Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Professionell Foire fir Personalressourcen : klenge Réckbléck
Fail International Neiegkeeten

Professionell Foire fir Personalressourcen : klenge Réckbléck

Ufangs vum Joer, de 25. Januar 2019 fir méi genau

surprise
60 Millioune ginn investéiert, fir Lëtzebuerg an e Touristemagnéit ze verwandelen
Fail International Neiegkeeten

60 Millioune ginn investéiert, fir Lëtzebuerg an e Touristemagnéit ze verwandelen

Um Dënschdeg huet d’Staatssekretärin Francine Closener (LSAP) de „strategesche“ Kader

Ciné-Club: „Roadmap to Apartheid“
Fail International Neiegkeeten

Ciné-Club: „Roadmap to Apartheid“

E Méindeg, den 10. Dezember gëtt um 18:30 Auer den

dislike

Analys: Déi politesch Néierlag vum Martin Schulz a fënnef Akten

Analys: Déi politesch Néierlag vum Martin Schulz a fënnef Akten

No heftegster Kritik aus dem eegene Lager, huet den „nach“ Virsëtzende vun der SPD, Martin Schulz, deen sech no de Koalitiounsverhandlungen d‘Mandat als Ausseminister geséchert hat, dat gemaach wat hien am beschte Kann, eng 180 Grad Kéier.

Op et him liicht gefall ass oder och net spillt kaum eng Roll, Fakt ass, datt hien elo tatsächlech net Minister an der Merkel-Regierung gëtt, an ongewollt eent vu senge Verspriechen anhale wäert. D‘Presidence vun der Partei ass hien allerdéngs och lass, an esou ass hien elo nach just en einfachen Deputéierten, an rutscht of an déi zweet politesch Rei.

An dobäi hat dach am Januar 2017 alles „esou gutt“ ugefaangen. Hien huet de Parteivirsëtz iwwerholl a stoung als Kanzlerkandidat fest. 381 Deeg méi spéit steet deen, wou der vill als de neie „Messias“ vun der Sozialdemokratie wollten erkannt hunn, mat eidelen Hänn do.

Akt 1: Vum Buergermeeschter zum EU-Parlamentspresident

De Martin Schulz, war vun 1987 bis 1998 „éierenamtlechen“ Buergermeeschter vu Würselen (Nordrhein-Westfalen) iert hien an de Bundesvirstand vun de SPD „beruff“ ginn ass. Zanter 1994 Europadeputéierten, gëtt hien et 2014 EU-Parlamentspresident. An et ass richteg ze behaapten, datt keen aneren an der SPD den europäesche Gedanken esou verkierpert huet ewéi de Martin Schulz.

Omnipräsent, beherrscht hie véier Sprooche fléissend a kann esouguer op e gudden Ëmgang mam Jean-Claude Juncker verweisen. Et muss him ugerechent ginn, datt et kaum een zu Bréissel ginn huet, dee sech mat esou grousser Leidenschaft glafwierdeg vir Europa agesat huet.

Do verwonnert et net, datt se bei der SPD Respekt fir de fréiere Buchhändler aus Würselen entwéckelt hunn. Hie „kann Europa“ an huet nei Hoffnunge bei de Sozialdemokraten ervirgeruff, déi als däitsch Vollekspartei endlech nees un d‘Muecht wollte kommen. No ville Kandidaten, déi sech dem Angela Merkel net konnten entgéint stellen, sollt de Martin Schulz Kanzler ginn.

Akt 2: D‘Wahl zum SPD-Parteipresident

Enn Januar 2014 kritt de Buchhändler aus Würselen vum Parteifrënd Sigmar Gabriel ganz offiziell de Parteivirsëtz ugebueden. An den däitsche Medie gëtt dat ganzt gewinnt ënnerschiddlech bewäert, an de Stern schreift iwwert eng „stëll Ofsprooch“ tëscht zwee Sozialdemokraten.

Hien ass kee kamoude „Genosse“ a mat senger „direkter“ Aart a Weis d‘Saache beim Numm ze nennen, fält de Martin Schulz op. Seng Usiichten iwwert eng CDU mat sozialdemokrateschen „Touch“ fannen awer vill Zousproch an den eegene Reien. Steet de Sigmar Gabriel nach fir d‘Weiderféierung vun der grousser Koalitioun, esou verkierpert de Martin Schulz den Opbroch.

Während de Sigmar Gabriel sech an den Ausseministère ofsetzt, klammen d‘Hoffnungen, datt endlech nees e Sozialdemokrat kéint Kanzler ginn. D‘Stëmmung bei den Deputéierten ass esou gutt wéi laang net méi, an och Landeswäit stellen sech d‘Militanten hannert de Martin Schulz.

Akt 3: Sozial Gerechtegkeet

Éischt Sondage verstäerken déi nei Opbrochstëmmung. Am „Deutschland-Trend“ leet d‘SPD zou an de Schulz kann sech géintiwwer de Kanzlerin behaapten. Beim aussergewéinleche Parteidag, gëtt de Martin Schulz mat 100% Zoustëmmung zum Virsëtzende gewielt an iwwerhëlt eng Partei, déi intern „zimlech“ zerstridden ass. Dat hat et an der Nokrichszäit nach net ginn.

An entgéint deem wat ee sech hätt kënne virstellen, stellt de Martin Schulz net Europa an de Mëttelpunkt, mee déi sozial Gerechtegkeet. Detailléiert Virschléi, déi fënnt een a senge Rieden allerdéngs net. Dat ass gewollt, well de Martin Schulz wëll sech net ugräifbar maachen.

D‘Euphorie hält dann awer nëmmen eng Woch. Eng Woch nom Parteidag, verléiert d‘SPD Landtagswahl am Saarland, kuerz drop och déi a Schlesesch-Holstein. Ganz batter fir de Martin Schulz dann d‘Landtagswal a Nordrhein-Westfalen, wou der SPD d‘Héichbuerg verluer geet. De Schulz-Effekt ass ausbliwwen, bei der Basis ramouert et.

Akt 4: De laange Schied vum Wahlkampf

Trotz de regionalen Néierlagen hält ee bei der SPD um Thema „sozial Gerechtegkeet“ fest. De Martin Schulz gëtt hei awer wiesentlech méi Konkret, stellt sech dem Angela Merkel offensiv entgéint, där hie virwërft mat hirer „Manéier“ en Uschlag op d‘Demokratie duerchzeféieren.

De Ganze Wahlkampf iwwer kann sech d‘SPD net duerchsetzen, an den Ofstand zur CDU bleift an de Sondage konstant. Esouguer an den eegene Reien ass ee wäit dovunner ewech vum „Kandidat“ iwwerzeegt ze sinn. Zwar trëtt de Martin Schulz engagéiert op, mee seng Aussoe sinn esou komplex wéi onverständlech. An am Hannergrond ëmmer nees d‘Stëmm vum Sigmar Gabriel…

Et kënnt wéi komme muss, um Wahlowend ass d‘Katastroph perfekt: d‘Vollekspartei SPD muss sech mat 20,5% zefridde ginn a feststellen, datt si als Regierungspartei net erwënscht sinn. Déi lescht richteg Entscheedung vum Schulz: Oppositioun an Erneierung.

Akt 5: Soe wat ee wëll maachen, a maache wat ee gesot huet

D‘Sozialdemokrate stinn zu deem Zäitpunkt fir eng Koalitioun net zur Verfügung an dem Schulz seng Deklaratioun: „An eng Regierung vum Angela Merkel wäert ech net antrieden“, war glafwierdeg. Esouguer wéi d‘Gespréicher fir eng Jamaika-Koalitioun platzen, bleift de Martin Schulz bei sengem „Nee“ a schléisst aus Minister ënnert der Merkel ze ginn.

E kapitale Feeler, well den ëffentlechen Drock an de Bundespresident zwéngen d‘Sozialdemokraten a Koalitiounsgespréicher anzetrieden. Den SPD-Virstand huet awer en Joker: hir Basis muss traditionell engem, Koalitiounsaccord zoustëmmen.

Zwar gëtt de Schulz als Parteipresident bestätegt mee de lénke Fligel a besonnesch déi Jonk halen um Gang an d‘Oppositioun fest. Wat d‘SPD bei de Koalitiounsgespréicher erausgeholl huet bleift niewesächlech. Dem Andrea Nahles de Virsëtz unzebidden a sech selwer als Ausseminister ze psoitionéieren, bréngt d‘Faass zum iwwerlafen…

E Freideg huet hien da bekannt ginn, datt hie keen Usproch op e Mandat an der GroKo stellt. Domatter wëll hien erreechen, datt den Antrëtt an d‘Koalitioun awer vun der Basis ugeholl gëtt. Op et dem SPD-Virstand geléngt d‘Membere vun enger GroKo ze iwwerzeegen?

Foto: Um Freideg huet dee Mann, deen als Messias gefeiert ginn ass, seng gréissten Néierlag missen hinhuelen. Hie spillt elo nach just eng „Nieweroll“ an der däitscher Politik. Op déi Entscheedung zur Weiderféierung vun der grousse Koalitioun féiert, dat entscheeden d‘Membere vun der SPD zu engem spéideren Zäitpunt. © Tobias Schwarz/AFP

Ähnlech Sujeten Andrea Nahles, Angela Merkel, GroKo, Martin Schulz, Sigmar Gabriel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel