Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Loscht op Kino? Dann ass dat eleiten dat richtegt fir dech! Festival CINÉAST
Kultur Neiegkeeten

Loscht op Kino? Dann ass dat eleiten dat richtegt fir dech! Festival CINÉAST

Säit elo 2008 gëtt et de Festival vum zentral- an

What the Fakt – De René Magritte koum haut virun 120 Joer op d’Welt!
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – De René Magritte koum haut virun 120 Joer op d’Welt!

„Ceci n’est pas une pipe“ – wien kennt et net?

Venezuela: Dissident fänkt un ongedëlleg ze ginn
Kultur Neiegkeeten

Venezuela: Dissident fänkt un ongedëlleg ze ginn

Et soll elo endlech nees zu Gespréicher tëscht der venezuelanescher

Traditioun trëfft Modernismus: Amsterdam Klezmer Band

Den 10. Mee am Foyer vum Ettelbrécker CAPE

Traditioun trëfft Modernismus: Amsterdam Klezmer Band

Traditionelle Klezmer mat Punk a Balkan „Beats“ vermëschen – datt ass d‘Rezeptur déi bei der „Amsterdam Klezmer Band“ schonn iwwer 20 Joer zum Erfolleg bäidréit. E Freideg den 10. Mee bréngen d‘Hollänner de Foyer vum „Centre des Arts Pluriels“ zu Ettelbréck (CAPE) mat hirem Jubiläumsalbum „Oyoyoy“ op Temperatur. Do sollten och konsequent Danzverweigerer sech net wierklech dem Temperament vum Leadsänger Alex Kopyt entzéie kënnen.

E Concert vun der „Amsterdam Klezmer Band“ versprécht ëmmer e kuerzweilegt Erliefnes mat ausgeloossener Stëmmung ze ginn. Hire Sound vum „progressive Klezmer“, dee sech als Mëschung vun traditionell jiddesche Klezmer-Melodien, knackege Balkan-Beats an esouwuel jazzeg wéi punkorientéiert Elementer presentéiert, begeeschtert zanter elo 23 Joer de Public op der ganzer Welt. Den Alter spillt hei keng Roll, dës Hollänner rappe jiddereen aus dem Sëtz.

Ugefaangen huet dat ganzt 1996, wéi den Ensembel – fir unzefänken als Trio – an de Stroosse vun Amsterdam an a klenge Bistroen opgetrueden ass. Als éischt Band, déi traditionell jiddesch Volleksmusek mat Punk verbonnen huet an d‘Balkan-Beats salonfäeg gemaach huet, konnten si sech séier iwwer groussen Zousproch vum Public erfreeën. Mat Optrëtter an iwwer 34 Länner huet sech „Amsterdam Klezmer Band“ fest an der Zeen etabléiert.

Line-up „Amsterdam Klezmer Band“: Jasper de Beer, Kontrabass a Gesang; Job Chajes, Saxophon a Gesang; Alec Kopyt, Perkussioun a Gesang; Gijs Levelt, Trompette; Joop van der Linden, Posaune a Perkussioun; Janfie van Strien, Klarinette, Gesang a Perkussioun; Theo van Tol, Akkordeon.

E Freideg 10. Mee am CAPE zu Ettelbréck – 1, Marie-Adelaïde Plaz. Ufank 20 Auer. Ticketen Online (www.cape.lu) oder per Telefon ënner 2681 2681.

Foto: © Fred van Diem

Ähnlech Sujeten Amsterdam Klezmer Band, Balkan Beats, CAPE, Klezmer, Punk
Nächsten Artikel Virrechten Artikel