Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Miss a Mister Lëtzebuerg 2019 sinn?
Meenung

Miss a Mister Lëtzebuerg 2019 sinn?

Nach am Dezember haten si sech an der Pinacothéik zu

Déi Lénk 2019: Mat der aktueller Politik briechen
Meenung

Déi Lénk 2019: Mat der aktueller Politik briechen

Gëschter Owend war et un déi Lénk, fir op d’Joer

Science Summer Splash: Wa Wëssenschaft an Technik d‘Vakanz verschéineren
Meenung

Science Summer Splash: Wa Wëssenschaft an Technik d‘Vakanz verschéineren

Organiséiert vun der PINS Asbl, fënnt vum 12. bis de

An d‘Netz gaangen

An d‘Netz gaangen

Mir kréien et bei all Wahlkampf op en Neit ze héieren: D’sozial Netzwierker gi méi wichteg fir d’Politiker. Wouriwwer manner ze héieren ass: Wat fir en Afloss huet dat op de politeschen Discours?

Kee besonnesch gudden, géifen elo vill Leit äntweren. Net falsch, well wann een e Bléck op d’international Politik wërft ass den aktuelle Platzhirsch net grad fir seng Subtilitéit bekannt. Mee ech hunn an der läscht scho genuch iwwert den Donald Trump geschriwwen, an et ass et wierklech net der wäert, nach méi drop anzegoen. Konzentréiere mer eis mol op d’Groussherzogtum.

Säit Joren hunn ech als Journalist do schonn e Bléck drop. Villes ass d’selwecht bliwwen. Verschidde Politiker ginn eréischt während Wahlkampfjoeren richteg aktiv. Anerer sinn Dauerbrenner, déi wierklech all Dag probéieren, op mannst ee Post oder een Tweet of ze setzen. Iwwert Qualitéit oder Inhalt wëlle mer do nach guer net schwätzen. Bezeechnenderweis gouf am Wahlkampfaccord allerdéngs schonn eng Klausel dra gesat, déi d’Verbreede vu Fake-News soll andämmen. Wat et bréngt gesi mer nom Wahlkampf-Marathon an dräi Joer.

Den eigentleche Discours huet sech an de vergangene Joer verännert. En ass méi räisserech ginn a vun richtege Diskussiounen ass oft net ze schwätzen. Datt mer am Land ëmmer méi oft Geriichtsaffairen wéinst Hatespeech hunn, ass wuel als en Element vun der Internationaliséierung vun eise Plattformen ze gesinn.

Virbiewe gouf et schonn ze gesinn. Dem Joe Thein säi Rausworf aus der ADR ass do een Element, d‘koordinéiert Aktioune vu Säite wéi Memes bis zum Weltraumkommunismus en anert. Eischteres huet och kloer eng Konsequenz fir de Wahlkampf, muss de Joe Thein mat enger eegener Mannschaft zu Péiteng untrieden. Wéi sech dat op den ADR auswierk ass nach oppen.

A wéi vill déi Aktioune wäerte bréngen, ass och eng oppe Fro. Oft sinn d‘Fronten esou verhäert, datt do keng Beweegung méi dra kënnt. An do muss sech da jidderee froen, op et iwwerhapt der Wäert ass, fir ze diskutéieren an ze kommentéieren. Op et um Enn dann net méi bréngt, am direkte Gespréich eppes ze bewierken.

Ähnlech Sujeten Digital, Facebook, Lëtzebuerg, Twitter, Wahlkampf
Nächsten Artikel Virrechten Artikel