Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Douanestaxen: d‘EU bereet sech ze verdeedegen
Neiegkeeten

Douanestaxen: d‘EU bereet sech ze verdeedegen

Während den US-President domatter dréit gesënnert Douanestaxen op Stol, Aluminium

„Ouni Angscht“: Barcelona néng Deeg nom Uschlag
Neiegkeeten

„Ouni Angscht“: Barcelona néng Deeg nom Uschlag

Mat Blumen an der Hand… esou ginn haut dausende Spuenier

Weis eis, wéi gutt s de eist Land kenns!
Neiegkeeten

Weis eis, wéi gutt s de eist Land kenns!

Mir maachen nees eng digital Rees duerch eist Land. Erkenns

Matenaner Schwätzen: Eng éischt Analys vun der Sproocheronn

Matenaner Schwätzen: Eng éischt Analys vun der Sproocheronn

En Dënschdeg hunn de Educatiounsminister Claude Meisch (DP), an de Staatssekretär fir Kultur, Guy Arendt (DP) d‘Resultater zu den Online- a Biergerforen iwwer d‘Lëtzebuerger Sprooch verkënnt. E Resultat datt sech aus ënnerschiddleche Positiounen aus beliichte léisst.

Hei muss een dann och dierfen drop hiweisen, datt d‘Regierung sech an de leschte Jore beméit huet a vill Initiativen ergraff, Projeten ëmgesat huet. Moossnamen, mat deenen d‘Roll vun eiser Sprooch an der Gesellschaft soll gestäerkt ginn. Sënn vum Ganzen: déi Lëtzebuerger Sprooch fërderen.

De Staatssekretär fir d‘Kultur erënnert an dësem Kontext drun, datt rezent d‘Sproochegesetz um Krautmaart gestëmmt ginn ass, mat deem de Poste vun engem Kommissär an en nationalen Zenter fir d‘Lëtzebuerger Sprooch geschafe musse ginn. Mat der Sproocheronn, sollten sech d‘Bierger abréngen a Virschléi ënnerbreede wéi den Aktiounsplang kann erstallt an ausgefouert ginn.

Laut dem Guy Arendt, war d‘Sproocheronn spannend an opschlossräich. Et wiere vill Propose gemaach ginn, och vu Matbierger déi d‘Sprooch nach net schwätzen. Virschléi déi d‘Leit online op www.sprocheronn.lu oder bei engem vun de véier Live Foren konnten ënnerbreeden.

Am Virfeld zu dëser „Aktioun“ huet d‘TNS-Ilres eng Ëmfro iwwert d‘Roll vun der Lëtzebuerger Sprooch an eiser Gesellschaft gemaach. Aus där geet ervir, datt déi lëtzebuergesch Sprooch eng ganz wichteg Roll spillt. Als Integratiouns- an als Kommunikatiounssprooch, am Alldag wéi am Beruffsliewen, hätt si sech am méisproochegen Ëmfeld behaapt.

Honnert Virschléi sinn zréckbehale ginn

De Minister Claude Meisch stellt dann och fest: „den Interessi un der Sprooch ass grouss“. D‘Leit wéilte matenee Schwätzen, a mat entscheede wéi si sech soll an der Gesellschaft etabléieren. Elo gëtt et jo d‘Gesetz, datt d‘Lëtzebuergesch eis Nationalsprooch ass, an elo misst een als Regierung och kucken, wéi se gefërdert ka ginn.

Mat der Sproocheronn wollt d‘Regierung dann och de Bierger eng Stëmm ginn, fir ze bestëmme wéi eng Prioritéiten am 20Joer-Plang solle festgeluecht ginn. Den Online-Site hat während der Campagne eppes iwwer 7.000 Visiteuren, vun deenen der vill och eng Meenung haten. Un de Foren déi uechtert Land stattfonnt hunn, hunn sech nach emol ronn 150 Leit bedeelegt.

Dat ass net wierklech dat, wat een ënnert „groussem Interessi“ muss verstoen, a wéi a ville Fäll, kënnt et jo och op den Inhalt vun de gemaachte Proposen un. An dorunner huet net gefeelt, woubäi vun alle Virschléi, der 100 zréckbehale gi sinn, déi och online iwwer 1.000 mol „geliked“ goufen.

Fir de Claude Meisch ass et dann awer erfreelech dierfe festzestellen, datt et eiser Sprooch gutt geet an och den Interessi se ze léieren zouhëlt. Domatter ass eigentlech däitlech scho kloer, datt eis Sprooch och an der Schoul, an zwar op all Niveau, misst méi Gewiicht erhalen. Zudeem wier et Sënnvoll, déi ënnerschiddlech Formatiounsniveauen ze regroupéieren.

SproocheronnWann dann nach kuerz bedauert ginn ass, datt sech vill national Dialekter verléieren, esou wier dat eppes, iwwert dat sech ze Fuersche géif rentéieren. Eng Aufgab deemno déi der Universitéit kéint iwwerdroe ginn. Ëmmerhi gehéieren och d‘Dialekter zum kulturelle Patrimoine vu Lëtzebuerg.

Wou et nach Verbesserung soll a ka ginn

Datt déi Lëtzebuerger Sprooch gutt opgeholl a gäre geléiert gëtt ass eng Saach. Mee wéi gesäit et mat der Visibilitéit vun eiser Sprooch aus? Geet et dem Minister no, da misst een se an de Medien, op de Stroosseschëlter, an och an den Administratioune „besser gesinn“.

Och mat de neien Technologie misst ee Schratt halen. Esou sollt dru geschafft ginn, datt déi digital Sproocheprogrammer (Alexa oder Siri) och „fit 4 Luxemburgish“ ginn. En anere Beräich, deem et gutt géif zu Gesiicht stoen, wann d‘Nationalsprooch eppes méi aktiv genotzt géif ginn, ass dee sozialen a medezineschen. Wann et ëm Vertraue geet, muss ee sech richteg verstoe kënnen.

Den Educatiounsminister huet dann och nach en Opruff an de Raum gestallt. Esou wier et wichteg, datt ee säi Gespréich op lëtzebuergesch ufänkt, an net scho vu vireran mam Gespréichspartner an deem senger Sprooch ufänkt. Eng gutt Iddi, déi de Lëtzebuerger scho beim Akafe kann uwennen.

Ganz wichteg ass et dann awer ze berécksiichtegen, datt bei all Houfert op déi eege Sprooch, een net dierf vergiessen, datt sech d‘Land virun allem duerch seng Méisproochegkeet am internationale Vergläich ervirhieft. Et soll hei also net zu Ofgrenzunge géintiwwer aneren Nationalitéite kommen.

Wien de ganzen Detail zu de Resultater an der Evaluatioun vun der „Sproocheronn“ wëll agesinn, fir dee gëtt et eng flott ausgeschaffte Broschür: „Bierger – Gesellschaft – Politik / Zesummen d‘Lëtzebuerger Sprooch Fërderen“. D‘Publikatioun kann een bei de Ministère: Kultur an Educatioun bestellen, si leien och op ville Plazen aus, a se soll kuerzfristeg och erofzeluede sinn.

Ähnlech Sujeten Claude Meisch, Guy Arendt, Méisproochegkeet, Sproochegesetz, Sproocheronn
Nächsten Artikel Virrechten Artikel