Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Luxair: De Benefice ëm 3 Millioune gesteigert
International Neiegkeeten

Luxair: De Benefice ëm 3 Millioune gesteigert

Mat engem Benefice vun 12,5 Milliounen Euro fir 2018, konnt

QuattroPole kritt vun der EU ënnert d‘Äerm gegraff
International Neiegkeeten

QuattroPole kritt vun der EU ënnert d‘Äerm gegraff

QuattroPole ass vun der EU beim zweeten Projet-Appell „B-Solutions“ selektionéiert

Dossier SPAL: Dissens ëm Gewerkschaftsfräiheet
International Neiegkeeten

Dossier SPAL: Dissens ëm Gewerkschaftsfräiheet

Datt de President vun der Gewerkschaft vum Personal vun Arméi

Amerika beendegt Zesummenaarbecht mat der WHO

Amerika beendegt Zesummenaarbecht mat der WHO

Wann den Donald Trump sech eppes an de Kapp gesat huet dat zitt hien dat duerch. Hien hat viru knapp zwou Wochen der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) en „Ultimatum“ gesat an gëschter huet hien den Nol ageschloen. Och China ass nees op de Leescht geholl ginn an hei zeechent sech eng gréisser Äiszäit of…

Et war ee kuerzfristeg ugekënnegten Optrëtt an den US-President huet net grouss ronderëm de Bräi geschwat. „Mir wäerten haut eis Bezéiung zur Weltgesondheetsorganisatioun beendegen“, esou den Donald Trump, deen decidéiert huet, datt d‘Beiträg vun den USA un d‘WHO elo fir aner global Gesondheetsprojeten opgewannt ginn. D‘US-Regierung géif deenen d‘Geld ginn déi et verdéngen.

Um Virworf, datt d‘WHO vu China kontrolléiert géif ginn, gouf festgehalen. Fir den US-President gëllt als erwisen, datt dës UN-Organisatioun net gewëllt ass sech op Reformen anzeloossen an et besser Verwendungszwecker fir d‘Steiergelder vun den amerikanesche Bierger géif ginn. China huet hien op en Neits beschëllegt, d‘Verbreedung vum Coronavirus net verhënnert ze hunn.

Esou sinn, laut der Siichtweis vum Kandidat op en zweet Mandat als US-President, folgerichteg och d‘Chinese schold um Dout vun iwwer 100.000 US-Bierger. Datt dat wuel éischter eppes mat senger Krisegestioun ze dinn huet, an och muss drun erënnert ginn, datt hien et war, deen de Covid19 als „Hoax“ a politescht Manöver vun den Demokrate verkläert hat, ass ausräichend dokumentéiert.

Wat elo d‘WHO betrëfft, esou hat den US-President der Organisatioun 30 Deeg ginn, an deenen et zu substantielle „Verbesserungen“ hätt komme sollen. Dës Frist huet den Donald Trump dann awer net ofgewaart. Déi 194 Memberlänner vun der WHO, haten der Institutioun allerdéngs am Kontext vun der Joresversammlung zu Genève, hiert Vertrauen ausgeschwat. Leien déi alleguerte Falsch?

Amerika muss sech vu China emanzipéieren

Tëscht dem Donald Trump an dem „Räich vun der Mëtt“ ramouert et och gewalteg, an dat net eleng wéinst hirem angeblechen Afloss op d‘WHO. De Sträit mat China huet de Milliardär quasi mam Amtsuntrëtt vum Zonk gebrach. Douanestaxen, Handelskrich, Déifstall vu geeschtegem Eegentum a villes méi, hunn déi diplomatesch Bezéiungen ënnert senger Leedung zolidd op d‘Prouf gestallt.

AmerikaDe Wëlle vu Peking sech Hong Kong elo ganz anzeverleiwen, an net wéi am Vertrag mat de Britte vereenbart, nach weiderhin um Prinzip „1 Land zwee Systemer“ festzehalen, ass eng weider gutt Geleeënheet d‘Feindbild propagandistesch auszeschluechten. Hong Kong verléiert dann elo, esou den Donald Trump, säi Rechtsstatut, wëll déi domadder verbonnen Autonomie net méi bestoe géif.

Et heescht, datt d‘Bezéiungen zu Hong Kong sech elo veränneren. Exportkontrollen, Douanestaxen an esouguer verschäerfte Reeshiwäiser, sollen direkt ëmgesat ginn. Chinesen déi ee Sécherheetsrisk duerstellen dierfen net méi an d‘USA, chinesesch Studente gëtt den Zougang zu Universitéiten elo beschränkt. Politiker déi d‘Gesetz fir Hong Kong matgestëmmt hunn solle sanktionéiert ginn.

Hei dierf och nach drop higewise ginn, datt den Donald Trump scho Mëtt Mee an engem Interview mat Fox-Business, Undeitunge gemaach hat, datt d‘USA méiglecherweis och déi diplomatesch „Bezéiung“ mam kommunistesche Regime vu Peking kéinten astellen. Peking hält sech fir den Ament „diplomatesch“ zréck. Et mécht zudeem och kee Sënn sech hei provozéieren ze loossen…

mat indymedia/was

Illustratioun: © Veronica Benavides / unsplash

Ähnlech Sujeten China, Donald Trump, Hong Kong, USA, Weltgesondheetsorganisatioun, WHO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel