Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’19. Joerhonnert war fir Lëtzebuerg immens wichteg. Mee weess du och, firwat?
https://moien.lu/is-plenty-of-fish-a-free-dating-site/

D’19. Joerhonnert war fir Lëtzebuerg immens wichteg. Mee weess du och, firwat?

Vill wichteg Saache sinn zu Lëtzebuerg am 19. Joerhonnert geschitt.

mass flow meter hook up drawing
https://moien.lu/is-plenty-of-fish-a-free-dating-site/

https://moien.lu/best-dating-app-tinder/

D‘Bundesverfassungsgeriicht zu Karlsruhe muss sech op en Neits mat engem

DiscoverEU: De Jonke Loscht op Europa maachen
https://moien.lu/is-plenty-of-fish-a-free-dating-site/

DiscoverEU: De Jonke Loscht op Europa maachen

De leschten Donneschdeg huet d‘EU-Kommissioun eng zweet Ronn vum „DiscoverEU“

Aner Länner aner Sitten

Aner Länner aner Sitten

Mir si matten dran an der Vakanz, wat eis erlaabt e Bléck op Kuriéises a Skurrilles ze werfen. Eis Aemierk gëllt hei dann och dem Lëtzebuerger senge léifsten Destinatiounen, dem europäesche Süden. Hei huet ee Sonngarantie an op engem Strand soll ee jo besonnesch gutt kënnen entspanen.

Mee et heescht awer och opzepassen. Esou muencher Uerts gëtt et Regelen a Gesetzer, déi onseree net esou geleefeg sinn. Do kann et da schonn emol virkommen, datt een ouni ze wëlle mat den Autoritéiten a Konflikt geréit. Fir deem ze begéinen, hei ee puer vun deene Saachen déi een net dierf maachen.

Spuenien

A Südspuenien beispillsweis, méi genee an der Gemeng „Lepe“ (Andalusien, Provenz vun Huelva) sollt een op kee Fall am Mier Waasser loossen. Hei ass dat zanter 2012 gesetzlech verbueden a wien erwëscht gëtt, ka mat engem Protokoll vu bis zu 750 Euro bestrooft ginn. Wéi engem déi Dot dann allerdéngs soll oder ka nogewise ginn, ass vun eiser Säit dann och net gewosst.

Och wann et schéin ausgesäit, esou eng Sandbuerg dierf een net iwwerall opriichten.

Wien sech Teneriffa als Vakanzendomizil erausgesicht huet, deet gutt drun sech um Strand net als „Architekt“ ze versichen. Sandbuerge bauen ass hei ënnersot an dat aus „ästhetesche“ Grënn. Wäiss Strëmp an de Sandalen unzehunn ass awer weiderhin erlaabt.

Zu Santander, der Haaptstad vun der autonomer Regioun Kantabrien, ass e ganz streng gehalen. Gutt datt ee net um Strand um Päerd reiden dierf kann ee verstoen, datt ee net mam Ball spillen dierf, zur Nout och. Mee esouguer Surfen ass hei net erlaabt. Iwwregens Musek lauschteren an Iessen och net. Vläicht läit et och just dorunner, datt Santander eng Statioun um Jakobswee ass, wie weess dat schonn.

Iessen dierf een um Strand och net zu Valencia. Zudeem dierf een hei säi Skateboard, Inlineskates oder Vëlo nëmmen „agepaakt“ matschleefen. Zu Benidorm, och eng vun de Lëtzebuerger privilegiéiert Destinatioun, ass et verbueden „als stéierend empfonnte“ Sportaarten ze bedreiwe. D‘Nuecht um Strand verbréngen dierf een och net.

Bestëmmt eng verdéngte Leckerei nom Gespills um Strand, dierf een awer och net iwwerall.

Ganz ferm duerchgegraff hunn d‘Autoritéiten op Mallorca, wou op Grond vu wëlle Fester an iwwerdriwwenem Alkoholkonsum d‘Moossname verständlech sinn. Zu Tossa de Mar (Katalounien) gëtt et zanter 2009 eng Veruerdnung, no där et verbueden ass Jonggesellenowenter ze feieren. Strikt ënnersot ass et och, Geschlechtsverkéier um Strand ze hunn.

Italien

Wien sech fir Roum entscheet huet an do um Strand vun Ostia d‘Sonn wëll genéissen, sollt wëssen, datt een hei zwar iessen dierf an och näischt géint Sandbuerge gesot gëtt. Dofir ass et dann awer verbueden sech géint Rudderbooter déi um Strand stinn ze stäipen.

Romantesch esou ee Rudderboot, mee sech dogéint stäipen dierf ee net.

Zu Venedeg, der grousser Lagun-Stad kritt den Tourist op Schëlter ugewisen net op de Brécke stoen ze bleiwen. Eng Moossnam déi bei der stänneg iwwerfëllter Stad ze verstoen ass. Déi heiduerch provozéiert Staue géifen d‘Awunner soss ganz an de Wahnsinn dreiwen.

Ganz allgemeng sollt een als Tourist uecht di wéi een ugedoen ass. Oder besser „net ugedoen“ ass. Bestrooft gi kann esou och de Mann dee mat plakegem Uewerkierper spadséiere geet oder op der Wiss am Park läit. An den historeschen Zentre vu Roum oder Florenz sollt een sech dann och net egal wou hi setzen. Streng Gesetzer géint Vandalismus kéinten engem hei d‘Vakanz schnell verdierwen.

Wat engem an Italien awer op Fall net sollt geschéien, ass sech op ee Geschäft mat engem illegale Stroossenhändler anzeloossen. Mat deem wat engem hei als Protokoll bléie kann, domadder kann een oft a laang Vakanz maachen.

Quellen: Urlaubsguru, Advopedia, Italienplus

Nächsten Artikel Virrechten Artikel