Search

You may also like

Gratulatioun: Vereedegung vu 4 Schäffen!
International Neiegkeeten

Gratulatioun: Vereedegung vu 4 Schäffen!

Nom ministerlesche Beschloss vum 10. Januar 2020 si gëschter Mëtteg

Si wëlle fir ee gudde Wahlsonndeg suergen
International Neiegkeeten

Si wëlle fir ee gudde Wahlsonndeg suergen

Gemengt ass hei den zentrale Regierungsbüro fir d‘Chamberwahlen (BCG), deen

Wann et ëm d’Sprooche geet, ass Lëtzebuerg top!
International Neiegkeeten

Wann et ëm d’Sprooche geet, ass Lëtzebuerg top!

Dat erginn d‘Zuele vun Eurostat: 83,7% vun de Lëtzebuerger Kanner

Ankara provozéiert, Paräis reagéiert

Sultan réit franséischem President de Geeschteszoustand iwwerpréiwen ze loossen

Ankara provozéiert, Paräis reagéiert

Well Paräis sech eng méi konsequent Virgoensweis géint de „radikalen Islam“ operluecht huet, dat nodeems dem Geschichtsproff Samuel Paty (47) op oppener Strooss de Kapp ofgeschnidde gouf an dës dot erwisenermoossen am Numm vun der Relioun vollbruecht gouf, huet de Recep Tayyip Erdogan et fir opportun gehalen, dem Emmanuel Macron seng Aussoen op de Leescht ze huelen.

Esou huet den tierkesche President an enger Ried op der Tëlee d‘Fro opgeworf: „Wat ass dat fir ee Problem, deen dës Persoun mam Numm Macron mat Moslemen an dem Islam huet?“ Eng gewollt Provokatioun, déi als Reaktioun op dem franséische President seng Aussoen ofziilt. De Sultan ass iwwerzeegt, datt den Emmanuel Macron et néideg hätt, säi Geeschteszoustand préiwen ze loossen.

Schon am Oktober hat de franséische President erkläert, datt hien den „islamistesche Separatismus“ bekämpfe wäert. E puer Deeg drop koum et dann zum hannerlëschtege Mord um Geschichtsproff, deen a sengem Cours d‘Meenungs- a Pressefräiheet behandelt huet. De Samuel Paty hat an dësem Cours Karikature gewisen, déi de Prophet Mohammed duerstellen. Dat gëllt als Blasphemie…

Der Diplomatie hir Grenzen

Frankräich huet zanter Jore Problemer mam radikalen Islamismus, an dës lescht Dot schéngt dann zur Drëps ginn ze sinn, déi d‘Faass zum iwwerlafe bruecht huet. Déi franséisch Police huet eng Rei Asätz ënnerholl, déi Mënschen an Associatioune viséiert hunn, déi maassgeeblech dem islamistesche Spektrum zougehéiereg sinn oder dësem ganz no stinn. Dat huet Ankara net gepasst.

D‘Ausso am Haff vun der Sorbonne, datt Frankräich net op Karikature verzichte wäert, wéi och d‘Erklärung, datt de Staat enger besser Opsiicht vun de Moschee wäert leeschten an et net méi wäert zougelooss ginn, datt Imamen am Ausland forméiert ginn, hunn dem Recep Tayyip Erdogan vill Spillraum gebueden, sech nees als Leader vun der „arabescher Communautéit“ ze offenbaren.

No dëser verbaler Attack vum tierkesche President, huet den Elysée säin Ambassadeur aus der Tierkei zeréckgeruff. Déi vum Recep Tayyip Erdogan benotzte Rhetorik wier inakzeptabel, huet e Vertrieder vun der franséischer Presidence erkläert. „Domm a Frech“ si keng Method an den tierkesche President sollt seng an allen Hisiichte geféierlech Haltung zäitno iwwerdenken.

Zwee wéi Feier a Waasser

Dem Sultan seng verbal Provokatioun kënnt allerdéngs net zoufälleg. Den tierkesche President, dee wuel kee radikalen Islamist ass, och wann hie ganz offensichtlech am Daesch-Fundus Kämpfer fir besonnesch Missiounen a Libyen, Syrien an elo och der Regioun Berg-Karabach rekrutéiert, huet sech virgeholl de Leadership vun der „arabescher Natioun“ ze iwwerhuelen. Op dat esou opgeet?

Net ze vergiessen, datt och am Kontext vun der Konfrontatioun am orientalesche Mëttelmier, oder dem diplomateschen Asaz am Libanon – wou de Recep Tayyip Erdogan säin Afloss wëll geltend maachen – d‘Situatioun eppes ugespaant ass. Mee och Afrika, wou sech Frankräich staark am Mali engagéiert, an natierlech de Krich tëscht Armenien an dem Aserbaidschan, spillen eng grouss Roll.

Elo wëll sech Frankräich ee Gesetz ginn, fir géint de Separatismus virzegoen. Eng Geleeënheet fir Ankara sech géintiwwer Saudiarabien an den Emirater ze positionéieren. Et geet hei dem Sultan ëm wäit méi wéi d‘Verdeedegung vun de Rechter vun der tierkescher Diaspora, et geet drëms déi moslemesch Communautéiten ze stäerken, hinnen och méi politesch Muecht am Ausland ze ginn.

Relioun a Politik: e geféierleche Cocktail

An dësem Kontext ass et wichteg ze verstoen, datt de Recep Tayyip Erdogan ëmmer schonn, e ganz besonnesche Bléck op d‘Tierken „am Ausland“ huet. Egal op déi sech an Europa, dem Balkan oder dem mëttleren Osten néiergelooss hunn. D‘Tierkei ënnerhält beispillsweis iwwert den Ëmwee vun der DITIB – Filial vum tierkesche Reliounspräsidium Diyanet – eege Moscheeën an Däitschland.

De Sultan huet zudeem ëmmer d‘Bedierfnes am Ausland grouss politesch Veranstaltungen ofzehale fir seng Muecht am Inland ze festegen. Sengem affichéierten expansionistesche Kurs huet bis ewell keen eppes entgéintgestallt. An och wann et eppes Ierger mam NATO-Partner gëtt, wëll dësen sech ee russesche Rakéiten Ofwiersystem vergënnt huet, kee schéngt et woen ze wëllen, hien ze stoppen.

Et stellt sech da mëttlerweil och d‘Fro, op d‘Diplomatie eleng, hei nach emol derzou féiere kann, datt sech Ankara nees an d‘Weltgemeinschaft agegliddert kritt. Méiglech ass natierlech och, datt eben dës Communautéit dem Sultan säin Dram vun neien osmanesche Räich net zerstéiere wëll. Woubäi et historesch Beispiller gëtt, déi däitlech maache wouhinner esou „Dreem“ féiere kënnen.

mat indymedia/par/tlv

Illustratioun: Bei eisen däitschen Noperen zielt déi tierkesch Communautéit ronn 3 Millioune Mënschen, déi mat enger iwwerwältegender Majoritéit de Recep Tayyip Erdogan gewielt hunn an och ganz oppen hannert hirem „Führer“ stinn. Mee och soss an Europa, stinn déi allermeeschten tierkesch Migranten hannert der Politik vun Ankara, a fir ee gréisseren Afloss vun der Relioun op d‘Politik an hire Wahlheemechten. © Bruno Neurath-Wilson / unsplash

Related topics Ankara, Diplomatie, Emmanuel Macron, Frankräich, Recep Tayyip Erdogan, Tierkei
Next post Previous post