Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

100 Joer Citroën: Den Dikrecher Musée vun den historesche Gefierer feiert!
actresses dating hockey players Neiegkeeten speed dating koln heute

dating ultrasound pregnancy

Als franséischen Automobilkonstrukteur mat Pionéiergeescht ass den André Citroën scho

https://moien.lu/best-dating-site-for-over-50-2018/
actresses dating hockey players Neiegkeeten speed dating koln heute

No der EU, erhieft Kanada Douanestaxen op US-Produkter

E Freideg huet Kanada ugekënnegt, als Géigemoossnam zu den Douanestaxen

Süd-Dakota: 56 järege Mäerder higeriicht
actresses dating hockey players Neiegkeeten speed dating koln heute

Süd-Dakota: 56 järege Mäerder higeriicht

En Amerikaner vu 56 Joer ass e Méindeg mat der

Ankara iwwerdenkt seng Flüchtlingspolitik

Ankara iwwerdenkt seng Flüchtlingspolitik

3,6 Millioune Syrer sinn an d‘Tierkei geflücht an bis ewell stoung hinnen d‘Regierung oppe géinteniwwer. Domatter ass elo Schluss, de President Recep Tayyip Erdogan ass es hinnen iwwerdrësseg a setzt no der Solidaritéit op Repressioun.

Et wier eng Schan an der Tierkei missen iwwer Rassismus schwätzen ze mussen, esou d‘Yildiz Önen, Spriecherin vun der Mënscherechtscampagne „Mir sinn all Flüchtlingen – Nee zum Rassismus“. Si bedauert besonnesch, datt et d‘Politiker sinn, déi sech vun der friemefeindlecher Stëmmung matrappe loossen, statt sech dem Haass an nationalistesche Parollen entgéintzestellen.

Déi sougenannt Nationalisten an elo och d‘Politiker, sinn iwwerzeegt dovunner – oder wëllen dat zumindest esou vermëttelen – datt déi 3,6 Millioune syresch Krichsflüchtlingen un allem Leed am Land Schold hunn. Si ginn heibäi massiv an de sozialen Netzwierker ënnerstëtzt. Am leschte Wahlkampf haten d‘Oppositiounsparteie mat anti-Flüchtlingsslogane vill Zousproch erhalen.

FlüchtlingspolitikElo wëll och de Regime deem net „nolafe“ mussen a versicht mat enger „repressiver Politik“ nees bei der Bevëlkerung verluerenen Zousproch zréckzegewannen. Fir d‘Aktiviste ronderëm d‘Yildiz Önen keng einfach Situatioun. Si versichen sech mat weideren Intellektuellen aus liberalen a lénke Kreesser, géint déi wuessend Auslännerfeindlechkeet opzestellen. Dat bréngt Risike mat sech…

Ëmmer méi Iwwergrëff

Bezitt ee sech op d‘Analysen an d‘Rapporte vum Meenungsfuerschungsinstitut „Piar“, da géifen sech 70% vun den Tierken iwwert d‘Uwiesenheet vun de syresche Flüchtlingen opreegen. Si ginn dann och – nieft der katastrophaler Wirtschaftslag – als de gréisste Problem vum Land genannt. Et kënnt an dësem Kontext dann och zu ëmmer méi Iwwergrëff op d‘Syrer an hir Geschäfter.

Op Facebook kritt ee vir Äusserunge wéi „onziviliséiert Araber“ oder „Invasioun vu Millioune Friemer“ eng Rekordzuel u Klicks. Déi fir d‘Migratioun zoustänneg Administratioun gëtt d‘Zuel vun de Syrer déi virum Krich geflücht sinn, mat 3, 63 Milliounen un. Dovunner wieren der eleng zu Istanbul ronn 547.000 registréiert. Honnertdausenden awer géifen sech hei illegal ophalen.

FlüchtlingspolitikDen neie Buergermeeschter vun Istanbul – dee eréischt am zweeten Ulaf bestätegt konnt ginn – Ekrem Imamoglu war och op der Well vun „Ängschten a Viruerteeler“ geschwommen, an huet sech d‘Stëmmung géint Syrer zu notze gemaach. De Kandidat vun der CHP hat de Wieler versprach d‘Interesse vun den Tierken ze schützen an déi syresch Flüchtlingen „heem“ ze schécken.

D‘Mooss ass voll

De Sultan aus Ankara war de Flüchtlinge bis ewell ëmmer oppe begéint. Hien huet si als Gäscht an als moslemesch Bridder a Schwëster bezeechent. An der Ëffentlechkeet huet de Recep Tayyip Erdogan déi humanitär Verflichtung an d‘Solidaritéit géintiwwer de Syrer betount. Wie keng gülteg Pabeier hat, géint Oplage verstouss oder Aarbechtsgesetzer mëssuecht huet, hat wéineg ze fäerten.

Heimatter soll elo Schluss sinn, d‘Regierung setzt op Repressioun a gräift haart duerch. Bei Razzien zu Istanbul sinn esou dausende Syrer déi sech „illegal“ an der Wirtschaftsmetropol opgehalen hunn, festgeholl ginn. Wie Gléck huet muss nëmmen zréck an déi Regioun an där hie registréiert gouf, fir déi meescht geet awer direkt a Lager, vu wou aus si „ausgewise“ ginn… an dat an e Krichsgebitt.

FlüchtlingspolitikNach behaapt sech d‘Regierung drop, datt kee Syrer dee sech op subsidiaire Schutz beruffe kann, ausgewise géif ginn. Nieft de Berichter vu Mënscherechtsorganisatiounen, loossen sech awer och an de sozialen Netzwierker vill Temoignage fannen, déi en anert Bild vun der Situatioun ze zeechne wëssen. Dokumentéiert goufe Policegewalt an Zwangsréckféierungen…

Eng éischt Offensiv

Fir der Bevëlkerung ze beweisen, datt een net nëmmen iwwer Moossname schwätzt, mee déi och konkret ëmsetzt, huet den tierkeschen Inneministère elo der nationaler an internationaler Press nei Zuele virgeluecht an déi aktualiséiert Mesure am Kontext vun der Flüchtlingspolitik justifiéiert. Et sollen och Video produzéiert ginn, déi iwwert déi positiv Flüchtlingsaarbecht informéiere mussen.

Et geet heibäi der Regierung manner ëm d‘Syrer selwer, wéi ëm d‘Angscht datt der islamesch-konservativer AKP hier Muechtuspréch a Fro gestallt kéinte ginn. De Sultan a seng Parteikollege sinn net gewëllt op d‘Ënnerstëtzung vun de flüchtlingskritesche Wieler ze verzichten an huelen a Kaf, datt aner „Unhänger“ mat dësem politesche Paradigmewiessel enttäuscht kënne ginn.

FlüchtlingspolitikDe „Chef“ vun islamesch-konservativer pro-Flüchtlingsorganisatioun „Özgürder“, Ridvan Kaya, ass fierchterlech veriergert a mengt: „Fir dem Ausbroch vu Rassismus a Populismus ze begéinen, maachen si elo esou, wéi wa si d‘Situatioun mat de Flüchtlinge géife verbesseren“. Zesumme mat anere reliéise Gruppen demonstréiere géint d‘Moossnamen a fir eng besser Integratioun.

Net méi finanzéierbar

Eigentlech gehéieren de Ridvan Kaya a seng Organisatioun zu den Unhänger vun der AKP an déi reliéis konservativ Ausriichtung vun der Partei passt an hiert Weltbild. Elo awer stinn si geschlossen am Sarachane-Park zu Istanbul a stänkeren: „Zanter aacht Joer huet d‘Regierung keng eescht gemengte Schrëtter ënnerholl, déi een als ziilféierend a Saachen Integratioun kéint bezeechnen“.

Si Protestéiere mat grousse Plakater a fuerdere Solidaritéit mat de Syrer. „Mir si Mënschen, mir sinn eng Communautéit, mir sinn all Bridder“, esou d‘Aktivisten, déi ëmmer nees vun enger Grupp Tierken ënnerbrach gëtt, déi sech ënnert der Bezeechnung „Ne mutlu Türküm diyene“ (Glécklech deen, wou sech als Tierk bezeechne kann) regruppéiert hunn, an d‘Syrer nees heem schécke wëllen.

FlüchtlingspolitikDéi syresch Flüchtlinge splécken déi tierkesch Gesellschaft, wat d‘Muecht vum Sultan kann a Fro stellen. Et ass zudeem eng zolidd finanziell Belaaschtung. Ankara huet dann och schonn emol duerchblécke gelooss, datt déi 6 Milliarden Euro vu Bréissel bei wäiten net duer wäerte goen, fir dës Flüchtlingskris an de Grëff ze kréien. Dat wéist drop hin, datt den Deal mat der EU wackelt

mat indymedia/mow/tlv

Ähnlech Sujeten AKP, CHP, Ekrem Imamoglu, Flüchtlingen, Recep Tayyip Erdogan, Syrien, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel