Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vëlospist an Trottoir op der Passerelle „Al Bréck“gespaart
International Neiegkeeten

Vëlospist an Trottoir op der Passerelle „Al Bréck“gespaart

Wëll et nach net genuch Chantieren zu Lëtzebuerg ginn kënnt

Brasilien: Bandekrich am Prisong
International Neiegkeeten

Brasilien: Bandekrich am Prisong

Zum Gewaltausbroch am Prisong vun Altamira (Bundesstaat Pará) wier et

Israel: De Likud huet säin Här a Meeschter
International Neiegkeeten

Israel: De Likud huet säin Här a Meeschter

Datt deem wéinst Korruptioun ugeklote Premierminister säi „Stär“ nach ëmmer

Ankara ass vu sozialen Netzwierker net begeeschtert

Ankara ass vu sozialen Netzwierker net begeeschtert

De President vun der Tierkei, Recep Tayyip Erdogan, en ausgewisenen Demokrat mat engem Häerz fir d‘Presse- a Meenungsfräiheet, ass onzefridde mat de bestoende sozialen Netzwierker. Si hätten de groussen Nodeel vill ze vill onmoraleschen Inhalt unzebidden, an dat tierkescht Vollek kéint een deem esou net aussetzen.

NetzwierkerEsou huet Ankara dann och rezent ugekënnegt, datt d‘Regierung elo géif Moossnamen ergräifen, fir dës Netzwierker an der Tierkei verstäerkt op d‘Fanger ze kucken. Mee net nëmme Facebook oder Twitter sinn dem Recep Tayyip Erdogan op de Mo geschloen. An enger Videokonferenz mat de Vertrieder vu der Regierungspartei AKP huet hie statuéiert:

„Verstitt dir firwat mir géint sozial Medie wéi Twitter, YouTube oder Netflix sinn? Fir d‘Onmoral ze besäitegen“. Den Hannergrond fir dës Veriergerung huet den tierkesche President och zur Sprooch bruecht. Esou hält hie fest, datt seng Famill an dëse sozialen Netzwierker beleidegt gi wier, e Fait deen absolutt net hinzehuelen ass, firwat eppes muss geschéien.

NetzwierkerBeim „Virfall“ deen den tolerante Staatschef op d‘Palm gedriwwen huet, handelt et sech dorëms, datt op den Twitter-Post vum tierkesche Finanzminister Berat Albayrak, wou dësen d‘Gebuert vu sengem véierte Kand annoncéiert huet, nieft enger Majoritéit vu Gléckwënsch a soss positiven Tweets, och eng rei „Rabbelkäpp“ an d‘Tastatur geschloen hätten.

Et wiere Beleidegungen derbäi gewiescht, déi een esou net méi toleréiere kann. „Mir wëllen näischt esou eppes, dat passt net zur Natioun. Aus dësem Grond sollte mir dat mat an d‘Parlament huelen, wou dann entscheet gëtt, datt mir dës sozial Medie zukünfteg verstäerkt kontrolléieren oder se ganz aus dem Netz eraushuelen“, esou den tierkesche President.

NetzwierkerDer Vollstännegkeet hallwer dierf nach drop higewise ginn, dat dem Berat Albayrak seng Fra Esra, dem soss eigentlech ganz tolerante Recep Tayyip Erdogan seng Duechter ass. Dat huet dann och scho Konsequenzen: Laut den Autoritéite konnten eng Rei Auteure vun dëse béisen Tweets lokaliséiert ginn. Ganzer eelef Persounen si vun der Police verhaft ginn.

Elo dierften aner Mënschen, déi sech géifen animéiert fillen, beleidegend oder subversiv Remarken an de sozialen Netzwierker ze posten, et sech zweemol iwwerleeën. Ankara wäert alle Bierger elo nach emol erklären, datt den Internet kee rechtsfräie Raum ass, an datt d‘Meenungsfräiheet fir Leit an der Tierkei do ophält, wou de President et fir ubruecht hält.

NetzwierkerOb a wéi d‘Parlament elo wëll oder ka géint sozial Netzwierker an Videoplattforme virgoen – besonnesch Netflix huet sech beim Recep Tayyip Erdogan onbeléift gemaach – wou déi spirituell Wäerter vun der tierkescher Gesellschaft mat Féiss getrëppelt ginn, ass nach net gewosst. Vläicht setzen se sech mat China zesummen, déi hunn Erfarung domadder.

mat indymedia/tlv

Illustratioun: © Tarik Haigta / unsplash

Ähnlech Sujeten AKP, Ankara, Recep Tayyip Erdogan, Rechtsfräie Raum, Sozial Netzwierker, Tierkei, Zensur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel