Search

You may also like

Delphi: E Sozialplang fir 243 Salariéeën
International Neiegkeeten

Delphi: E Sozialplang fir 243 Salariéeën

Delphi Lëtzebuerg, en amerikaneschen Ausrëschter fir d‘Automobilindustrie, verdéngt net méi

Den FNR fërdert Projeten zur Weltraumerfuerschung
International Neiegkeeten

Den FNR fërdert Projeten zur Weltraumerfuerschung

Et ass déi éischte Kéier, datt sech de nationale Fong

2. – 5. Mee: Luxembourg Street Photography Festival
International Neiegkeeten

2. – 5. Mee: Luxembourg Street Photography Festival

Vum 2. bis de 5. Mee 2019 fënnt zu Bouneweg

Ankara huet en neit Drockmëttel entdeckt

Europäesch IS-Kämpfer aus de syresche Lager sollen an hir Heemechtslänner ausgewise ginn

Ankara huet en neit Drockmëttel entdeckt

Et wier ee keen Hotel fir IS-Kämpfer, huet gëschter den tierkeschen Inneminister Süleyman Soylu verkënnt an drop verwisen, datt déi bei der Invasioun vu Syren gefaange geholl Dschihadisten déi aus dem „Ausland“ stamen an hir respektiv Heemechtslänner sollen zréckgefouert ginn.

Datt déi meescht vun dëse „Kämpfer“ iwwert d‘Tierkei an d‘Regioun ageschleist goufen, ass dobäi irrelevant an et geet jo just drëms hinnen nees lass ze ginn. Wieren et Kurden, géif sech d‘Fro wat ze maachen ass guer net stellen. Eng vun de Schwieregkeeten, déi europäesch Kämpfer nees lass ze gi besteet allerdéngs doranner, datt vill Länner dësen Terroristen d‘Staatsbiergerschaft entzunn huet.

Fir de Süleyman Soylu wier d‘Oferkennung vun der Staatsbiergerschaft „inakzeptabel“ jo esouguer „onverantwortlech“. Groussbritannien an Holland géifen sech et einfach maachen, an et wier een net bereet sech mat dësen Terroristen ofzeginn. Si sollten, esou d‘Virstellung vun Ankara, an hir Länner zréckgeschéckt ginn, eng Verwendung fir si géif et an der Sécherheetszon jiddefalls net.

Kee Bedarf

Datt et iwwerhaapt zu dëser „Situatioun“ komme konnt, dierf een dem tierkeschen Ugrëffskrich géint déi syresch-arabesch Koalitioun SDF (déi vun der Kurdemiliz YPG geleet gëtt) zouschreiwen. Bei der Invasioun déi de Sultan den 9. Oktober lancéiert huet, hunn d‘Kurde missen e Choix treffen: sech géint déi tierkesch Zaldoten an d‘Rebelle verdeedegen oder d‘IS-Kämpfer iwwerwaachen.

Honnerten Dschihadisten hunn déi tierkesch Invasioun genotzt fir sech duerch d‘Bascht ze maachen an méiglecherweis och nees de Kampf opzehuelen. Et ass dovunner auszegoen, datt déi tierkesch Truppen eng Partie vun dësen IS-Kämpfer agefaangen huet. Déi mussen elo verfleegt ginn an genee dat wëll d‘Tierkei net. Zudeem sinn se ee gutt Drockmëttel, fir un neit Geld aus der EZ ze kommen.

Mam Feier gespillt

Wann een emol dovunner ofgesäit, datt de Problem u sech vum US-President ausgeléist ginn ass an d‘USA erwisenermoossen déi prekär Stabilitéit an Nordsyrien zerstéiert hunn, esou muss ee feststellen, datt de Kampf géint den IS zolidd nogelooss huet. Gutt, d‘Amerikaner hunn de Leader Abu Bakr al-Baghdadi aus dem Spill geholl, mee den IS huet ewell nees e neie Chef an deen dierft op Revanche aus sinn.

Elo ass awer gewosst, dat d‘EU-Memberlänner déi hinne „bekannt“ IS-Unhänger am Schengener Informatiounssystem gespäichert hunn, wat zumindest eng Identifizéierung soll erliichteren. Déi Länner, déi wëssen datt hir Ressortissante wéinst Terror a Syrien (oder dem Irak) an engem Lager sinn, beruffen sech drop, datt dës Persounen do veruerteelt solle gi wou si hir Verbrieche begaangen hunn. Ankara gesäit dat anescht, a wëll se heem schécken…

mat indymedia/tlv

Foto: Den tierkeschen Inneminister Süleyman Soylu huet mat de Parteidelegéierten de Punkt zur Sitautioun gemaach a setzt sech an, déi auslännesch IS-Kämpfer nees an hir respektiv Heemechten zréckzeschécken. Et wier der Tierkei dobäi egal, ob d‘Terroristen d‘Staatsbiergerschaft oferkannt kritt hätten. © AK Parti Ankara

Related topics Ankara, Dschihadisten, IS-Kämpfer, islamesche Staat, Süleyman Soylu, Syrien, Terror, Tierkei
Next post Previous post