Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fir déi ganz Famill: Den Dag vum Ardennerpäerd um 19. Mee!
International Neiegkeeten

Fir déi ganz Famill: Den Dag vum Ardennerpäerd um 19. Mee!

Scho fir eng 30. Editioun gëtt den „Dag vum Ardennerpäerd“

Réckbléck: Mäertesdag um Härebierg
International Neiegkeeten

Réckbléck: Mäertesdag um Härebierg

Den 8. November hunn d‘Zaldoten an Zaldotinnen um Härebierg zu

Ze vill Fräiheet an net genuch Eegeverantwortung
International Neiegkeeten

Ze vill Fräiheet an net genuch Eegeverantwortung

Et war een eppes genervten Vizepremier dee sech de Moien

Ankara beklot de Broch vum Flüchtlingspakt

D‘Tierkei géif sech un d‘Ofkommes halen, mee d‘EU géif net bleche wéi et ofgemaach wier

Ankara beklot de Broch vum Flüchtlingspakt

Kuerz virum Besuch vun der Bundeskanzlerin Angela Merkel, sinn d‘Osmanen nees diplomatesch ganz wéi et sech gehéiert mat Däitschland an der EU zu geriicht gaangen. Den Ausseminister Mevlüt Cavusoglu huet sech hefteg iwwer den Handelspartner Däitschland an d‘EU opgereegt.

Der BILD – also déi fir déi tierkesch Regierung vertrauenswierdegsten Zeitung – huet de Mevlüt Cavusoglu erkläert: „Mir halen eis un d‘Ofkommes an huelen all d‘Flüchtlingen zréck, déi eis zréckgeschéckt ginn. Wat ass mat der EU?“. Richteg ass, datt d‘EU mam Flüchtlingspakt och ee ganze Batz Geld versprach huet. 2016 sollten déi éischt 3 Milliarden Euro iwwerwise ginn.

Wann alles säi Wee gaange wier, hätt et 2018 nach emol 3 Milliarde solle ginn. Elo jéimert den tierkeschen Ausseminister a beklot, Ankara hat bis haut nach den éischte Payement net vollstänneg erhalen. Firwat Ankara datt elo dem Angela Merkel, déi haut op offizieller Visite an der Tierkei ass, op den Dësch leet an net einfach dem Ursula von der Leyen urifft an nom Geld freet?

Mee dat ass jo och elo net dat eenzegt, dat dem Sultan a senge Geselle géint de Stréch geet. Et huet keng Erweiderung vun der Zollunioun ginn, a vu Bäitrëttsverhandlungen ass och keng Rieds méi. An esou wéi de Mevlüt Cavusoglu et virdréit, sinn dat schonn zwee gutt Grënn eis d‘Flüchtlingen iwwert d‘Grenz ze schécken. Firwat si dann awer selwer och Ofkommes festhalen ass net gewosst.

Zäit dat ganzt ze erklären

Also wann sech dem Sultan säi Pitbull eppes wäit aus der Fënster leent an och nach grad deem Verlag en Interview gëtt, vun deem hie Weess datt et ni seng Kollege wäerte ginn, dann huet dat vill domadder ze dinn, datt si sech géintiwwer den Tierken an Däitschland jo och wëlle politesch an dat bescht méiglecht stellen. Schliisslech si och dat Wieler a vill vergëtteren de Recep Tayyip Erdogan.

Wat elo de Flüchtlingspakt ugeet, esou huet d‘EU den Deal 2016 op „Tauschbasis“ geschloss. Dat heescht datt d‘EU säit dem 20. Mäerz 2016 all illegal Migranten, déi vun der Tierkei op déi griichesch Inselen iwwersetzen, an d‘Tierkei zréckgeschéckt dierfe ginn. Am Géigenzuch dozou, dierf fir all an d‘Tierkei zeréckgeschéckte Syrer en anere Syrer Legal an d‘EU awanderen.

Am Deal gouf och eng global Zomm vu 6 Milliarden Euro festgeluecht, déi zu bessere Konditioune fir déi syresch Flüchtlingen an der Tierkei opgewannt sollte ginn. Et gouf zudeem och e Verzicht op Visasflicht an Aussiicht gestallt. Am Hiecht 2019 huet e vu Bréissel geheescht, datt scho 5,8 Milliarden Euro zougewise wieren, awer eréischt 2,6 Milliarden Euro ausbezuelt goufen.

An och dofir huet ee gudde Grond: Ëmmer nees mussen d‘Beamte vun der Europäescher Unioun hiren tierkesche „Kollegen“ erklären, datt de Goss vun der EU Projektgebonnen ass, also net fir d‘Verbesserung vum Staatsbudget geduecht sinn. Zudeem ass d‘Tierkei den Ament net méi dee Partner – ob vun der EU oder der NATO – fir deen hie sech ausgëtt. Och dat beaflosst de Geldfloss.

mat indymedia/ber/bru

Foto: © WEF2020

Ähnlech Sujeten Angela Merkel, Ankara, EU-Flüchltlingspakt, Mevlüt Cavusoglu, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel