Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Russesch Amëschung an d‘US-Wahl: dräi Ex-Beroder vum Trump ugeklot
International Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-rules-for-young-adults/

Den US-Sonner-Procureur dee mat der Enquête beoptraagt ass, eng méiglech

https://moien.lu/best-hookup-bar-in-dc/
International Neiegkeeten

Tréinen a Freet leie no beieneen

A Frankräich ass den 4. September Schoulrentrée. Ongeféier 12 Milliounen

Äerdbiewen a Japan: op mannst zwee Doudeger
International Neiegkeeten

Äerdbiewen a Japan: op mannst zwee Doudeger

En zolidd Äerdbiewen huet haut de Weste vu Japan getraff.

Syrien: D‘Amerikaner ginn, d‘Russe kommen

Ankara a Moskau vereenbare Verlängerung vun der Wafferou a gemeinsam Patrullen an der Sécherheetszon

Syrien: D‘Amerikaner ginn, d‘Russe kommen

No enger Entrevue tëscht dem Recep Tayyip Erdogan an dem Vladimir Putin huet Ankara entscheet d‘Waffepaus a Nordsyrien ëm 150 Stonnen ze verlängeren. De russeschen Ausseminister Sergey Lavrov huet der Tierkei verséchert datt sech d‘Kämpfer bis op 30 Kilometer vun der tierkescher Grenz zréckzéie wäerten. Ankara a Moskau hu sech och op gemeinsam Patrulle verstännegt.

Déi lescht Woch war eng vum US-Vizepresident Mike Pence geleeten Delegatioun beim tierkesche President fir eng Wafferou ze vereenbaren. Déi sollten d‘Kurdemilizen an d‘SDF notze fir sech aus där vun Ankara reklaméierter „Sécherheetszon“ zréckzezéien. Elo dann d‘Entrevue tëscht den ongläiche Frënn, dem Vladimir Putin an dem Recep Tayyip Erdogan, a si sinn sech dann och eens.

Et war dann och schonn dat aacht Treffen an dësem Joer an et kann ee roueg vun enger droleger Männerfrëndschaft schwätzen. Grad am Kontext vu Syrien, wou sech béid Staatscheffen eigentlech als Géigner géinteniwwer stinn. Bis heihinner ënnerstëtzt Moskau de Regime vun Damaskus an do wäert sech näischt änneren. Ankara dogéint stäerkt d‘Rebellen déi géint den Assad kämpfen.

Wat elo wéi virgesinn ass

Laut dem Pentagon hätten sech d‘Kurden aus där vun den USA an der Tierkei vereenbaarter Sécherheetszon zréckgezunn. De Kommandant vun der YPG geleete SDF hätt dat an engem Schreiwes un den US-Vizepresident Mike Pence bestätegt. Eng Informatioun déi direkt un de Verdeedegungsministère zu Ankara weidergeleet ginn ass. Déi sinn entspriechend gepréift ginn.

Ankara

Wéi dat gemaach war huet den tierkesche Verdeedegungsminister erkläert, datt een „zum jëtzegen Zäitpunkt“ kee Grond fir eng „nei Operatioun“ gesäit. Gëschter hunn de Recep Tayyip Erdogan an der Vladimir Putin zu Sotschi sech op gemeinsam Patrullen an der Sécherheetszon gëeenegt. Dës russesch-tierkesch Patrulle sollen déi 400 Km laang an 30 Km breet Zon iwwerwaachen.

Wat ass mat de Verdriwwenen?

An dëser bal 14 Deeg unhalender Invasioun vun den Tierken an hire radikaliséierte Rebellen, si laut UN-Informatiounen iwwer 176.000 Mënsche verdriwwe ginn, dorënner ronn 80.000 Kanner. Den UN-Spriecher Stéphane Dijarric bestätegt datt an der Regioun d‘Infrastrukture beschiedegt goufen. Medezinesch Ariichtunge wieren an hirer Aarbecht ageschränkt, a beim Waasser gëtt et Problemer.

Esou bei der Waasserquell „Aluk“ déi d‘Mënschen an der Stad al-Hassake an den ëmleiende Lager versuergt. Fir déi geschätzt 400.000 Mënschen eng vun de wichtegste Ressourcen. D‘UN wier den Ament beméit eng „Maintenance“ duerchzeféieren an d‘Drénkwaasserversuergung ka mat Generatoren esou eenegermoossen oprecht erhale ginn. Den humanitären Zougang wier geséchert.

mat indymedia/mow/tlv

Foto: (v.l.n.r.) Den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan an de russesche President Vladimir Putin bei der gemeinsamer Pressekonferenz no der 6stënneger Entrevue zu Sotchi. © Kremlin Russia

Ähnlech Sujeten Kurdemiliz YPG, Recep Tayyip Erdogan, Rojava, SDF, Sotschi, Syrien, Vladimir Putin, Wafferou
Nächsten Artikel Virrechten Artikel