Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: Bréissel geet vun enger Scheedung ouni Accord aus
https://moien.lu/how-is-carbon-dating-used-to-determine-the-age-of-a-fossil/ Neiegkeeten

https://moien.lu/llama-dating/

E Méindeg hunn déi europäesch a britesch Dirigenten nach verkënnt,

russian dating sites australia
https://moien.lu/signs-your-falling-for-your-hookup/
https://moien.lu/how-is-carbon-dating-used-to-determine-the-age-of-a-fossil/ Neiegkeeten

Éischt Erfolleger bei Bekämpfung vun der Laangzäitaarbechtslosegkeet

Den Aarbechtsminister Nicolas Schmit, huet um Freideg zu Wolz an

What the Fakt – 115. Gebuertsdag vum Mark Rothko
https://moien.lu/how-is-carbon-dating-used-to-determine-the-age-of-a-fossil/ Neiegkeeten

What the Fakt – 115. Gebuertsdag vum Mark Rothko

De 25. September 1903 gouf ee vun de bekanntsten abstrakten

Amnéviller Zoo: Vun onzefriddene Mataarbechter, engem choleresche Chef an um Site begruewen Déieren

120 Dossieren si scho beim Aarbechtsgeriicht eragaangen

Amnéviller Zoo: Vun onzefriddene Mataarbechter, engem choleresche Chef an um Site begruewen Déieren

Säit dem Dout vum fréiere stellvertriedenden Direkter Jean-Marc Vichard am Joer 2011 geet et fir den Amnéviller Zoo d’Baach erof. Wärend ee sech ëm d’Wuel vun den Déiere këmmert, gesäit et fir d’Salariéë ganz anescht aus. An och d’Infrastruktur ass wuel net méi op der Héicht, wëll et einfach u Kapital feelt. Zu gudder Lescht krut den Zoo och nach d’Exzellenz-Ofzeeche vun der EAZA entzunn, wéinst ethesche Verstéiss. Mee wéi konnt et nëmmen esou wäit kommen?

Um 13. Juli 2011 misst den Amnéviller Zoo déi traureg Nouvelle verkraaften, datt hire stellvertriedenden Direkter Jean-Marc Vichard mat 49 Joer de Kriibs net iwwerlieft huet. Zënter der éischter Stonn vum Zoo war hie mat Läif a Séil am Asaz fir d’Déieren a konnt sech soumat op seng héich Positioun eropschaffen. No sengem Verscheede war et de Michel Louis, deen un d’Spëtzt vum Déierepark geklommen ass. Vun de Mataarbechter gëtt hien als choleresch an hannerhälteg Persoun beschriwwen, där d’Wuel vum Mënsch net wierklech um Häerze läit.

Amnéviller Zoo

Déi schwaarz Lëscht vum Zoo

Ganzer 214 Nimm vu Salariéë sinn op der sougenannter Black List vum Déierepark ze fannen. Wie giel markéiert ass stellt duerch eng Plainte, eng Ausso oder eng eigentlech harmlos Aktioun eng Gefor fir de Park duer a riskéiert d’Kënnegung vum Chef ze erhalen. Esou goufen zuelräich Mataarbechter mat engem Treffe mam Michel Louis konfrontéiert, no där si kuerzerhand wéinst Alkohol bei der Aarbecht, Erpressung, Mobbing oder och aus ekonomesche Grënn erausgehäit goufen.

Et fänkt awer scho beim Entretien un. Eng Damm, déi als Animatrice beim Déierepark ufänke wollt, gouf skeptesch bekuckt. Datt si op de soziale Medien d’Säit L214, déi sech fir Déiereschutz asetzt, mat engem Domm erop markéiert huet, ass net gutt ukomm. Hei hätt anscheinend missen eng Autorisatioun ugefrot ginn, fir datt hiren Numm vun der Lëscht verschwënnt.

Amnéviller Zoo

Eng Ex-Mataarbechterin vum Zoo sollt genau esou ee klärend Gespréich hunn. France Bleu géigeniwwer huet si erkläert, datt souguer hire Papp ni an esou engem Toun mat hir geschwat hätt, wéi dëse cholereschen Direkter. Just wéineg Minutte méi spéit war der Madamm hire Büro eidel, de Computer war fort a si hat d’Kënnegung am Grapp.

Ee weidert Beispill ass eng Reunioun Enn 2018. De Michel Louis hätt erkläert, datt den Zoo schlecht leeft an een elo dringend no Geldquelle sicht. Wéi aus dem Näischt eraus koum dunn nees seng zorneg Aart eraus, wouduerch hie mam Fanger op ee Responsabele gewisen huet a sot „Du gëss rausgehäit, Verräter, Handlanger!“

Den Direkter denoncéiert d’Existenz vun dëser schwaarzer Lëscht. Op hire Computere wier näischt Däraarteges ze fannen. Wéi d’Mataarbechter France Bleu géigeniwwer erkläert hunn, hätten Informatiker fir Uerdnung an ee proppert Image gesuergt. D’Harddisce goufen uschléissend an de Poubelle fonnt.

120 oppen Dossiere beim Aarbechtsgeriicht

D’Onzefriddenheet mécht sech méi den aktuellen an ehemoolegen Mataarbechter breet. Verschiddener fillen sech esou blesséiert, datt si eréischt Joren no der Kënnegung iwwert d’Zoustänn schwätze kënnen. D’Majoritéit vun hinnen huet Famill. Kee Wonner also, datt Plainte géint den Amnéviller Zoo gemaach goufen an iwwer 120 Dossiere beim Aarbechtsgeriicht agaange sinn.

Dorënner ass och een Dossier vum Direkter selwer. Hie wëll sech esou am Fall vun der Liquidatioun vum Zoo schützen. D’Audienz um Geriicht ass den 3. Februar 2020.

Wann d’Entsuergung vun Ofwaasser an Déieren ze deier gëtt

Nieft de Visiteurszuelen, déi vun 380.000 op 500.000 Leit pro Joer erhéicht goufen, sinn säit 5 Joer och d’Zuele vun de Scholden an Investissementer falsch. Een Entrepreneur, dee fir 15.000 € den Zoo mat informateschem Material equipéiert ass, gouf net bezuelt an huet uschléissend duerch ee Reorganisatiounsverfahren Alles verluer.

Jogger a Spadséiergänger, déi reegelméisseg am Bësch ronderëm de Park d’Natur genéisse wëllen, beschwéiere sech iwwer 6 Plazen, un deenen duerch oppe Réier Ofwaasser an aner Flëssegkeeten an de Bësch entlooss ginn. Heiansdo wier souguer Mousse drop, d’Waasser wier dréif a fält duerch säin iwwele Geroch op. De Servicer vum Staat no wier hei awer näischt ze signaliséieren a soumat weess keen, op dës Ëmweltverschmotzung legal ass.

Amnéviller Zoo

© La Ligue des Animaux

Donieft gëtt et am Park selwer säit 1998 eng Fuite am Basseng vun de Séihënn. Soubal de Krunn zougedréit gëtt, leeft de Basseng iwwert den Dag verdeelt zu ¾ aus, wat ronn 100.000 Liter entsprécht. Och déi bakteriologesch Analyse vum Waasser wieren erschreckend. De Wëllen an d’Sue fir eng Reparatioun an d’Behiewe vum Problem sinn inexistent.

D’Mataarbechter erklären, datt ee sech zu Liefzäite vun den 2000 Déiere gutt ëm si këmmere géif. Si krite genuch Iessen a Waasser, hätten een u si ugepasst Beräich. Esou hätt ee beispillsweis fir d’Elefanten eng speziell Heizung fir 20.000 € ageriicht.

Nom Dout gesäit dës Virsuerg awer anescht aus. Fir een adequaten Oftransport vum doudegen Déier si keng Suen do, wouduerch ee si anscheinend am Park selwer oder och ronderëm am Bësch vergrieft. Dat hunn méi Salariéë France Bleu géigeniwwer bestätegt. Eng ehemooleg Mataarbechterin huet souguer matgedeelt, datt si een doudegen Elefant a Stécker schneide misst, fir en uschléissend am Bësch ënnert de Buedem ze bréngen.

De beléifte Gorilla Ya Kwanza wier iwwregens och net den 22. Mee 2017 un engem Aneurysma, mee un engem Feeler bei enger Anästhesie gestuerwen. De grousse Primat vun 190 kg ass 32 Joer al ginn.

Amnéviller Zoo

Kee Stär méi fir de Restaurant

Bis 2015 war den Amnéviller Zoo Deel vun der EAZA, eng Associatioun fir Zooen an Aquarien. Nodeems d’Tiger World gebaut ginn ass, huet een den ethesche Vergaben net méi entsprach a krut soumat d’Exzellenz-Ofzeechen entzunn. Dobäi ass dëse Beräich mat den Tigeren dem Direkter säi ganze Stolz…

Et wier, esou d’Mataarbechter, wéi wann een engem renomméierte Restaurant seng Stären entzitt. Mat senge 14 Milliounen € un Equipement, déi op der Rechnung bemol zu 33 Milliounen € gi sinn – kee weess, wéi sech dës Zomm bal verduebele konnt – géif ee kuerz virun der Faillite stoen.

De Michel Louis wollt sech der Press géigeniwwer net äusseren. Fir hie wier alles tip top, esou wéi et ass an et hätt een och näischt ze verstoppen.

Amnéviller Zoo

Den Inhalt vum Artikel bezitt sech op d’Informatioune vu La Ligue des Animaux a baséiert op de Recherche vu France Bleu.

Opmaacherfoto: Zoo d’Amnéville/Facebook

Ähnlech Sujeten Amnéviller Zoo, Bedruch, Berguewen, Boykott, Déiereschutz, Dout, EAZA, Faillite, Gorilla, Jean-Marc Vichard, Kënnegung, La Ligue des Animaux, Mataarbechter, Michel Louis, schlecht Behandlung, Ya Kwanza, Zoo d'Amnéville
Nächsten Artikel Virrechten Artikel