Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Killerlizenz fir d‘USA
International Money Neiegkeeten

Killerlizenz fir d‘USA

Datt d‘Ermordung vum iranesche Generol Quassem Soleimani Vëlkerrechtswiddreg war dat

Wéi gutt kenns du dech mam Tram aus?
International Money Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du dech mam Tram aus?

Zënter dem 10. Dezember 2017 fiert deen neien Tram! An

Finanziell Ënnerstëtzung fir Stater Geschäfter
International Money Neiegkeeten

Finanziell Ënnerstëtzung fir Stater Geschäfter

Duerch d’Mesuren, déi am Kontext vun der Pandemie hu misse

money

Amerika… och a Krisenzäiten ëmmer op der éischter Plaz

Amerika… och a Krisenzäiten ëmmer op der éischter Plaz

Am Land vun der onbegrenzter Fräiheet, wou ee Milliardär zum President ginn ass, well hie seng Landsleit iwwerzeegt krut, dat hien alles besser kéint, war et tatsächlech zu enger Relance vum Aarbechtsmaart komm. Ee gewiichtege Punkt, fir den Donald Trump, deen am November vun den US-Bierger erwaart, datt déi him en zweet Mandat zougestinn.

Amerika

Villen ass et onverständlech, wéi sech US-Bierger och weiderhin esou vehement an engagéiert hannert hire President stellen. Vläicht ass dorunner geleeën, dat mir Falsch beriichten. Laut Fox-News an AON jiddefalls huet den Donald Trump alles am Grëff, an et wäert och séier iwwerstane sinn.

Mee der Wirtschaft geet et grad wéi de Leit Selwer: ganz Schlecht. Am Laf vun der éischter Woch, nodeems et och dem Donald Trump bewosst war, datt d‘Kris vum Coronavirus Covid19 – och dank engem strikt op Profit ausgeluechte „Gesondheetssystem“ – vill Leit géife stierwen, sinn dem US-President d‘Aarbechtsplazen abhande komm. An d‘Zuele loossen engem d‘Dronkenellen ausgoen.

An der éischter Woch, no der Erhiewung zum „Krichspresident“ hunn 3,3 Milliounen Amerikaner sech als „Chômeur“ deklaréiert, déi virecht Woch waren et 6,6 Milliounen an och dës Woch sinn et nach emol 6,6 Millioune Leit déi hire Job verluer hunn. Domadder si bannent 3 Wochen an den USA wäit iwwer 16 Milliounen Aarbechtsplaze verluer gaangen, a si stinn nach ganz um Ufank…

Amerika

Zu Chicago kommen se sech zu Dausenden als Chômeur umellen. Keng Masken, keen Ofstand an d‘Suergen dréinen sech méi ëm de „wéi bezuelen ech meng Rechnungen“ wéi datt d‘Leit sech Gedanken iwwert hir Gesondheet géife maachen, déi kann ee sech ouni Job an/oder Krankekeess an den USA schlicht net leeschten. Et ass och keen Zoufall, datt déi afroamerikanesch an hispanesch Communautéit am stäerkste Betraff sinn… © NBC Chicago (2. Abrëll)

Et sinn dann déi sougenannt „éischt Demandeuren“, also Leit déi sech nach ni als Chômeur bei den Autoritéiten enregistréiere gelooss haten, déi als Grondlag zur kuerzfristeger Entwécklung vum Aarbechtsmaart an der gréisser Vollekswirtschaft vun der Welt, erbäigezu ginn. D‘Folge vun der Pandemie si wuel fir déi ganz Welt eng wirtschaftlech Katastroph, mee d‘USA ganz besonnesch.

Gléck am Ongléck fir déi betraffen: den Donald Trump wëll mat aller Gewalt en zweet Mandat vun de Wieler zougesprach kréien, an esou gräift hien déif an d‘Staatskeess, fir all dëse Chômeuren esou eppes wéi en Akommes ze garantéieren. Vill Secteure sinn deels vollstänneg zum Erleie komm, an d‘Leit aus de „Systemrelevanten“ Jobs kréie weder Schutzmëttel nach eng ugemoosse Pai.

Amerika

Wéi den Donald Trump „seng Landsleit“ virun enger Rezessioun schütze wëll? Hie schéckt all déi Heem, déi hien den Ament net gebrauche kann. Visae ginn annuléiert, Mënsche matten an der Pandemie zur Heemrees gezwongen… Esou geet Krisebewältegung am „Land of the free“

Amerika, ee Potemkinscht Duerf vum Kapitalismus, an deem déi beschte Fuerscher an Doktere vun der Welt net de Mënschen déngen. Si heele a fleegen déi wou sech et leeschte kënnen a gefuerscht gëtt generell nëmme wann ofzegesinn ass, datt um Enn Milliarden Dollar Profit um Dësch leien. An esou brauch et nei Feindbiller, fir vum eegene Versoen ofzelenken. Déi awer retten d‘Ekonomie net.

Elo huet sech och den internationale Währungsfong (IMF) zu Wuert gemellt, an erkläert dat si vun der gréisster weltwäiter Wirtschaftskris zanter den 20er Joren ausginn. Déi nei Cheffin, Kristalina Georgieva, geet regelrecht vun enger Katastroph aus. 170 vun de 180 Memberlänner missten sech op eng Rezessioun, jo esouguer op eng Depressioun astellen. Dozou gehéiert och Amerika…

Amerikamat indymedia/nyc

Ähnlech Sujeten Chômage, Coronavirus, Covid19, Donald Trump, Wirtschaftskris, Wuhan-Virus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel