Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Google a Gmail sinn an engem Geriichtsprozess, deen e groussen Impakt op digital Entreprise kéint hunn
Cool Love Stories

Google a Gmail sinn an engem Geriichtsprozess, deen e groussen Impakt op digital Entreprise kéint hunn

Den Internetgigant Google, a méi prezis säin e-Mail Service Gmail,

Dem US-President säin neit Feindbild: Facebook, Google an Twitter
Cool Love Stories

Dem US-President säin neit Feindbild: Facebook, Google an Twitter

„Si musse gutt oppassen!“: den US-President Donald Trump huet en

Kenns du d’Sauer gutt genuch, fir op mannst 10 Froe richteg ze beäntweren?
Cool Love Stories

Kenns du d’Sauer gutt genuch, fir op mannst 10 Froe richteg ze beäntweren?

D’Sauer gehéiert zu eisen Haaptwaasserleef. Mee wéi gutt kenns du

coollove

E grousst amerikanescht Volleksfest

E grousst amerikanescht Volleksfest

D‘Sonn zu Stadbriedemes war e Samschdeg nëmmen plazeweis ze gesinn. Domadder huet dee grousse Meeting net wierklech de grousse Public ugezunn. Zu gudder läscht gouf et bei den „American Roadrunners Luxembourg“ (ARL) awer nach e Fest.

Normalerweis kommen op Aluedung vum ARL bis zu 700 Gefierer aus ganz Europa a Lëtzebuerg op de Meeting. Dëst Joer waren et nëmmen eng ronn 500 Gefierer, well de Péitruss d‘Himmelsschleisen grouss opstoe gelooss hat an et zolidd naass war. Do ass een net sou liicht ze motivéieren, fir seng Bijou‘en op eng Wiss stellen. Nee, et sinn Passionéierter déi gréisstendeels scho laang op Lëtzebuerg kommen an sech drop freeë Frënn a Bekannten erëmzegesinn.

Egal wat fir ee Wieder, beim Fränk Louis, President vun den American Roadrunners Lëtzebuerg ass ëmmer op (© Martine de Lagardère/moien.lu)

Et war, wéi eis den ARL-President Fränk Louis matgedeelt huet, déi 31. Editioun an schonn dat siwent Joer wou den Evenement zu Stadbriedemes seng Zelter opgeschloen huet. „Dat hei ass, ouni politeschen Hannergrond, e grousst amerikanescht Volleksfest“, sot eis de President, deen dann och nach drop higewisen huet: „dee ‚Villchen‘, de Roadrunner, gëtt et wierklech. Dee Vull mëscht sech op der aner Säit vum grousse Pull ee Spaass dorausser an der Wüst, parallel zur Strooss, nieft den Autoe matzelafen“.

Um Stand vun US Cars Reisdorf konnt ee sech iwwer déi nei Modeller, hir Präisser a wat een alles domadder ustelle ka beschtens informéieren (© Martine de Lagardère/moien.lu)

Dat erkläert dann och de Logo vum sécherlech gréisste Veräi vun amerikanesche Gefierer zu Lëtzebuerg. De Fränk an eng Equippe vu ronn 60 Leit huet dann och op der Plaz all Hänn voll ze dinn. „Schlof kritt een hei wéineg“ verréit hien an dat huet näischt mam Wieder ze dinn. Déi sëlleche Gäscht, Clibb an och Verkafsstänn musse betreit ginn.

Loscht op ee waarmen Hond? Zu Stadbriedemes konnt engem gehollef ginn (© Martine de Lagardère/moien.lu)

Ee Partenariat dee Sënn mëscht

Ganz flott beim ARL de Fait, datt d‘Sponsoren net nëmme finanziell säit Joren dem Veräin trei sinn, mee et och verstinn, sech op der Plaz gutt ze presentéieren. Esou beispillsweis US Cars Reisdorf, déi mat de leschte Modeller ugereest sinn an alle Virwëtztute Ried an Äntwert stoungen. Wien et elo léiwer op zwee Rieder huet, dee konnt beim Stand vun Harley Davidson (Moutfort) säi Gléck fannen. Net ze vergiessen eng weider trei Séil, deen och uecht gëtt datt um Fest keen erhéngert. Et ass riets vum Metzler Sauber (Moutfort) deen tatsächlech schonn eleng den Ëmwee op Stadbriedemes wäert war.

Dem Metzler Sauber seng Equipp huet uecht dinn dat iwwert de Weekend keen erhéngert ass (© Martine de Lagardère/moien.lu)

Natierlech huet et och, et war ee jo ëmmerhin op der Musel, nieft dem Béier ee gudde Pättche Wäin an och déi eng oder aner Coupe Schampes ginn. Verantwortlech war hei DESOM vu Réimech a wéi der op der Foto an eiser Galerie kënnt gesinn, hunn och zwou ganz frëndlech Damen den Service gemaach. Flott och den Eventbus, ee Cupcake Foodtruck an eisen „Airstreamer“ vu Smoo-Jo wou de Sacha Hoffmann eng Jughurtsglace zerwéiert huet vun där een d‘Patten onméiglech konnt loossen.

Musek made in Luxembourg: Kantri Klapp huet um Samschdeg Owend vill Häerzer eppes méi héich schloe gedoen (© Martine de Lagardère/moien.lu)

Ee Fest ouni Musek ass ewéi Béier ouni Schaum an och hei hat sech de Fränk mat senger Equipp eppes afale gelooss. Den Optakt huet eng Band aus Lëtzebuerg „Kantri Klapp“ gemaach. Esou huet et sech erginn dat schonn am freien Owend d‘Stëmmung ganz gutt an d‘Festzelt entspriechend gefëllt war. Wéi d‘Jongen aus Lëtzebuerg vun der Bühn gaange sinn gouf et kuerz hektesch. Den Highlight huet schonn op säin Asaz gewaart an och mir waren eppes ongedëlleg.

Country Cooking aus der Belsch (Namur) war den absolut kulturellen Highlight an hunn ee grousse Bäitrag fir ee gutt gelénge vum Fest gesuergt (© Martine de Lagardère/moien.lu)

Dofir ass et ee gudde Grond ginn. Mat „Country Cooking“ sollt et op der Bühn eng gesond Mëschung tëscht Country a Rockabilly ginn. Et huet net nëmme gutt geklongen, also eigentlech war et genial, mä et huet virun allem mega ausgesinn. Eng richteg Show, déi alleguerten d‘Leit wou sech trotz dem ongléckleche Wieder zu Stadbriedemes afonnt haten, fir hir Méi an déi sécherlech vill Stonne botzen, entschiedegt huet. Kuerz no Mëtternuecht war et mer der Live-Musek eriwwer. Et war vill gedanzt an och gutt gedronk ginn. Géint eng Auer moies hu sech déi meescht dann och de Pillem ënnert d‘Ouer geluecht.

Besuch vun de Germanen

Datt engem op esou Meetingen och emol deen een oder aneren drolege Personnage iwwert de Wee leeft, ass ee gewinnt. Dat et se och als „Famill“ gëtt, oder wéi se et selwer betounen, en Interesseveräi sinn, dat war eis nei. Mir hunn eis dunn den „BBQ Pit Boys“ ugeholl, sech bei si an d‘Zelt, eigentlech méi en Iwwerdaach, gesat an eis hir Geschicht unhéieren.

De Jörg huet eis dann emol opgekläert: „Mir si kee Veräi wëll mer kee Bock op Verwaltung hunn, fräi nom Motto ‚fuck the system‘ alles Steierfräi“. An d‘Jongen si Widderhuelungstäter, se sinn elo schonn déi fënnefte Kéier bei den American Roadrunners zu Stadbriedemes. Si wieren och komm wann al Frae vum Himmel gefall wieren. „Wéi schnell ass näischt geschitt“, ëmschreift dat de Jörg mat engem breede Grinsen am Gesiicht.

D‘BBQ Pit Boys waren a sinn eng léif Band. Se hunn eis opgeholl, z‘Iessen ze Drénke ginn an och esou muench bosseg Anekdot zerwéiert (© Martine de Lagardère/moien.lu)

Wéi de Numm vum „Interesseveräin“ et schonn undeit ass nieft der léift zum Béier an dem „Jacky“ d‘Grillen ee wichtegen Aspekt vun eisen neie Frënn. Bon „Grillen“ trëfft net wierklech, et muss schonn ee „Smoker“ sinn. A mir sinn engem wierklleche Meeschter vum Fach an d‘Gräpp gefall. Deen huet eis ee Maufel zoubereet, deen eis esou kee Chef mat Michelin-Stär jeemools ka bidden. „Pulled Pork at it‘s finest“ kann ee soen an dat léisst sech net emol einfach esou iwwersetzen.

Esou ass de Samschdeg dann och méi schnell zu en Enn gaange wéi et engem léif ass. Mir hunn alt nees ee sëlleche léif Leit begéint an kënnen se net all ernimmen. Villes hätte mer nach ze erzielen, mee dat ass dann elo ebe vir 2018. Se komme jo erëm, wat och gutt ass. Dem Fränk a senge Leit vun hei aus ee grousse Merci fir dee ganz frëndlechen Accueil. Wien wësse well wat bei den American Roadrunners soss nach esou lass ass, einfach op Facebook erakucken oder op hir Säit am Internet goen.

Kuckt och eis Gallerie

Feature Foto: Am Chrom gutt ze gesinn dat d‘Sonn net wierklech wéi versprach bei den American Roadrunners Lëtzebuerg ukomm ass (© Martine de Lagardère/moien.lu)

Ähnlech Sujeten American Roadrunners Luxembourg, Lëtzebuerg, Stadbriedemes
Nächsten Artikel Virrechten Artikel