Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: Wat wann et net sollt zu engem Accord kommen
International Neiegkeeten

Brexit: Wat wann et net sollt zu engem Accord kommen

Zu London hunn se sech Gedanken iwwert d‘Folge vun engem

Editorial: Et gëllt d‘Schoulflicht!
International Neiegkeeten

Editorial: Et gëllt d‘Schoulflicht!

No den Abiturienten an aneren Ofschlossklassen, hunn haut dann och

“Mier loossen keen am Reen stoen” (Lieserbréif)
International Neiegkeeten

“Mier loossen keen am Reen stoen” (Lieserbréif)

Erënnere mir eis, dat war dem Premier Xavier Bettel seng

De Sultan vun Ankara mécht nees Drock

Entweder Bréissel finanzéiert déi tierkesch Flüchtlingshëllef oder hie schéckt eis se eriwwer

De Sultan vun Ankara mécht nees Drock

Et war laang roueg tëscht der EU an der Tierkei. Elo pénktlech zur politescher Rentrée kënnt dann nees eppes Onrou op. De President Recep Tayyip Erdogan, huet vun der EU méi Geld verlaangt fir déi syresch Flüchtlingen déi hie bei sech opgeholl huet. Kritt en dat net, schéckt en eis se eriwwer.

Ankara, d‘EU an eng Flüchtlingskris déi mangels politeschem Wëllen net op en Enn goe wëll. Fir ze „verhënneren“ datt all déi syresch Flüchtlingen sech op de Wee a Richtung Europa maachen, hat sech d‘EU dozou hiräisse gelooss dem tierkeschen Demokrat a Verfechter vun de Mënscherechter vill Geld unzebidden. D‘EU huet sech domatter erpressbar gemaach, an de Sultan notzt dat elo aus.

AnkaraFir den Ament awer gëtt sech Bréissel selbstbewosst a geet net op dem Recep Tayyip Erdogan seng Bedreeung an. Woubäi ee fir dem tierkesche President seng „Fuerderung“ sollt Versteesdemech opbréngen. Vun de 6 Milliarden Euro, sinn der scho 5,6 iwwerwise ginn an de Recht sollt zäitno nogeliwwert ginn. Da wier de Geldkrunn awer zou, den Deal wier „ofgeschloss“ an do klemmt et.

Dem Sultan seng Wirtschaftspolitik ass fir den Aarsch, hien huet sech massiv mat Waffen agedeckt fir seng Offensive géint d‘Kurden a Syrien gestemmt ze kréien an d‘EU schwëmmt bekanntlech am Geld. Do wäert et jo wuel nach erlaabt sinn, no esou enger gudder Zesummenaarbecht, nach no enger klenger „Rallonge“ ze froen. Dat erlaabt eis dann emol e Bléck op d‘Situatioun ze werfen.

Et ass einfach nëmme schrecklech

Wéi dat Geld aus Bréissel agesat ginn ass, respektiv op wéi enge Konten et sech erëmdreift ass net ofschléissend gewosst. Ugesiichts der Situatioun an den iwwerfëllte Registréierungslager op den Inselen am Oste vun der Ägäis, dierf bezweiwelt ginn, datt d‘Geld aus der EU och do agesat ginn ass woufir et geduecht war. An dëse Lager liewen zur Stonn iwwer 24.000 Flüchtlingen…

AnkaraEigentlech sinn dës Lager op de griicheschen Insele Chios, Kos, Leros, Lesbos a Samos fir 6.300 Mënschen ausgeluecht. Den Deal tëscht Bréissel an Ankara huet et sengerzäit dorops ofgesinn, déi syresch Flüchtlingen an der Tierkei ënnerzebréngen. Et muss een awer der Tierkei nees zerguttst halen, datt si säit Ausbroch vum Konflikt am Joer 2011, 3,6 Millioune Mënschen opgeholl huet.

Dat ass net näischt an och wann de Recep Tayyip Erdogan sech ëmmer drop behaapt huet, datt d‘Tierken hir syresch Bridder a Schwësteren (ausser et si syresch Kurden) net wäerten am Stach loossen, dat alles huet e Präis an dee kann net eleng vun der Tierkei beglach ginn. An dat war jo och d‘Grondlag fir den Deal tëscht den Tierken an der EU. Bilateral Gespréicher schéngen noutwenneg.

Et brauch Léisungen net nach méi Problemer

Mat der „Bedreeung“ d‘Grenze fir syresch Flüchtlingen a Richtung Europa opzemaachen, ginn dës duerchaus wichteg Gespréicher allerdéngs schonn am Virfeld a fro gestallt. Dat kléngt net nëmmen no Erpressung dat ass Erpressung. A wann sech d‘EU-Kommissioun eppes net leeschte kann, ass et sech op esou „Spillercher“ anzeloossen. Dobäi huet d‘Unioun duerchaus och eng Verantwortung.

AnkaraD‘Tierkei huet eng zolidd Wirtschaftskris, an déi wierkt sech „feindséileg“ op d‘Flüchtlingen aus. D‘Tierke sinn och nëmme Mënschen an einfach Léisunge fir komplex Problemer gëtt et net. Säit Woche versicht Ankara sech dann och senge syresche Flüchtlingen op all erdenklech Aart a Weis ze entleedegen. D‘Berichter datt Ankara Flüchtlingen no Syrien deportéiert heefen sech.

Ufank August war et dann och zu Istanbul zu sougenannte „Säuberungsaktioune“ komm. 16.000 syresch Flüchtlingen, déi sech aus wirtschaftleche Grënn illegal an der Stad um Bosporus opgehalen hunn waren opgegraff ginn. 13.000 goufen zréck an déi hinnen zougewise Stied „gefouert“, 3.000 Flüchtlingen ouni Registréierung sollen an Opfanglager iwwerwise gi sinn. An elo?

mat indymedia/bru/tlv/ath

Ähnlech Sujeten Ankara, EU, Flüchltlingen, Griicheland, Recep Tayyip Erdogan, Syrien, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel