Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Algerien: Den ale Mann an d‘Muecht
International Neiegkeeten

Algerien: Den ale Mann an d‘Muecht

Endlech huet den ugeschloene President vun Algerien säi Récktrëtt annoncéiert.

Nationale Commemoratiounsdag: Proklamatioun vun der Regierung
International Neiegkeeten

Nationale Commemoratiounsdag: Proklamatioun vun der Regierung

Zanter 1946 gëtt all Joer den nationale Commemoratiounsdag gefeiert, fir

money
US-Virschrëfte fir Handelsbezéiunge mam Iran
International Neiegkeeten

US-Virschrëfte fir Handelsbezéiunge mam Iran

Um Sonndegowend huet den Donald Trump bestätegt, datt hie keen

Andorra an d’EU sinn sech eens ginn

Andorra an d’EU sinn sech eens ginn

Andorra an d’EU hunn e Freideg bekannt ginn, datt si en Accord fonnt hunn, an ee sech fir de fräie Wuereverkéier ausgeschwat huet. Am Accord gëtt et eng Ausnam: den Tubak. Deen ënnerläit enger Transitiounsperiod vun 30 Joer. Den Tubak aus Andorra fält net an de Regime vun der Zollunioun.

„30 Joer. Dat ass déi längsten Transitiounsperiod déi mir jeemools am Kader vun internationale Verhandlungen ugeholl hunn“, ënnersträicht de Thomas Mayr-Harting, bei der Pressekonferenz wou den Accord virgestallt ginn ass. Hien huet dann och erkläert, datt nom siwente Joer, d’Douanestaxe progressiv ofgebaut ginn.

Den Éisträicher huet verséchert, datt mat dësem Accord d’Méiglechkeet ginn ass, den däregen Dossier vum „Tubak“ ze schléissen. E schwieregen Dossier, well den Tubak ass am „Zwergestaat“ mat ronn 100.000 Awunner, déi staatlech Geldquell an e wichtege Wirtschaftsfacteur, un deem vill Aarbechtsplazen hänken.

Fir déi aner landwirtschaftlech Produkter heescht et, dat si direkt ënnert de Regime vun der Zollunioun falen, betount déi andorranesch Ausseministesch, Maria Urbach. Si huet et begréisst, datt et beim Tubak zu der Transitiounsperiod vun 30 Joer konnt kommen. Déi Zäit géif genotzt gi fir déi andorranesch Wirtschaft ze diversifiéieren an esou manner Ofhängeg vum Tubak ze sinn.

Vir alles gëtt eng Géigeleeschtung

Als Géigeleeschtung fir déi laang Transitiounsperiod, huet sech dat klengt Fürstentum engagéiert, déi europäesch Direktiven zum Tubak unzewennen. Och de Schmuggel wëll ee verstäerkt bekämpfen, an et ass versprach ginn, datt d’Präisdifferenz um Tubak tëscht Andorra a Spuenien net erhéicht gëtt. Zudeem soll Andorra den Accord vun der WHO géint d’Fëmme ratifizéieren.

Op där aner Säit, ass am Protokoll festgehale ginn, datt déi kommerziell Franchise bäibehale ginn, an datt d’Fiskalitéit vum Accord ausgeholl ass. Domatter ass séchergestallt, datt Andorra seng fiskalesch Souveränitéit behält.

Dës Gespréicher hunn am Kader vun de Verhandlungen zu engem Associatiounsaccord, tëscht der EU an Andorra stattfonnt, déi virun dräi Joer opgeholl goufen. Hei sollen d’Verhandlungen an de nächste Méint intensivéiert ginn. Et huet ee „sech virgeholl déi ganz technesch Aspekter bis Enn 2018, Ufank 2019, ofgeschloss ze hunn“.

Et ass en enken Zäitraum, mee d’EU-Kommissioun géif den Accord gären zu engem Ofschloss bréngen, iert dem Jean-Claude Juncker säi Mandat op en Enn geet. Laut dem Maria Urbach ass de Kalenner ze halen, well mat dësem Accord, déi schwieregst Hürd geholl ginn ass.

mat AFP

Foto: Andorra lieft fir a vum Tubak, wat e groussen Afloss op de Schmuggel huet. Reegelméisseg mécht déi franséisch Douane (hei an Archivbild vum 6. Abrëll) gréisse Saisien. Den Tubak huet am Accord dann och eng Transitiounsperiod vun 30 Joer zougesprach kritt, dat awer mat gewësse Konditiounen. © Raymond Roig/AFP

Ähnlech Sujeten Andorra, Associatiounsaccord, EU, Tubak, Zollunioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel