Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Stock-Car: Tornado-Hamm gëtt der Favoritteroll gerecht
mobile dating apps schweiz

Stock-Car: Tornado-Hamm gëtt der Favoritteroll gerecht

Et war wuel kee „summerlecht“ Wieder de leschte Sonndeg, mee

https://moien.lu/pressure-switch-hook-up/
mobile dating apps schweiz

who presents dating in the dark

Fir de Jean „Muck“ Huss, President vun der Asbl AKUT,

Mäertchen: E gudde Maufel op Invitatioun vun der Regierung
mobile dating apps schweiz

Mäertchen: E gudde Maufel op Invitatioun vun der Regierung

E ganze gebakene Fësch oder léiwer e Filet ouni Sprenzen?

Animal Rights March 2019: Dëse Samschdeg an der Stad!

Animal Rights March 2019: Dëse Samschdeg an der Stad!

Um kommende 17. August organiséiert Animal Dignity den offiziellen Animal Rights March an der Stad Lëtzebuerg. Um Mëtteg geet et vum Nationale Monument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit duerch d’Stad bis hi bei de Knuedler. Zil ass et den Déieren eng Stëmm ze ginn, op hiert Leed, sou wéi d’Auswierkunge vun Déiereproduiten op eist Klima opmierksam ze maachen.

Den offiziellen Animal Rights March gëtt all Joer an zuelräiche Stied organiséiert. D’Initiative geet dobäi op déi britesch Déiererechtsorganisatioun Surge zeréck. Protestéiert gëtt fir déi Milliarden Déieren, déi all Dag duerch de Mënsch leeden a stierwe mussen. Donieft geet et och ëm d’Auswierkungen, déi d’Déiereproduiten op eis Äerd an eist Klima hunn.

Um 14:00 Auer ass den Treffpunkt beim Monument National de la Solidarité Luxembourgeoise (6 Plateau du Saint-Esprit, 1475 Lëtzebuerg). No engem kuerze Briefing geet et duerch d’Stad bis hin op de Knuedler. Géint 16:30 Auer treffen d’Demonstranten hei an, wou den Nomëtteg mat Musek, Rieden an Ënnerhalung weider geet.

Virum Ufank vum Marsch kann een um Picknick deelhuelen, wou zesumme giess a sech kennegeléiert gëtt, a kreativ Schëlter gebastelt ginn. Ënnergrënn, Faarwen a méi gëtt zwar op der Plaz zur Verfügung gestallt, trotzdeem wieren d’Organisateure frou, wann een och eegent Material matbréngt.

D’Reegele vum Dag

Schëlter, mat friddleche Spréch, Päifen, Blummen oder Käerzen a gutt Laun kann a sollt een um Samschdeg matbréngen.Um Marsch gëtt keng Form vu Sexismus, Rassismus, Homophobie oder ähnleches toleréiert. Fir all Bedeelegt soll d’Evenement friddlech a sécher oflafen.

Et solle weder Mënschen, nach Institutiounen oder Geschäfter direkt beleidegt oder attackéiert ginn. Gewalt vun all Aart ass verbueden, wouduerch och Waffen net erlaabt sinn.

Ähnlech Sujeten Animal Dignity, Animal Rights March, Déierenrechter, Demonstratioun, Knuedler, Picknick, Surge
Nächsten Artikel Virrechten Artikel