Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Katar-Kris: Fuerderungen ofgeleent
Neiegkeeten

Katar-Kris: Fuerderungen ofgeleent

De Katar, vu sengen Nopeschlänner wéinst presuméierter Ënnerstëtzung vum Terrorismus

Retour an d’Schoul, nëmmen ënnert enger Konditioun!
Neiegkeeten

Retour an d’Schoul, nëmmen ënnert enger Konditioun!

Zënter dem 16. Mäerz sinn d’Schoulen zou an d’Schüler goufen

money
US-President sabotéiert Welthandelsorganisatioun
Neiegkeeten

US-President sabotéiert Welthandelsorganisatioun

D‘Welt dréit op der Felg: Klimakatastrophen, Äerderwiermung, bestoend Konflikter (an

Och déi aner Alternativen an der Mobilitéit respektéieren.

D‘Äntwert vum ACL op d‘Regierungserklärung zur wirtschaftlecher, sozialer a finanzieller Lag vum Land

Och déi aner Alternativen an der Mobilitéit respektéieren.

Här Premierminister,

Et war mat groussem Interessi wou mir den 8. Oktober är Ried zur Lag vun der Natioun verfollegt hunn. Dir erënnert iech sécherlech, laut enge Sondage vun der TNS-Ilres virun de Walen, war d‘Mobilitéit ee vun den decisiven Theme fir d‘Parlamentswahle vun 2018. D‘Leit erwaarden sech mat vill Ongedold Léisungen.

Wann dir an ärer Deklaratioun de Constat vun de begéinte Problemer bei der Mobilitéit maacht, sief et wéinst den Ofgaser oder dem alldeegleche Stau, esou bedauere mir dat net vill a virun allem keng prezis Léisungsvirschléi enthale waren. Mir erlaben eis dofir, iech un e puer konkret, vum ACL virgeluechte Proposen ze erënneren, déi den ACL an de leschte Jore promouvéiert huet:

– An ärem Discours schwätzt dir notamment vun der Necessitéit an d‘Infrastruktur ze investéieren. An dësem Punkt steet den ACL voll a ganz hannert iech, Här Premierminister. Mir stelle fest, datt d‘Annonce vu Projeten sech villfältegen. Leider schéngt et bei villen dovunner net iwwert d‘Phas vum Projet eraus ze goen. Ob et sech ëm grouss P&R-Projeten dëser an anersäits der Grenz handelt, déi noutwenneg sinn fir d‘Promotioun vum ëffentlechen Transport oder de Covoiturage bei de gutt 200.000 Grenzgänger ze maachen, ob et ëm Vëlospiste geet déi et dem Vëlo tatsächlech géifen erlaben eng Roll an der alldeeglecher Mobilitéit ze spillen (Bartreng ass ee gutt Beispill fir d‘Absence vun esou enger Infrastruktur, an dat virun den Diere vun eiser Haaptstad), ob et sech ëm Contournementer handelt, déi et erméiglechen d‘Sécherheet an d‘Liewensqualitéit an den Agglomeratiounen ze verbesseren…

D‘Projeten zu Lëtzebuerg sinn enger administrativer Schwéierfällegkeet an onendleche Prozeduren ausgesat, déi all kéiers zu neie Formalitéite féieren. Lëtzebuerg muss sech déi Moyene gi fir virunzekommen, a sech esou ab elo de villen Erausfuerderungen entgéintzestellen. D‘Prozedure mussen also vereinfacht gi fir méi effizient ze sinn.

– Eng Etüd huet rezent erginn, datt d‘Deplacementer déi a Verbindung mat der Aarbecht oder der Schoul stinn, d‘Haaptursaach fir de Stau sinn. Mee, a mir wëssen dat all, d‘Notzer, d‘Patronen, d‘Schouldirekter an esouguer d‘Gemengen, verstinn net ëmmer d‘Begleetëmstänn vun der Mobilitéitsproblematik an och net déi bestoend Alternativen a hire Fonctionnement.

Aus dësem Grond recommandéiert den ACL d‘Schafe vun enger Funktioun „Mobility Manager“ an den Entreprisen oder soss betraffen Institutioun, fir d‘Leit iwwert d‘Optiounen an der Mobilitéit ze beroden, hinnen déi am beschten ugepassten an konkret Léisunge virzeschloen, fir esou déi alldeeglech Mobilitéit ze verbesseren.

Dës Recommandatioun entspréngt enger spezifescher Formatioun vun dräi Deeg, déi den ACL mat der Universitéit Lëtzebuerg organiséiert huet an d‘Pertinenz vun esou enger Funktioun bewisen huet. Informatioun a Formatioun spillen en wichteg Roll, esouwuel fir d‘Evolutioun vun de Mobilitéits-Gewunnechte wéi fir d‘Sécherheet vun den Acteuren am Verkéier, egal ënnert wéi enger Form si dru bedeelegt sinn. Den ACL mengt dofir, datt dëst Thema seng Plaz och an de Schoulen huet.

– Dir hutt, Här Premierminister, iech op d‘Importenz vun der Fuerschung an der Entwécklung am Automobilsecteur, an der Roll déi Lëtzebuerg, dat notamment mëttels dem „Automotive Campus“, soll anhuelen. Elo setzt är Regierung awer exklusiv op d‘Elektrescht. Är Ministere ginn es sech net midd drun ze erënneren datt d‘Zukunft multimodal ass an et déi eenzegaarteg Léisung net existéiert. Wann et awer ëm d‘Motorisatioun geet, ginn esou Alternative wéi CNG net consideréiert an näischt weist drop hin, op Jo a wéi är Regierung an Zukunft déi aktuell an der Entwécklung stiechend Alternativen, wéi Waasserstoff oder synthetesch Brennstoffer ze ënnerstëtze gedenkt.

Mee elo kéinten dës Léisungen eng Alternativ fir all déi leit sinn, déi net méi op fossil Energien zréckgräife wëllen a fir déi d‘Elektrescht keng zefriddestellend Äntwert liwwert. Den ACL ass der Usiicht datt eng neutral Politik a punkto Technologie méi efficace wier an datt et derzou ka bäidroen zukünfteg Léisungen ze entwéckelen an eng gréisser Adhesioun vun den Notzer méiglech wier, well si hei déi fanne kënnen déi hinnen an hire Besoinen am beschten Entsprécht.

– Mir sinn erfreet iwwert déi gesond Staatsfinanzen an dem héijen Niveau vun de staatlechen Investitiounen. Mir mussen trotzdeem drop hiweisen, datt et déi national a friemlännesch Automobiliste sinn, déi e grousse Beitrag dozou leeschten. Eng Erhéijung vun den Accisen, fir d‘Auslänner op d‘Pompelen déi aner Säit der Grenz ze orientéieren, trëfft am stäerksten all déi wou nach keng liewensfäeg Alternativ zum Auto fonnt hunn an aus gudde Grënn net no un hirer Aarbechtsplaz wunne kënnen, ass also keng Léisung.

Am Géigendeel, den ACL ënnerstëtzt d‘asetze vun engem „Mobilitéitsbudget“ fir d‘Multimodalitéit an déi „gedeelte Mobilitéit“ méi attraktiv ze maachen. Ëffentlechen Transport a Covoiturage gi beispillsweis duerch e System ausgebremst, an deem de Betribswon déi eenzeg alternativ vun enger an „Natura“ bezuelte Mobilitéit duerstellt.

An der Hoffnung dtt eis Reflexioun är Approbatioun an Ënnerstëtzung fënnt, sti mir iech gäre fir all zousätzlech Fro a fir zesummen an dësen Dossiere virunzekommen zur Verfügung…

matgedeelt vum ACL, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten ACL, Mobilitéit, Ried zur Lag vun der Natioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel