Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi gréng fir eng zügeg Ofschafung vun der Zäitëmstellung
Neiegkeeten

Déi gréng fir eng zügeg Ofschafung vun der Zäitëmstellung

Nodeems sech den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker e Freideg fir d‘Ofschafe

Happy Together – Een Hommage un d’Hôpitaux Robert Schuman
Neiegkeeten

Happy Together – Een Hommage un d’Hôpitaux Robert Schuman

Och Sultry, eng modern A-Capella-Grupp aus Lëtzebuerg, huet decidéiert mam

Aus der Chamber: Dem enge seng Freed, ass deem anere säi Leed
Neiegkeeten

Aus der Chamber: Dem enge seng Freed, ass deem anere säi Leed

Et war gëschter vill Lass um Krautmaart, woubäi et ëm

De Bréif-Marathon vun Amnesty International

Dir wëllt iech méi engagéieren? Dann organiséiert ären eegene Bréif-Marathon

De Bréif-Marathon vun Amnesty International

Et gëtt oft behaapt, datt déi Jonk d‘Leader vu Muer sinn. Mir soen, si sinn et schonn haut. Vill ze oft sinn si déi éischt Affer vun der Ongerechtegkeet an sengen zerstéieresche Konsequenzen. Si gesinn hir Communautéiten zerappt duerch d‘Aarmut, Ongläichheeten an d‘Korruptioun, Kräfte géint déi si keng aner Wiel wéi de Widderstand hunn. D‘Kanner an déi Jonk sinn d‘Acteuren an de Moteur vum Changement.

Aus dësem Grond huet eisen internationale Mouvement entscheet d‘Kanner, déi jugendlech a jonk Erwuessener, déi an der ganzer Welt fir d‘Mënscherechter astinn, ze ënnerstëtzen. Dat am Kader vun der gréisster Manifestatioun fir d‘Mënscherechter op der Welt, dem „Bréiwer-Marathon – schreiwe fir d‘Rechter“. Hei ënnerstëtze mir konkret zéng Jonker an emblematesch Gruppe vu Jonke Leit. Entdeckt hir Geschichten op eiser Internetsäit.

An iwwer honnert Länner engagéieren sech dausende Sympathisanten a schécke Millioune Bréiwer, Petitiounen an Tweets fir Mënschen a Gefor. D‘Resultater vum „Bréif-Marathon 2018“ hu bewisen, datt si de Facteur vun engem reelle Changement sinn:

AmnestyD‘Goulzar Douichenova huet eng grouss Victoire fir d‘Rechter vu Mënsche mat engem Handicap am Kirgisistan fir sech verbucht, d‘Iranerin Atena Daemi huet déi medezinesche Soinen erhalen déi si dréngend benéidegt huet an d‘Famill vum Marielle Franco, déi am Mäerz 2018 ëmbruecht gouf, ka mat der Justiz schaffen.

Och dir kënnt elo derzou bäidroen, datt et fir de Marinel op de Philippinnen, dem Emil a Wäissrussland, dem Yasaman am Iran esou wéi och d‘Liewe vu siwen anere jonke Mënschen oder Gruppe vu Jonker eng Zukunftsperspektiv hunn. Är Wierder hu méi Muecht wéi dir vläicht mengt!

Dir wëllt iech méi engagéieren? Dann organiséiert ären eegene Bréif-Marathon. Bei iech doheem, op der Aarbecht oder an der Schoul. Mir begleeden iech gären a kënnen entspriechend Material zur Verfügung stellen. Erzielt eis eppes iwwert äre Projet mat enger e-Mail un activisme@amnesty.lu oder rufft eis un 26 19 01 66.

Matgedeelt vun Amnesty International Lëtzebuerg, fräi aus dem franséischen Iwwersat vum Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten Amnesty International, Bréif-Marathon 2019, Mënscherechter, Widderstand
Nächsten Artikel Virrechten Artikel