Gasbedarf mat russeschem Gas ofgedeckt.

Op der aner Säit vum grousse Pull klëmmt zanter 2005 d‘Gasproduktioun méi schnell wéi d‘Consommatioun. Vum Importland, sinn d‘USA elo de facto en Exportland ginn, och wann den amerikaneschen Energie-Departement (DoE) dat an engem Rapport eréischt fir 2018 ugëtt.

Iwwert d‘Mier

Wann d‘Amerikaner hiren direkten Noperen (Kanada a Mexiko) de Gas nach iwwer Pipelinë liwwere kënnen, esou ass dat fir de Rescht net méiglech. Besonnesch a Richtung Europa muss déi fossil Energie mat fossiller Energie iwwert d‘Mier transportéiert ginn. Stellt sech d‘Fro, wéi „bëlleg“ den amerikanesche Schifergas géintiwwer dem russesche Gas muss sinn, wann dat soll Sënn maachen.

Am leschte Joer huet „Cheniere Energy“ – déi an Europa enk mat der franséischer „Société Générale“ verbonnen ass – zu Sabine Pass (Louisiana) ee Verflëssegungs-Terminal ageweit. Vun hei aus kann de Gas per Schëff a Richtung Europa transportéiert ginn. Säit den Terminal de Betrib opgeholl huet, sinn 13% vu senger Produktioun an d‘EU exportéiert ginn.

Véier weider Projete (Texas a Maryland) sinn op der Ostküst a Fäerdegstellung. Domadder ass Amerika dat Land, wou am Moment déi meescht Infrastrukturen dëser Aart gebaut ginn. Dat ass zumindest de Resumé aus dem Rapport vun „Energy Ventures Analysys“.

Asien net interessant genuch

„Eigentlech sollt ee groussen Deel vum amerikanesche Gas per Schëff a Richtung Asien exportéiert ginn“ erkläert de Stewart Glickman, energeteschen Analyst vun der CFRA. Dee Gedanken huet allerdéngs nëmmen esou laang ugehale, wéi d‘Präisser an Asien méi héich wéi déi vun Europa waren.

Well zudeem och d‘Transportkäschte Richtung Europa méi niddreg sinn, huet den europäesche Maart sech ugebueden. Esou muss een dovunner ausgoen, datt trotz dem Transport, de Gaspräis an Europa fir d‘US-Entreprisen nach ëmmer profitabel ass. Den Handel tëscht Russland an de EU ze ënnerbannen/verhënneren, ass also ganz an hirem Interêt.

Den Ira Joseph vun „S&P Global Platts“ erkennt dann och d‘Usätz: „Wann am Ufank de Gros vun de Liwwerungen an déi mediterran Länner gaangen ass, esou ass dat kloert Zil, den europäeschen Norden an de Baltikum“.

Konkurrenz belieft d‘Geschäft

Scho bei sengem offizielle Besuch am Juni, hat den Donald Trump zu Warschau déi éischt Liwwerung vun amerikaneschem Gas begréisst. Polen, dat souwisou léiwer keng Geschäfter mat Russland mécht an deem d‘Projeten „Nord Stream“ (Gaspipelinen) net geheier sinn, huet e Mega-Terminal op senger Küst ageriicht.

Den Ira seet dozou: „Mam Optrëtt vun den USA, kritt den europäesche Marché eng ganz nei Bedeitung. Op déi amerikanesch Firme mam russesche Gaspräis mathale kënnen, hänkt och dovunner of op d‘Sanktioune wierken“.

Eng Meenung déi vum Clint Oswald (Bernstein Research) nëmme partiell gedeelt gëtt. „Gazprom wäert ee brutale Réckgang vum Geschäft net zouloossen“ esou de Clint, deen och drun erënnert, datt de russesche Gas-Gigant laangfristeg Verträg mat Europa ofgeschloss huet. Net ze vergiessen, datt de Präis vum russesche Gas ganz attraktiv ass.

Just eng Alternative?

De Michael Schaal vun „Energy Ventures Analysis“ huet eng reng wirtschaftlech Siicht op d‘Situatioun: „Ouni ganz de russesche Gas ze ersetzen, geet hei dorëms eng kredibel Alternativ ze hunn. Déi kann et den Europäer erlaben eng gréisser Kontroll iwwert d‘Präisser ze halen“.

Richteg ass dann awer, datt den amerikanesche Gas eng weider „Dosis“ Konkurrenz op den europäesche Marché bréngt. Ëmmerhi bezitt Europa säi Gas jo och nach vun Norwegen, Algerien an dem Katar, fir déi wichtegst ze ernimmen.

An et ass wichteg drop hinzeweisen, datt och wann all d‘Infrastrukturen an den USA fäerdeg gestallt sinn, d‘Kapassitéit per Schëff net duer geet. D‘EU importéiert zur Zäit tëscht 160 an 180 Milliarde Kubikmeter russesche Gas pro Joer.

Et dierft éischter esou sinn, datt den US-Gas an enger éischter Phas déi lokal Produktioun (Groussbritannien an Holland) onrentabel mécht. Längerfristeg dierft och déi norwegesch Produktioun, ofhängeg vun der Präisentwécklung, betraff sinn. Dat zumindest ass dem Ira Joseph seng Siicht.

mam Luc Lacroix/AFP

Foto: Archivbild vun 2003. Hei e Schëff dat seng Gasliwwerung um Terminal vun „Bahias de Bizkaia“ entluet. Vum baskeschen Duerf Zierbena gëtt nieft de Privatleit an der Wirtschaft, och en Elektrizitéitswierk mat Gas versuergt. (© Rafa Rivas/AFP)

Ähnlech Sujeten Europa, Russland, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel