Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mam Vëlo op d’Schaff – an dobäi flott Präisser gewannen!
International Neiegkeeten Stories

Mam Vëlo op d’Schaff – an dobäi flott Präisser gewannen!

Et gëtt elo déi 12. Editioun vun der traditioneller Aktioun

Editorial: Wien sech u Kanner vergräift…
International Neiegkeeten Stories

Editorial: Wien sech u Kanner vergräift…

Den Uschlag op ee Concert zu Manchester, dee vum islamesche

dislike
Dës E-Mail weist, wéi grouss Silicon Valley hire Sexismus Problem wierklech ass
International Neiegkeeten Stories

Dës E-Mail weist, wéi grouss Silicon Valley hire Sexismus Problem wierklech ass

Et waren him 3.000 Wieder duergaangen, fir de Sexismus-Problem bei

ANKAA Project: Formatiounszenter fir eng zweet Chance

Wéi zwou jonk Lëtzebuergerinnen zu Athen e Formatiounszenter fir Flüchtlinge lancéiert hunn

ANKAA Project: Formatiounszenter fir eng zweet Chance

E Projet, dee méi ass wéi nëmmen dofir ze suergen, datt Flüchtlingen e séchert Ënnerdaach an eppes z’iessen hunn. ANKAA nennt sech dëst Ënnerfaangen, deem säin Haaptzil et ass, zesumme mat de Leit hir eege Kompetenzen anzebréngen an ze erweideren. Mëttlerweil huet sech e grousst Netzwierk an dëser Zort Formatiounszenter a Griicheland afonnt. Domat wéilt een de Leit eng Méiglechkeet vun engem zweeten, eegestännege Liewe bidden.

Am Oktober 2017 hu sech fënnef Benevoller aus verschiddene Länner zesummegesat an d’A.s.b.l. ANKAA Project an d’Liewe geruff – dorënner zwou jonk Lëtzebuergerinnen. D’Sara Vispi an d’Line Didelot sinn och haut nach ëmmer fläisseg zu Athen aktiv, wou Flüchtlingen nieft Formatiounen och Sproochecoursen an eng Gemeinschaft ugebuede gëtt. Des Weidere ginn et eng Rei Atelieren, an deenen een handwierklechen Tätegkeeten, wéi beispillsweis Kachen oder Bitzen, nogoe kann.

Wat genau de Projet ass, wéi en entstanen ass, wat de Lien tëschent Lëtzebuerg a Griicheland ass, grad sou wéi d’Fro, wéi pingeleg déi griichesch Bürokratie ass, soll an dësem Artikel beliicht ginn. Den Numm Ankaa geet iwwregens op den hellste Stär am Phönix-Stärebild zeréck, dee fréier de Leit op héijer Séi de Wee gewise soll hunn.

ANKAA

© ANKAA Project

Verantwortung als Europäer iwwerhuelen

Wärend der sougenannter Flüchtlingskris wousst d’Line Didelot net, wéi et déi ganz Situatioun anuerdne soll. Iwwerall ass an den Noriichten doriwwer bericht ginn an awer war et schwiereg, sech déi genau Ëmstänn virzestellen. Virun allem wärend der Zäit, wou vill Flüchtlingen op de griicheschen Inselen ukomm sinn an dunn do festsouzen. Déi jonk Engagéiert wollt sech doropshi selwer e Bild maachen an ass am November 2016 mat Catch a Smile a Griicheland gaange fir humanitär Hëllef ze leeschten.

Griicheland wier e Stéck wäit vun der EU am Stach gelooss ginn wat d’Flüchtlingssituatioun betrëfft – an dat just opgrond der geographescher Lag – esou d’Line Didelot. Dobäi stouch Griicheland selwer och an der Kris (Staatsschold, héich Aarbechtslosegkeet). Aus deem Grond huet si hir Responsabilitéit als Europäerin ergraff a wollt selwer eppes zur Besserung vun der Situatioun bäidroen.

Reng humanitär Hëllef ass de Benevollen no dëser Erfarung awer iergendwann net méi duergaangen. Et muss ee bedenken, datt Mënschen net nëmmen e Besoin no Iessen, Kleedung an engem Iwwerdaach hunn. Hei sëtze Mënschen ouni iergendwellech Perspektiv oder Aarbecht a Griicheland fest a kënnen näischt dogéint ënnerhuelen. Vill vun hinnen hunn alles, wat se an hirem Liewen haten, hannert sech gelooss – Job, Haus, Frënn, Famill.

D’Line Didelot an d’Sara Vispi hu sech uschléissend mat dräi anere Volontairen aus Irland, der Schwäiz an Australien zesummegedoen. Den Asylbewerber, déi oftmools méintlaang, wann net souguer Joren op eng Beaarbechtung vun hirem Dossier waarden, wéilt ee mam Start vun engem besonnesche Projet eng Perspektiv op en neit Liewe bidden.

Déi jonk Engagéiert wollte soumat e Projet fir all Mënsch op d’Been stellen. Si froen d’Leit, déi sech an hirem Zenter mellen, wat se léiere wëllen a wat hir Kompetenze sinn – an net, wéini se a Griicheland ukomm sinn. De Mënsch a seng Kompetenze sti soumat am Mëttelpunkt vun dësem ambitiéise Projet. Des Weidere gesäit d’Equipe an hirer Aarbecht en Integratiounsoptrag. Mëttlerweil engagéiere sech vill Griichen, international Volontairen souwéi weider Partner bei ANKAA. Et wier wichteg, gutt vernetzt ze sinn, erkläert d’Line Didelot. Schliisslech kéinte si net an allem Experte sinn, dowéinst gëtt versicht vill extern Experten an de Projet anzebannen.

ANKAA

© ANKAA Project

Iwwer d’Sich no engem Gebai an d’Hürde vun der griichescher Bürokratie

Bei der Sich no passende Raimlechkeeten huet ee missten e laangen Otem beweisen, erkläert eis d’Line Didelot. Am Abrëll 2018 war et awer dunn esou wäit: endlech huet een d’Schlëssele fir en 1.500m² grousst Gebai an der Industriezon zu Athen iwwerreecht kritt.

Beim Gebai handelt et sech ëm en aalt Geschäft fir Kichemiwwelen, wat een opgrond vun enger Fundraising-Campagne loune konnt. Éier am Hierscht vun deem Joer dann déi éischt Coursë lassgaange sinn, si fir d’éischt mol nach eng Rei Renovéierungsaarbechten ugefall. Mat Hëllef vu ville Fräiwëllegen, dorënner och Mënschen aus dem Athener Flüchtlingscamp onwäit vum ANKAA-Zenter, huet een d’Gebai nees op Vordermann bruecht. Praktesch war och, datt een eng Rei Saachen aus dem Gebai nach verwäerte konnt. Des Weidere konnt ee sech duerch Spenden, wéi beispillsweis Computeren, gutt als Formatiounszenter opstellen.

Well bei der Grënnung déi zwou Lëtzebuergerinne sech ëm deen administrative Volet gekëmmert hunn, ass den ANKAA Project fir d’éischt zu Lëtzebuerg als gemengnëtzege Veräin ugemellt ginn. Net nëmmen hu si sech am heemesche Kader besser auskannt, ma d’Hürde fir sou ee Veräin op d’Been ze stelle wieren zu Lëtzebuerg manner héich wéi a Griicheland, wou – dem Line Didelot no – “näischt ouni Affekot a Comptabel” geet.

Staatlech monetär Ënnerstëtzung ass et fir de Projet allerdéngs net ginn. Dëst, well een net an engem Entwécklungsland aktiv ass. Déi Lëtzebuerger Ambassade zu Athen hätt dogéint vill bei den administrativen Hürde gehollef. Done komme gréisstendeels vu Privatpersounen, Firmen an Organisatiounen.

Fir den Ament sinn dräi Organisatioune fix am Zenter, déi sech ëm d’Ateliere këmmeren. Sproochecoursen – haaptsächlech op Englesch a Griichesch – gi vu Benevollen, souwéi vun der Athener Communautéit gehalen. Den Organisatioune freet ee selbstverständlech kee Loyer, ma se musse sech awer un de Käschte vum Waasser an Elektresch bedeelegen.

Trotz deene villen, laangwieregen an onspannende Paperassen ass d’Motivatioun vun der ganzer Equipe net an de Keller gefall – éischter am Géigendeel! Als ehemoleg Handballspillerinn vum HB Miersch 75 weess d’Line Didelot ëmmerhin, sech duerchgesat ze kréien. Wärend all där Zäit konnt si ëmmer op de Réckhalt vu Famill a Frënn zielen. Neierdéngs ass de Projet och méi zu Lëtzebuerg präsent, dozou spéider méi. Déi offiziell Aweiung wäert den 19. Juni a Präsenz vum Ausseminister Jean Asselborn sinn.

D’Receptioun als Häerzstéck vum Zenter

Mëttlerweil huet sech d’Grënnungsequipe e wéineg geännert. Vun de fënnef “Originaler” sinn der elo nach dräi iwwereg – dorënner eis zwou Lëtzebuergerinnen an eng Benevole aus Irland. Zousätzlech hunn zwou Fransousinne sech dem Comité vun der griichescher Organisatioun ugeschloss. Wat d’Organisatioun ubelaangt, sou kënnt ee momentan mat all de Benevollen a Chargé-de-coursen op insgesamt 20 Leit. Eemol an der Woch fënnt och eng Versammlung tëschent hinne statt, an där virun allem organisatoresch Froe gekläert ginn. D’Line Didelot betount awer nach, datt ee kengesfalls einfach Saache vun uewen erof diktéiert, ma et schafft een zesumme mat de Leit um Terrain.

Häerzstéck vum Zenter ass d’Receptioun, wou zwee Leit eng Indemnitéit fir hir geleeschten Aarbecht kréien. Zil wier et, iergendwann Leit legal kënnen anzestellen a soumat och e Loun ze iwwerweisen. A Griicheland wier déi Prozedur fir de momentane Projet allerdéngs alles anescht wéi einfach. Laangfristeg wéilten eis zwou Lëtzebuergerinnen, datt de Projet eegestänneg rulle kann. Eegestänneg an deem Sënn, datt si d’Gestioun op der Plaz u Leit vun dohanne kënnen ofginn. Selwer wäerte si an deem Fall awer dem Projet weiderhin erhale bleiwen. Aktuell befënnt d’Sara Vispi sech permanent zu Athen an d’Line Didelot geet all Mount bis an déi griichesch Metropol – dat nieft der Aarbecht, wuelbemierkt!

ANKAA

© ANKAA Project

Eng Panoplie un Offeren: Coiffer, Barista, Schneider, Handwierker, Kach, IT…

Den Zenter huet seng Dieren an der Reegel wärend der Woch vun 10:00 bis 19:00 Auer op. Fir dat momentaant Trimester hu sech ronn 270 Studenten ageschriwwen. Ab dem Alter vu 16 Joer kann all Mënsch dohinner goen a gëtt mat oppenen Äerm empfaangen. Fir Leit ënner 16 Joer dierfen unzehuelen, hätt ee misste weider Geneemegungen anhuele souwéi aner Sécherheetsstandarden installéieren. Dowéinst ass den Zenter eréischt ab deem Alter zougänglech.

D’Offer u Formatiounen a Coursen ass immens villfälteg. Esou ginn am ANKAA-Zenter Englesch- a Griicheschcoursen ugebueden, jeeweils op verschidden Niveauen. Ausserdeem gëtt et Ënnerstëtzung bei der Zesummestellung vum CV oder Bréiwer. Des Weideren hunn d’Membere fräien Zougang zur Librairie.

Ëm de Volet vun der Schneiderei këmmert sech SOFFA (Social Fashion Factory), déi dat néidegt Fachwësse matbréngt. Nieft Kleedungsstécker gëtt sech awer och vill an aneren handwierklechen Ateliere beschäftegt. Scrap Coop iwwerhëlt sämtlech Klassen, déi sech mam Handwierk auserneesetzen, ob elo mat Holz, Metal, Elektresch oder Bijouen. Et gëtt och e Seef-Atelier an ee fir Serigraphie (Siftdrock). Do dernieft gëtt et nach e sougenannten IT- a Medialabo. Bei deene ginn ënner anerem Basis-Computercourse souwéi Course fir Handy-Reparaturen ugebueden. Ausserdeem ginn et Aféierungen an d’Medientechnologie souwéi an d’Fotografie.

ANKAA

© ANKAA Project

E Coiffer huet een och an den eegene Reien, bei deem een déi wesentlech Fäegkeete bäibruecht kritt. Fir datt Coiffer-Studenten dann och eng Méiglechkeet fir ze üben hunn, ginn zweemol an der Woch gratis Besich beim Coiffer offréiert. Am kulinareschen Eck ass et wéi an deenen aneren Atelieren och, datt ee ganz vill op den Austausch setzt a soumat op eng stänneg Entwécklung vun de Fäegkeeten an dem Wëssen hofft. Hei léiere Käch hir ganz spezifesch Kompetenze weider auszebauen, wärenddeem den Noviz lues a lues Kache léiert. Si kachen dann och all Dag fir all d’Leit am Zenter. Jidderee kritt do also eng gratis Moolzecht. Momentan wier een nach op der Sich no engem Barista-Expert, ëmmerhin ass e gudde Kaffi e stännege Begleeder vu ville Leit am Alldag.

Bei all deenen Ateliere ginn d’Leit agebonnen. Ëmmerhin huet jidderee jo gewësse Stäerkten, déi en abrénge kann an am Austausch mat aneren sou fir eng méi héich Kompetenz suerge kann. Bei ANKAA gëtt also mat de Leit fir d’Leit geschafft. Jidderee kann d’Raimlechkeeten och fir eege Projete benotzen, wann dës grad net fir e Cours besat sinn. Eenzeg Bedéngung heibäi ass, datt ee sech un den “ANKAA-Code” hält. Dee beseet, datt jiddereen als Member vun där Gemeinschaft déiselwecht Responsabilitéit huet, wann et ëm de Respekt viruneneen an de Raimlechkeete geet. Am Géigenzuch huet jiddereen d’Recht drop, d’Raimlechkeete fir seng Ziler ze benotzen. ANKAA gëtt de Leit eigentlech d’Geschir an de Grapp, mat deem se hir eegen Zukunft nei gestalte kënnen.

ANKAA elo och méi zu Lëtzebuerg aktiv

Am Abrëll dëst Joer huet den ANKAA Project un de Fair Fashion Days zu Lëtzebuerg deelgeholl. Organiséiert gouf dëst Evenement an de Rotonde vu Fairtrade Lëtzebuerg an der Caritas Luxembourg, wou et ënner anerem drëms gaangen ass, fair an nohalteg Moud ze presentéieren an iwwer d’Situatioun vun den Textilaarbechter an den Hierstellungslänner ze informéieren. ANKAA hat op hirem Stand Kleeder an Accessoiren aus hirem Schneider- a Bitzatelier matbruecht, woufir Second-Hand a geupcycelt Material benotzt ginn ass.

ANKAA

© ANKAA Project

An Zukunft hofft een, op weidere Veranstaltungen vertrueden ze sinn a soumat hire Memberen eng Plattform ze bidden, op där deene hir Aarbecht ausgestallt gëtt. Deemnächst wéilt een dann nach ustriewen, e sougenannten “Impact Measurement” ze maachen. Domat wéilt ee gäre kucken, wat ee bis elo alles erreecht huet. Wéi vill Leit ee bis dohin erreecht huet, wéi vill der dovunner schonn eng Aarbecht fonnt hunn a wéi vill Saache beispillsweis an den Ateliere verkaf goufen.

Op d’Fro, ob et net ze schlëmm wier, wann dëse Projet enges Daags net méi gebraucht sollt ginn, äntwert d’Line Didelot eis, datt dat u sech dat schéinste wier. An deem Fall hätt een déi ugangs ugestriefte Missioun erfëllt: Zesumme mat de Leit dru geschafft, eppes ze léieren a soumat fir sech selwer suergen ze kënnen. Datt d’Realitéit nach wäit ewech ass, ass si sech bewosst. Dowéinst gëtt weiderhi fläisseg um Projet geschafft.

Hëllef gëtt ëmmer gesicht a mat oppenen Äerm empfaangen. Ob ee selwer als Benevole op der Plaz hëllefen oder eppes spende wëll, all Ënnerstëtzung gëtt gebraucht. Den ANKAA Project brauch just kontaktéiert ze ginn.

Méi Informatiounen op ANKAA oder op hirer Facebook-Säit.

Opmaacherfoto: © ANKAA Project

Ähnlech Sujeten ANKAA, ANKAA Project, Flüchtlingshëllef, Griicheland, Line Didelot, Sara Vispi
Nächsten Artikel Virrechten Artikel