Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Cargolux zelebréiert honnertsten C-Check
Kultur Neiegkeeten

Cargolux zelebréiert honnertsten C-Check

Mam honnertsten C-Check am Lëtzebuerger Maintenance Zenter, huet d‘Cargolux e

Spurlos verschwonnen: de saudesche Journalist Jamal Khashoggi
Kultur Neiegkeeten

Spurlos verschwonnen: de saudesche Journalist Jamal Khashoggi

Nodeems de saudesche Journalist Jamal Khashoggi an der Tierkei beim

Castlevania ass eng Ëmsetzung, wéi een se sech wënscht
Kultur Neiegkeeten

Castlevania ass eng Ëmsetzung, wéi een se sech wënscht

Videospillëmsetzungen ass grondsätzlech ze mësstrauen. Ze oft ass ënnert bekannte

Anger fest, Vol. 4 – Metal fir de gudden Zweck!

Ee Festival mat Legion of the Damned, Desdemonia, Scarlet Anger, Kraton, Ardenne Heavy a Parity

Anger fest, Vol. 4 – Metal fir de gudden Zweck!

Zesumme mat der Lëtzebuerger Band Scarlet Anger organiséiert d’Kulturfabrik um 7. Dezember nees säin Anger fest, vol. 4. Wärend de Metal duerch d’Odere vun de Museker a Fans fléisst, schléit d’Häerz fir déi gutt Saach.

Vum Numm sollt ee sech net ofschrecke loossen, esou angry (rosen, veriergert) sinn d’Organisateuren a Museker nämlech net. Nodeems elo schonn déi dräi lescht Joren een Deel vum Erléis vum Anger fest fir karitativ Zwecker gespent ginn ass, an een de Feierdag esou lues méi no kënnt, wëll een dëst Joer un d’Kanner denken. Aus dësem Grond kann een dës Kéier an der Entrée ee Choix treffen: Bezuelt een Ticket vu 18 € oder bréngt eng nei Spillsaach mat a kommt esou gratis eran! D’Sue vum Owend ginn un de Veräi SOS Kannerduerf Lëtzebuerg.

Beim Line-Up vum Anger fest weist ee sech besonnesch stolz d’Hollänner vun der Trash an Death Metal Band Legion of the Damned als Headliner ukënnegen ze kënnen. Eréischt Ufank dës Jores huet de Grupp Slaves Of The Shadow Realm (Napalm Records) verëffentlecht – een Album ouni Zougeständnisser, wat direkt op de Punkt kënnt an dem haarde Museksstil ee frësche Wand schenkt. Ee Spektakel u Riffs an eng fantastesch Show erwaarden Iech!

A fir de Publikum virun dësem orange Wierbelstuerm esou richteg Feier ënnert dem Hënner ze maachen, braucht een ëmsou méi haarde Géigewand: Desdemonia (Death / Melodic Death / Thrash / Groove), Kraton (Death Metal), Ardenne Heavy (Trash Metal / Heavy Metal), Parity (Modern Metal) an natierlech eis Lëtzebuerger Trash Metaler vu Scarlet Anger huelen sech der Saach un. Et gëtt also Zäit, sech opzewiermen an zum Headbange bereet ze maachen.

Wéi, wat a wou?

Weider Informatiounen zum Evenement fannt Dir op Facebook, sou wéi op der Säit vun der Kulturfabrik. Halt Äre Virverkaf, Sue fir d’Oweskeess oder eng nei Spillsaach bereet, wann zu Esch um 18 Auer d’Dieren opmaachen. Tickete ginn et ënnert www.kulturfabrik.lu an www.ticket-regional.de.

Ähnlech Sujeten Anger fest vol. 4, Ardenne Heavy, Death Metal, Desdemonia, Gudden Zweck, Headbang, Kraton, Kulturfabrik, Legion of the Damned, Metal, Scarlet Anger, SOS Kannerduerf Lëtzebuerg, Trash Metal
Nächsten Artikel Virrechten Artikel