Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sommet vun den EU-Inneminister zu Lëtzebuerg (mat Analys)
International Neiegkeeten

https://moien.lu/hook-up-lift/

Datt mat der „organiséierter Verdeelung vun de Mëttelmier-Flüchtlingen“ an der

india most dating site
International Neiegkeeten

Neies vun den Impeachment-Hearingen

De Gordon Sondland, US-Ambassadeur bei der EU, huet bei de

Mëssgléckt Noutlandung
International Neiegkeeten

Mëssgléckt Noutlandung

Net wäit ewech vum Central Park zu New York, ass

Amnesty International: Zuel vun den Hiriichtungen ass réckleefeg

Amnesty International: Zuel vun den Hiriichtungen ass réckleefeg

Déi leschte Kéier wou esou „wéineg“ Mënschen higeriicht gi sinn, dat läit schonn 10 Joer zréck. An 2018 huet et laut Amnesty International weltwäit 690 Hiriichtunge ginn. Mee dat bezitt sech eleng op déi offiziell Zuelen, Experte ginn dovunner aus datt d‘Donkelziffer däitlech driwwer läit. Woubäi d’Tendenz sech ze hale schéngt

Entspriechend dem Joresbericht 2018 vun Amnesty International (AI) ass et an 20 Länner zu 690 offiziellen Hiriichtunge komm. Am Verglach: 2017 sinn an 23 Länner 993 Mënschen higeriicht ginn. Wou sech dann awer och AI net op déi „offiziell Zuele verléisst, dat ass China. Hei ginn all d‘Experte vun enger héijer Donkelziffer aus.

Am Kontext vun den dokumentéierten Hiriichtungen, ergëtt et sech, datt véier Länner besonnesch äifreg zu Wierk ginn. Esou huet den Iran 253 Mënschen, fir déi meescht duerch de Strang, zu Dout bruecht. Saudiarabien, den Äerzfeind vum Iran, kënnt op 149 Exekutiounen. Interessant: op der 3. Plaz de Vietnam mat 85 Hiriichtungen, virum Irak dee mat 52 Affer schonn ofgeschloen ass.

Dëse Sënneswandel huet seng Ursaachen

Fir déi dach awer konsequent Baisse vun den Hiriichtungen op staatlecher Basis gëtt et Ursaachen. Wéi Amnesty International et gesäit, hätt et besonnesch an deene Länner, déi soss d‘Doudesstrof „éischter generell agesat hunn“ eppes wéi e Sënneswandel ginn. Esou beispillsweis den Irak, Iran, Pakistan oder och nach Somalia, wou et däitlech besser ginn ass.

Eppes wat engem ze denke ka ginn, ass d‘Feststellung vun AI, datt sech d‘Zuel vun de Länner verréngert huet, vun deene gewosst ass datt si Exekutiounen duerchgefouert hunn. An esou stellt sech onweigerlech d‘Fro, op dann elo „besser ginn ass“ ? Generell muss een dat negéieren, well all Doudegen een ze vill ass, mee et gëtt besser Argumenter…

An deene meeschte Länner wou Mënschen higeriicht ginn, huet ee vun den internationale Standarde a Punkto Rechtsspriechung nach näischt héieren. Fair Prozesser hu Seelenheetscharakter, oft gëtt sech op Aussoe bezunn déi duerch Folter erbäigefouert goufen. Hei sinn déi besonnesch gutt Schüler: Bahrain, China, Egypten, Irak, Iran a Saudiarabien.

Illustratioun: WikiImages/Pixabay

Ähnlech Sujeten Amnesty International, Doudesstrof, Hiriichtung, Mënscherechter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel