Search

You may also like

Europawahlen 2019: Iwwerzeegten Demokraten
International Neiegkeeten

Europawahlen 2019: Iwwerzeegten Demokraten

Europa geet et net esou gutt, an dat ass net

Den EPP-Chef Weber a säi faschistesche Schützling
International Neiegkeeten

Den EPP-Chef Weber a säi faschistesche Schützling

Zanter Jore kann sech déi ungaresch Verwandtschaft bannent der grousser

Fusiounsgespréicher am héijen Norden
International Neiegkeeten

Fusiounsgespréicher am héijen Norden

De Konzept „Nordstad“ ass net nei an zugläich e politescht

16 Affer no Amoklaf a Kanada

Bei engem Amoklaf an de kanadescher Provënz Nova Scotia huet e Mann mindestens 16 Mënschen ëmbruecht - D‘Police bestätegt datt den Täter „neutraliséiert“ ginn ass a sicht elo nom Motiv.

16 Affer no Amoklaf a Kanada

Den Amokleefer, en Zänndokter vun 51 Joer, konnt um Sonndegnomëtte vun der Police op enger Pompel zu Enfield un der kanadescher Ostküst gestallt ginn. Gespréicheg war de Schütze net, dofir reaktiv an esou huet och den Täter dat zäitlecht geseent. De Kommissär Chris Leather huet géintiwwer de Medien erkläert, datt elo enquêtéiert gëtt, fir méi iwwer Motiv oder Hannergrond gewuer ze ginn.

© CryptoJoules (via Twitter)

Gewosst ass, datt sech de Mann als Polizist verkleet hat an och säi Gefier esou maquilléiert huet, datt een op den éischte Bléck doranner ee Policeauto erkenne konnt. Him gëtt zur Laascht geluecht an der Provënz op d‘mannst 16 Mënschen ëmbruecht ze hunn. „Mir sinn iwwerzeegt datt eng Persoun fir all dës Affer verantwortlech ass an, datt hie sech eleng am nërdlechen Deel vun der Provënz erëmgedriwwen an erwisenermoossen dës Dote vollbruecht huet“, esou de Chris Leather.

AmoklafDe Kommissär huet nach drop higewisen, dat am Kontext vun der Sich no de Motiver, och géif iwwerpréift ginn, ob dës schrecklech Dot mam Coronavirus Covid19 eppes kéint ze dinn hunn. Gefrot op et dofir Unhaltspunkte gëtt, huet de Chris Leather geäntwert, datt d‘Enquête doriwwer sollt Opschloss ginn. „Et dierf een an dëse schwéieren Zäiten esou eppes net ausschléissen“.

An engem Haus zu Portapique (100 Km nërdlech vun Halifax) hat d‘Police schonn an der Nuecht zum Sonndeg eng „chaotesch Zeen“ mat ville Läichen entdeckt, ënnert den Affer war och eng Polizistin. Den Täter, deen als Gabriel Wortman identifizéiert gouf soll uschléissend Haiser a brand gestach hunn. De Premier vun Nova Scotia, Stephen McNeil zur Dot: „Et ass ee vun de schlëmmste Gewaltakten an der Geschicht vun eiser Provënz“. Zudeem ass net sécher ob dat d‘Affer all sinn…

AmoklafMasseschéissereie sinn a Kanada – entgéint den USA – net geleefeg, wat och mam Waffegesetz ze dinn huet. Nom Amoklaf vum Marc Lepine 1989, am polytechnesche Kolléisch zu Montreal 14 Meedercher an uschléissend sech selwer higeriicht hat, goufe Moossnamen ergraff. Et ass elo illegal en net registréiert Handfeierwaff an all Zort vu Schnellfeierwaff ze besëtzen.

mat indymedia/qbq

Foto: © CryptoJoules (via Twitter)

Related topics Amoklaf, Kanada, Nova Scotia, Royal Canadian Mounted Police
Next post Previous post