Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

6 Saachen, déi s de net iwwert den Hugh Hefner wousst
https://moien.lu/georgie-henley-dating-ben-barnes/ cs go matchmaking server probleme

https://moien.lu/who-is-dating-jc-chasez/

Haut ass de Grënner vum Playboy, den Hugh Hefner, am

free online dating websites for 50+
https://moien.lu/georgie-henley-dating-ben-barnes/ cs go matchmaking server probleme

De Vëlo gëtt ëmmer méi beléift… bei den Déif!

De Vizepremierminister Etienne Schneider (LSAP) huet um Freideg der Deputéierter

US-Mëttelstreckerakéite fir Asien
https://moien.lu/georgie-henley-dating-ben-barnes/ cs go matchmaking server probleme

US-Mëttelstreckerakéite fir Asien

Ass et nëmmen eng „Warnung“ u Peking oder schonn Deel

Andalusien: déi Rietsextrem erueweren d‘Regionalparlament

Sozialiste verbuche gréisse Perte an der Parteigeschicht

Andalusien: déi Rietsextrem erueweren d‘Regionalparlament

Eng kleng rietsextrem Partei, d‘VOX, huet e Sonndeg seng Entrée an e regional Parlament gefeiert, andeems si 12 Mandater bei de Walen an Andalusien erhalen huet. Dat ass eng Première a Spuenien an d‘Enn vun der „sozialistescher Ära“ an der awunnerräichste Provënz.

Fir de sozialistesche Premierminister, Pedro Sanchez, muss et sech ugefillt hunn, wéi e Schlag riicht an d‘Gesiicht. No der Auszielung vun iwwer 99% vun de Stëmme steet fest: d‘PSOE – sozialistesch Aarbechterpartei vu Spunien – muss sech bei de Regionalwahlen an Andalusien, enger Regioun mat 8,4 Milliounen Awunner, op hiert schlechtste Resultat vun der Parteigeschicht beruffen.

D‘Sozialiste verléieren op ee Schlag 14 Sëtz, a kommen nach esou just op 33 Mandater (vun 109). Mat de Mandater vun hiren Alliéierte vun der „lénker radikaler“, geet et dës kéier net duer, fir eng absolut Majoritéit vu 55 Sëtz zesummenzekréien. Eng Regierungsbildung ass esou net méiglech.

Zanter 1982 hat de PSOE, eleng oder an der Koalitioun, d‘Muecht vun der Provënz „sécher“, mee et ass de Sozialisten ni gelongen de Chômage an de Grëff ze kréien. Doriwwer eraus, huet de PSOE net wierklech gutt Figur gemaach, beim Skandal, andeem zwee fréier Presidente vun der Regioun zur Verantwortung gezu ginn. Dësen „éiwege“ Prozess, kënnt elo esou lues zu sengem Enn.

Wien aus der Geschicht näischt léiert…

Nom Dout vum Diktator Francisco Franco 1975, an dem Retour zur Demokratie, hätt ee menge kënnen, datt Spuenien mat senger donkeler Vergaangenheet ofgeschloss hat. Déi huet d‘Spuenier elo nees ageholl, mat enger rietsextremer Partei, déi sech eng Plaz am Parlament gemaach huet.

VOX, oppe rietsextrem, ass 2013 gegrënnt ginn. Si huet hir Politik op d‘Immigratioun an dat katalanescht Onofhängegkeetsbestriewen ausgeriicht. Mat „einfachen Äntwerten“ op komplex Froen, an engem klore Feindbild (de Migrant), hu si vill Mënschen iwwerzeegt kritt. Sondagen haten der VOX maximal fënnef Mandater zougestanen, eng batter Feelaschätzung.

„D‘Andalusier hu Geschicht geschriwwen (…) a sech vu 36 Joer sozialistescher Herrschaft befreit“, esou de VOX-Leader Santiago Abascal, no bekannt gi vun de Resultater. An nach iert d‘Stëmmen alleguerten ausgezielt waren, hat d‘Marine Le Pen, mat engem Tweet, hire „Frënn“ gratuléiert.

Dem Premierminister d‘Box op d‘Knéie gezunn

Déi eklatant Néierlag vun de Sozialisten an Andalusien, ass dann och e Schlag an d‘Gesiicht vum sozialistesche Premierminister, Pedro Sanchez. Hie steet grad emol sechs Méint un der Spëtzt vum Land, an regéiert mat enger Minoritéit vu grad emol 84 Sëtz (vun 350) an der Chamber. Hie sollt 2019 Legislativwahlen aberuffen, méiglecherweis no de Gemenge-, Regional- an Europawahlen.

Mee och déi Konservativ, de „Partido Popular“ (PP) hunn sech bei dëse Walen net ervirgedoen. Si erhale grad emol 26 Mandater – siwe manner wéi nach 2015 – an mussen sech agestoen, datt hire neie Chef, Pablo Casado, deen de Mariano Rajoy am Summer „ofgeléist“ hat, versot huet.

De Pablo Casado huet um Sonndegowend d‘Direktioun vun der regionaler Regierung fir seng Partei agefuerdert, an de Premier opgefuerdert Walen anzeberuffen. Ciudadanos, verbessert sech a klëmmt vun 9 op 21 Sëtz. „De Changement huet d‘Wahlen an Andalusien gewonnen (…) de ‚Sanchismus‘ ass um Enn, elo muss en an den Urne vernicht ginn“, esou de Ciudadanos-Leader, Albert Rivera.

D‘Kaarte goufen nei verdeelt

Mathematesch betruecht, kéinten déi Konservativ (PP & Ciudadanos) mat der VOX eng Koalitioun agoen. Dat géif hinnen eng Majoritéit vun 59 Sëtz ginn. Keng vun de Parteien huet esou eng Allianz ausgeschloss. Domatter géif Andalusien eng konservativ-faschistesch Regierung erhalen.

Déi „natierlech“ Alliéiert vun de Sozialisten, Adelante Andalusia – eng lokal Variant vu PODEMOS (radikal lénks) – komme grad esou op 17 Mandater. „Antifaschistesch Alerte“ huet de PODEMOS-Leader, Pablo Iglesias, ausgeruff, an riicht en Appell un all lénk Formatioun sech ze mobiliséieren, fir d‘Fräiheet, déi sozial Justiz, d‘Bridderlechkeet an net zu lescht d‘Demokratie ze retten.

Wat wëll d‘VOX?

Déi rietsextrem VOX hat hir Campagne géint déi illegal Immigratioun, an fir de Verbuet vun den Onofhängegkeetsparteien a Katalounien gemaach. Si haten sech de Kläger am Prozess géint d’Independantisten ugeschloss, déi der Rebellioun beschëllegt ginn, wéinst hirem Rôle beim Versuch vu Katalounien, sech vu Spuenien lasszeléisen .

VOX huet déi erkläerten Absicht, d‘Autonomie vun de Regiounen ze suppriméieren, dat am Numm vun de budgetären Erspuernisser an der Verdeedegung vun der spuenescher Eenheet. Si fuerderen d‘Ofschafe vum Gesetz géint déi machistesch Gewalt, well si der Usiicht ass, datt dëst Gesetz ze wäit geet, wat déi „politesch Korrektheet“ ubelaangt.

mam Álvaro Villalobos/AFP

Foto: De Leader vun der rietsextremer VOX, Santiago Abascal (hei bei engem Wahl-Meeting zu Grenada de 26. November) dierft ee vun de glécklechste Spuenier um haidege Méindeg sinn. Seng Partei, déi eréischt 2013 gegrënnt gouf, huet aus dem Stand 12 Mandater erhalen. Si kënnen sech elo Hoffnung op eng Koalitioun mam Partido Popular a Ciudadanos maachen. © Christina Quicler/AFP

Ähnlech Sujeten Adelante Andalusia, Andalusien, Ciudadanos, Faschismus, Pablo Casado, Pedro Sanchez, Podemos, PP, PSOE, Regionalwahlen, Rietsextremismus, Spuenien, VOX
Nächsten Artikel Virrechten Artikel